Knuawlécks Pasta an enger Kiiszooss

An mengem Artikel van hokt beschreiwen ech dir wie ech meng „mac and cheese“ maan. Dofir mussen mir äwer firtischt mol schwätzen. O wann deen angeblichen Klassiker aus den USA, ursprünglich aus Europa kënnt, kann ech mech net domatt anfrënnen datt Cheddar dran gemaat jiët. Fir mech ass Cheddar keen Kiiss, ech weess datt klengt Kontrovers, äwer ech sen iwerzeecht, datt et suvill mi jiët wie deen orangfaarwigen Kiiss. Ech han villäicht o na keen Cheddar fonnt deen mir schmëscht. Hokt beschreiwen ech dir watt ech mir ënner engem gouden Pasta-Kiiss-Gratin virtstellen.

Stell dir vir, fein Pasta, emhëllt van enger crémiger Knuawelekskiisszooss mat Gruyère an Parmesan, 2 Kiiszorten, déi net nëmmen no Kiiss, mais o no purem Genoss schmaaschen! De Parmesan mat senger salziger Eleganz an den Gruyère mat sengem nossig-séisslichen Aroma brengt alles op deen nächsten Level. Dëst Rezept vereent, dësen Klassiker mat engem Hauch Raffinesse an iwerzeecht o déi mi aanspooschsvoll Genéisser.

All Ässen fängt mat Gruussartigen Zutaten aan

  • Parmesan: De Kinik vam Kiiss! Seng salzig Würzigkeet an die grimmelig Textur maan hän zur perfekter Basis fir eng intensiv Kiisszooss. Paremsan brengt deen Umami-Kick, deen all Forschette zu engem Erliäfnis mëcht.
  • Gruyère: deen eleganten Partner vam Parmesan. Mat sengem nossig-séissen Aroma an dodruich datt een goud schmëlzt brengt hän eng luxuriös Crèmigkeet mat.
  • Knuawelek: een Muss fir all herzhaften Menü, en ronnt perfekt den Goût van deen 2 Kiisszorten aaf ouni dominant ze sen.

Natiirlich brausch ech o na anner Zutaten wie, Botter an Miähl, fir d’Béchamelzooss. Pasta duaref natiirleich o net fehlen, watt fir eng Zort datts du do hëlls ass eigentlich egal, hual deng Lieblingszort. Maccheroni, Penne oder Rigatoni hualen Zooss natiirlich ganz goud op. Gewürzer an watt ech na jiären an eng Kiisszoss maan ass Mostert, een klengen Kick, deen keen erwaard, äwer jidfereen jären hat.

Zoubereedung

De Knuawelek schälen ech an hacken en fein.

An engem waarmen Dëppen loossen ech op mëttel Hëtzt de Botter schmëlzen, do drann booden ech den Knuawelek kuurz aan. Subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref krëtt. Dësen Roux setzen ech op Segt an loossen en aafkéilen.

An engem anneren Dëppen erhëtzen ech d’Mëlich. Pass äwer op datt se sir net iwerkooscht an net verbrennt. Die waarem Mëlich schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. D’Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt auskooschen. Dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.

Als nächst setzen ech eent Dëppen goud gesalzent Waasser op an kooschen Pasta do dran no Packaanweiung al dente.

Iwerdeems Zooss auskooscht würzen ech se mat Salz, Peffer, Mostert an Muskot. No an no mëschen ech die 2 Kiiszorten drënner an loossen se komplett schmëlzen.

Pasta schëdden ech aaf, lossen se goud aadrëpsen en mëschen se ënner Zooss.

Ganréiren kanns du dës Nuddelen na mat bëssen Bratzelen oder Péitersilich.

Natiirlich kanns du dës Pasta o am Schiäffchen iwerbaaschen, haal Zooss dann äwer bëssen mi flëssig well d’Nuddelen baal al Flëssigkeet opsuckelen.

Firwatt hat Chreddar an menger Pasta näist ze séichen?

Fir mëch ass Cheddar ze… soen mir mol gewéinlich. En schmëlzt zwar goud, äwer wu bleift den Goût an d’Finesse? Parmesan an Gruyère brengen Charakter, Goût an Eleganz, genau datt watt eng goud Kiisszooss verdéint.

Tipps fir Varianten

  • Fir während dem Iwerbaaschen na zousätzlich Knuspereffekt ze kreien kanns du bëssen Panéiermiähl oder mat Rosmarin aromatiséiert Panéiermiähl driwer streien.
  • Fir all Fleeschliebhaber, passen gebrooden Speck- oder Hammwürfel.
  • An fir deen extra Kick, bëssen Chilipolwer oder gereechert Paprikapolwer ënnermëschen.

Een Menü deen einfasch zouzebreeden ass an weist wie wichtig hiiwiärtig Zutaten sen. Mat all Maufel schmëchst du die nossig, würzig Aromen vam Kiiss, déi durich den Muskot, de Mostert an den Knuawelek perfekt aafgeronnt jiän.

Knuawlécks Pasta an enger Kiiszooss

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 4 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 40 g Botter

  • 40 g Miähl

  • 500 g Mëlich

  • 250 g Pasta, (Maccheroni, Penne, Rigatoni…)

  • 100 g Paremsan, geriwen

  • 150 g Gruyère, geriwen

  • 1 TL Dijon-Mostet

  • Salz & Peffer

  • Muskot

  • Optional: fir ze iwerbaaschen 50 g Panéiermiähl vermëscht mat 1 TL Rosmarin

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen loossen ech op mëttel Hëtzt de Botter schmëlzen, do drann booden ech den Knuawelek kuurz aan. Subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref krëtt. Dësen Roux setzen ech op Segt an loossen en aafkéilen.
  • An engem anneren Dëppen erhëtzen ech d’Mëlich. Pass äwer op datt se sir net iwerkooscht an net verbrennt. Die waarem Mëlich schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. D’Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt auskooschen. Dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.
  • Als nächst setzen ech eent Dëppen goud gesalzent Waasser op an kooschen Pasta do dran no Packaanweiung al dente.
  • Iwerdeems Zooss auskooscht würzen ech se mat Salz, Peffer, Mostert an Muskot. No an no mëschen ech die 2 Kiiszorten drënner an loossen se komplett schmëlzen.
  • Pasta schëdden ech aaf, lossen se goud aadrëpsen en mëschen se ënner Zooss.
  • Ganréiren kanns du dës Nuddelen na mat bëssen Bratzelen oder Péitersilich.
  • Fir ze iwerbaaschen, den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt virwiärmen, d’Panéiermiähl iwert den Nuddelen verdeelen, paar Botterflocken drop setzen an ongeféier 20 Min. iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*