Mediterrant Geméiss mat Wuuscht

Heinsdo probéiert een jätt an et wees een net genau watt dobäi raus kënnt. Hei ass eent Rezept datt’s du ganz dengem Geschmaasch aanpassen kanns. Bei mir mat Gromperen, Paprika, Gourgetten, Muurten, Ënnen, Knauwléck an Wuuscht. Frësch Zutaten an eng einfasch Zoubereedung steht hei am Mëttelpunkt.

Zutaten fir mengt mediterrant Geméiss mat Wuuscht

Hey, Frënn vam gouden Geschmaasch, befir’s du ant Këchen sprengs, steht een kuurzen Besusch om Maart aan. Van do brengen ech mir festkooschend Gromperen mat, fir deem ganzen een sching Faaref ze jänn, hualen ech Muurten, Gourgetten, jällen an rugend Paprika mat. An menger Spënchen han ech ëmmer Salz, Peffer, Ënnen an Knuawléck, an bei menger Mamm am Gaart han ech die ganz Krégder stoen déi ech brausch, frëschen Péitersilich, frëschen Oregano, frëschen Rosmarin an frëschen Thymian. An dann brausch ech na Wuuscht, wie z.B. Chorizo, Wiischtercher oder Mettwuuscht an Mozzarella.

Ausserdeem brausch ech eng Mandoline, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng feierfest Form, Sëlverpapeier an paar Schosselen.

Zoubeeedung

Gougretten an den Paprika wäschen ech grëndlich. Gougretten schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen oder wann se ze déck ass, halbéiren ech se längs an schnégden su op der Mandoline an dënn Halefscheiwen. De Paprika entkären ech an ech schnégden en an kleng Würfelen. D’Muurten schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Ronselen. An d’Gromperen wäschen ech, déi schiälen ech äwer net an o déi schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen. Datt leen ech alles an eng gruus Schossel.

Den Péitersilich, Rosmarin, Thymian an Oregano wäschen ech an strëppen alles, datt hacken ech alles ganz fein. De Knuwléck schiälen ech an zerreiwen en mat bëssen Salz zu enger feiner Past. Datt vermëschen ech mat bëssen Olivenualeg an enger Schossel.

D’Ënnen schiälen ech, dann halbéiren ech se, schnégden d’Wuurzel raus an schnégden se dann an dënn Streifen. D’Wuuscht schnégden ech an Ronselen.

Dann wiärmen ech den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

An enger waarmer Pann, erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran D’Wuuscht all rondrëm kräftig aan, do mëschen ech dann d’Ënnen drënner an brooden déi mat aan bis se sching brong karamelsiséiert sen. Datt mëschen ech ënnert Geméiss. Datt Ganzt würzen ech mat Salz, Peffer an dem Olivenualeg mat den Krégder an Knuawléck.

Mein ursprünglichen Plang wor eenzel Päckercher entweeder mat Baaschpapaier oder Sëlwerpapeier ze maan, an déi dann su ze schmoren, well et äwer zimlich vill wor han ech mech entscheed alles an eng feierfest Form ze fëllen déi ech mat Sëlwerpapeier zougedeckt han an dann fir ongeféier 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen gestallt han.

Iwerdeems d’Geméiss am Schiäffchen steht han ech den Mozzarella an Scheiwen geschnidden. No der Stonn hualen ech den Sëlwerpapeier raaf, verdeelen den Mozzarella driwer an setzen datt Ganzt na eng kéier fir 20 Min. bis 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis den Kiiss sching goldbrong ass.

Datt ech d’Ënnen mat brooden hat deen Grond, et brengt zousätzlichen Aroma an dësen Gratin, zemools wann se karameliséiert sen, harmonéiert deen séissen Zwibbelartigen Geschmaasch goud mat all deen anneren Aromen vam Geméiss.

Solls du dech dozou entscheeden eenzel Päckercher ze maan, ass déi Variant jätt fir op den Grill. Dodurich datt alles am eegene Saaft schmort an die ganz Aromen sech su mateneen vermëschen, zousätlich dann na den Raucharoma vam Grill kann datt nëmmen köstlich jänn.

Tipps

  1. Van Geméiss kanns du hualen watt dir am besten schmëscht. Z.B. eng Mëschung aus Chouxfleurs, Broccoli, Muurten an Gourgetten schmëscht ganz sëcher o goud.
  2. Wëlls du mi een provenzialischen Touch, kanns du Tomaten an Auberginen drënner mëschen an datt Ganzt mat Krégder aus der Provence mëschen.
  3. Fir bëssen mi Feier an datt Ganzt ze kreien kanns du zousätzlich eng fein gehackten Chilischot an bëssen Paprikapolwer ënnermëschen.

Mediterrant Geméiss mat Wuuscht

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 4 mëttlegruus festkooschend Gromperen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 Gougrette, an dënn Schiewen geschnidden

  • 1 rugd Paprika, kleng gewürfelt

  • 1 jiäll Paprika, kleng gewürfelt

  • 2 Muurten, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawléck, zerriwen

  • 1 EL frëschen Rosmarin, fein gehackt

  • 1 EL frëschen Thymian, fein gehackt

  • 1 EL frëschen Oregano, fein gehackt

  • 1 L frëschen Péitersilich, fein gehackt

  • 4-5 EL Olivenualeg

  • 1-2 Boullen Mozzarella

  • Salz

  • Peffer

  • Optional: 4 Wuuschten, an Scheiwen geschnidden (Chorizo, Mettwuuscht oder Wiischtercher)

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech Krégder, Salz, Peffer, de Knuawléck mam Olivenualeg.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Wuuscht kräftig aan, dann mëschen ech d’Ënnen drënner an loossen se sching brong karamelséiren.
  • An enger gruusser Schossel mëschen ech datt Ganzt Geméiss, mat der gebroodener Wuuscht an den Ënnen, do schëdden ech den Olivenauleg mat den Krégder an Knuawléck driwer, vermëschen alles goud mateneen an fëllen et an eng feierfest Form.
  • D’Form decken ech mat Sëlwerpapeier fest zou an setzen se fir ongeféier 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • No der Stonn hualen ech den Sëlwerpapeier raaf an verdeelen den Mozzarella driwer, su setzen ech datt Ganzt na eng kéier fir 20 Min. bis 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss sching goldbrong ass.

Notiz

  • Kontrolléier op d’Geméiss mëll ass, all Schiäffchen schafft annëcht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*