Paprikàs Csirke

Paprikàs Csirke – ungarischt Paprikahouhn, ass eent herzhaft an aromatischt Ässen, datt déif an der ungarischer Ässkultur verwuurzelt ass. Et kombinéiert zarten Poulet oder Houhn an enger crémiger, aromatischer Paprikazooss.

D’Geschicht vam Paprikàs Csirke reecht zeréck bis ant 18te Joerhonnert an ass enk mat der ungarischer Leidenschaft fir Paprika verbonnen, déi sech ségt der Anféihrung van der Planz an Europa am 16ten Joerhonnert, entwéckelt hat. Dëst Ässen ass eent Symbol van der ungarischer Gastfrëndlichkeet an Kooschkonst an brengt die reich, herzhaft Aromen vam Land op dein Teller.

Zutaten fir Paprikàs Csirke

Aus dem Buttik brengen ech mir een Poulet oder eent Houhn mat, am besten well vam Metzler an mi kleng Stécker zerdeelt. Ausserdeem brausch ech Paprika, datt kann rugden, gréinen, jiällen oder die 3 Zorten gemëscht sen. Zousätzlich brausch ech na eng rugt Chilischhot, Olivenualeg, Salz, Peffer, Paprikapolwer, Zitrounensaaft an Oregano, paar Ënnen an Knuawléck, suwie Botterschmalz, Miähl, Houhnerbréit oder Geméisbréit, Sauerrahm an fir Garnitur Péitersilich.

Wëlls du eng vegetarisch Versioun van dësem Menü maan kanns du dir am platz vam Fleesch, Kicheriärbessen an fir den Umamigeschmaasch ze ënnerstreichen Kooschelen matbrengen.

Zoubereedung

De Poulet zerdeelen ech an kleng Stécker, du kanns o Pouletfilet hualen fir deen besten Gescgmaasch soll et äwer Poulet mat Hogt an Schank sen. Chilischot wäschen ech grëndlich, halbéiren se längs an entkären se, déi schnégden ech kleng. An enger Schossel mëschen ech 3-4 EL Olivenualeg, Chilischot, Salz, Peffer, Paprikapolwer, Oregano an Zitrounensaaft, do leen ech d’Flesch dran an vermëschen alles goud. Zougedeckt setzen ech datt Ganzt fir ongeféier 2 Stonnen an den Frigo, am besten ass et natiirlech ëmmer iwert Nait. D’Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.

Dann schiälen ech d’Ënnen an den Knuawléck an hacken alles fein. De Paprika, wäschen ech grëndlich, hualen Kären raus an schnégden den Paprika an dënn Streifen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, an brooden all rondrëm d’Flesch goldbrong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan, an loossen se karameliséiren. Subal déi sching brong sen mëschen ech de Knuawléck drënner, wann deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Paprika drënner, an loossen datt Ganzt op mëttel Hëtzt brong aanbrooden. Datt hëllt Zéckt an aansproosch, du jëss äwer mat engem onvergläichlischen Geschmaasch belungt. Dann stëppsem ech datt Ganzt mat bëssen Miähl an an réisteren datt liit mat.

Driien Hëtzt rop an schëdden d’Bréit drop, ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Als nächst leen ech d’Fleesch rëm dran an op niddriger Hëtzt loossen ech alles ongeféier 30 Min. bis 35 Min. kooschen. Iwerdeems schmaaschen an op den Punkt würzen.

Zum Schluss mëschen ech d’Saurrahm drënner an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren. Viraam zervéiren streien ech bëssen gehackten Péitersilich driwer.

