Pollo Cacciatore

Poulet Cacciatore as eent italienischt Schmoorgeriischt, wat regional variiéiert. Et kann een Houhn oder Poulet hualen, datt ganzt Déier oder just Brost oder Been oder beides.

Watt all Variante gemeinsam han, as datt Fleesch zesaammen mat Knuawléck, Geméiss, Tomaten an Wéng geschmoort jëtt. Et muss een net unbedingt rugde Wéng hualen et kann o wäissen sen. Je no Regioun an Joereszéckt jiänn Bëschkooschelen, Ënnen, Oliven oder Gromperen na mat drënner gemëscht.

Virberredungszéckt: 30 Min.

Kooschzéckt: 100 Min.

Fir 6 Portiounen brauchst du?

  • 1 Poulet
  • 2 zedreckten Ziiwen Knuawléck
  • 2-3 EL Olivenualeg
  • 1 kleng gewürfelt Muurt
  • 1 kleng gewürfelt Ënn
  • 1 kleng gewürfelt Stang Zellerie mat Bläder
  • 2 Rosmarinäst
  • 125 ml rugde Weng
  • 0,5 L Tomatenzooss
  • 1 Bott gehackte Péitersillisch
  • Salz & Peffer

Wie jëtt gekooscht?

De Poulet zerdeelen, salzen an iwert Nait am Frigo durich zéien loossen.

Eng Pann op niddreg bis mëttel Hëtzt wiärmen, Olivenualeg dran maan an erwiärmen. De Poulet an den Knuawléck dran leen, en soll net brooden an o keng Faaref aanhualen. Den Deckel drop leen an 10 Min. kooschen loossen.

Fleesch driien an rem den Deckel drop an 10 Min. kooschen loossen.

Datt kleng geschniddend Geméiss driwer verdeelen, Deckel drop an 10 Min. kooschen loossen.

Alles goud vermëschen, Deckel drop an 10 Min. kooschen loossen.

De Rosmarin dobäi jiänn an de Wéng drop schëdden. 10 Min. mat Deckel an 10 Min. ouni Deckel kooschen loossen. Wëlls du keen Wéng hualen, dann kanns du en durich Houhnerbréit ersetzen, pass dann just op mam salzen.

Tomatenzooss drop schëdden alles goud vermëschen an mat Deckel 20 Min. kooschen loossen.

Schmaaschen an würzen.

De Péitersillich drënner mëschen an na eng kéier 10 Min. mat Deckel kooschen loossen.

Has du lo net die Zéckt fir all 10 min. dono ze kucken, kanns du o noom aanschweessen vam Fleesch, de Wéng drop schëdden an deen bëssen ankooschen loossen. Dann Geméiss, Tomatenzooss an Gewürzer alles goud vermëschen an mat Deckel 1,5 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen loossen. De Péitersillich rischt zum Schluss ënnermëschen.

Pollo Cacciatore

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*