Fir die vegetarisch Variant, Kicheriärbessen iwert Nait wässeren, du kanns well direkt 1 TL Salz mat ënnert Waasser mëschen, datt spaars du hanneno beim würzen. Kicheriärbessen an liit gesalzenem Waasser mëll kooschen, déi brauschen ongeféier 1,5 Stonnen bis 2 Stonnen, alternativ kanns du natiirlech Kicheriärbessen aus der Bëchs hualen. Geméiss jëtt su geschnidden wie uawen beschriwen. Kooschelen an véirel schnégden an eenzel am waarmen Botter oder Olivenualeg brong aanbrooden, raus hualen an zum Schluss mat den Kicheriärbessen rëm drënner mëschen. Geméiss jëtt su gebrooden wie uawen beschriwen, Chilischot just ënnert den Paprika mëschen an mat brooden. Mat Miähl anstëppsen an Geméissbréit drop schëdden, ënner stännigem réiren opkooschen loossen, dann Kicheriärbessen an Kooschelen drënner mëschen an ongeféier 20 Min. op niddirger Hëtzt kooschen loossen. Dann wie uawen beschriwen Sauerrahm ënnermëschen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Tipps

  1. Du kanns dësen Eintopf o mat 400 ml Pelati an just 200 ml Bréit kooschen, Zooss jëtt dann mi donkel an krëtt na zousätzlichen Geschmaasch.
  2. Wanns du keng Hohunerbréit has kanns du natiirlech Geméissbréit hualen.
  3. Den Geschmaasch jëtt mi intensiv wanns du den Eintopf mi lang kooschen liiss.
  4. Bei den Kooschelen has du natiirlich d’Wiäll, du kanns Champignon hualen oder all anner Zort déi dir schmëscht, oder ganz einfasch eng Mëschung.

Du has keng Geméissbréit, déi kanns du ganz einfasch mat menger Geméisspast zoubereeden, 2 TL bis 3 TL an 500 ml waarmem Waasser opliiesen, an du has eng aromatisch Geméissbréit frei van Zousätz.

Beilaagen

Wanns du dir lo Froosch stells watts du dobäi kooschen kanns, ech han Gromperen aus dem Schiäffchen dobai gemaat, äwer just mat Salz an Peffer gewürzt. Dann passt na Reis oder Nockerl (ungarisch Spätzle), gebrooden Gromperen, Gromperenpürée, déi einfasch Salzgromper as o ëmmer eng goud Optioun, déis du iwrigens o mat am Eintopf kooschen kanns, su spars du dir zousätzlich Spoul.

Paprikàs Csirke

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten
Marinéierzéckt

12

Stonnen

Zutaten

  • 1 ganzen Poulet, an kleng Stécker zerdeelt

  • 1 rugd Chilischot, entkärt an kleng geschnidden

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 2 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 2 TL Paprikapolwer

  • 1 EL gedrëchenten Oregano

  • 3 Paprika (gréin, jiäll, rugd) entkärt an dënn Streifen geschnidden

  • 3 Ënnen gehackt

  • 4 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 EL Botterschmalz

  • 2 EL Miähl

  • 500 ml Houhnerbréit

  • 200 g Sauerrahm

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech den Olivenualeg, Zitrounensaaft, Chilischot, Salz, Peffer, Paprikapolwer an Oregano, do leen ech d’Fleesch dran an setzen et op mannst 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo. Am besten iwert Nait.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech den Botterschmalz a brooden Fleesch all rondrëm goldbrong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan an loossen se karameliséieren, wann déi sching goldbrong sen mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen afänkt mat rauschen mëschen ech den Paprika drënner, datt loossen ech op mëttel Hëtzt brooden bis alles Faaref hat.
  • Als nächst stëppsen ech Geméiss mat Miähl an, réisteren datt kuurz mat aan, an schëdden dann Bréit drop, ënner stännigem réiren loossen ech datt Ganzt opkooschen.
  • Dann leen ech d’Fleesch rëm dran, driien Hëtzt raaf an loossen datt Ganzt ongeféier 30 Min. bis 35 Min. kooschen.
  • Zum Schluss mëschen ech d’Sauerrahm drënner an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren. Viraam zervéiren streien ech gehackten Péitersilich driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*