Wann mir aan italienisch Pasta-Klassiker denken, kommen engem direkt Carbonara, Bolognese oder Cacio e pepe an den Sënn. An Süditalien jiët et äwwr eng Pasta, déi genausu goud an einfasch ass! Pasta e Cavolfiore, eng rustikal Kombinatioun aus Choufleurs, Knuawelek, Olivenualig an Pecorino.
Eent Rezept datt sein Urspong an Kampanien hat, genau gesoot aus Neapel kënnt, wu Pasta dachs mat Geméiss kombinéiert jiët, fir su herzhaft an onkomplizéiert Ässen zouzebreeden. Watt ech do draan jiären han? Et ass eent typischt „Cucina povera“-Ässen, einfasch, gënstig, an trotzdem voll Goût. De Choufleurs jiët direkt mat der Pasta gekooscht, su datt en sech liit zerklengern lisst an datt Pasta die ganz Aromen ophualen kann. Dozou kommen dann na Peproncino fir eng fein Schiäreft an Pecorino fir deen perfekten finish. Getopp han ech datt Ganzt dann mat engem geréisterten Crumble aus Choufleurs, Panéiermiähl, Knuawelek an Péitersilich.

Pasts e Cavolfiore, Zutaten an Zoubereedung
1. Fir den Crumble
Dofir hualen ech 2 bis 3 Ruusen vam Choufleur déi ech ganz fein hacken, déi mëschen ech mat bëssen Panéiermiähl an Knuawelek. An enger waarmer Pann op niddirger Hëtzt, erhëtzen ech bëssen Olivenualig. do schëdden ech meng Mëschung dran an réisteren datt aan bis et sching godbrong ass. Wichtig ass hei, dobäi stoen bleiwen an mat der Hëtz spillen, et sen alles Zutaten déi ganz siier verbennen. Wann datt alles goldbrong ass, zéihen ech Pann van der Plaque an mëschen dann rischt den Péitersilich ënnert deen waarmen Crumble.

2. Pasta an Choufleurs zesaammen kooschen
Dodurich datt Choufleurs an Pasta an engem Dëppen gekooscht jiët, hëllt Pasta deen mëllen Goût vam Choufleur op.
De Choufleurs zerdeelen ech dofir an kleng Ruussen. Zur gläicher Zékt han ech well eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opgesatt. Subal d’Waasser kooscht schëdden ech den Choufleurs dran an loossen deen op mannst 5 Min. kooschen. Rischt dann mëschen ech d’Nuddelen drënner an kooschen déi no Packaaweisung al dente. Dodurich ersparen ech mir een wegderen Schratt an Spoul.
TIPP aus menger Këchen: kuurz är d’Pasta gar ass, hualen ech eng Tass voll Nuddelwaasser aus dem Dëppen, fir hanneno ënner ze mëschen, sollt d’Pasta ze drëchen sen.

3. Basis fir den Aroma
Iwerdeems den Choufleurs an d’Nuddelen kooschen, erhëtzen ech an enger waarmer Pann op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg. Do mëschen ech fein gehackten Knuawelek, an optional fein gehackten Anchoisfilet drënner an brooden datt gemellig aan. D’Anchoisfielt liiesen sech während dem brooden op an hannerloossen een herrlich würzigen Goût. Falls du skeptisch bass, probéier et einfasch aus, du wärts iwerrascht sen.

Dann mëschen ech na fein gehackten an entkärten Peperoncino drënner. Alternativ kanns du o gedrëchent Chiliflocken hualen. Datt brooden ech alles op niddirg bis mëttel Hëtzt aan, su datt sech een herrlichen Geroosch an denger Këchen verbreet.
4. Pasta an Choufleurs ënnert „Zooss“ mëschen.
Subal d’Nuddelen al dente sen schëdden ech alles aaf an schëdden d’Nuddelen mam Choufleurs an d’Pann. Mat enger Forschette zerdrecken ech den Choufleurs, su datt en sech mat der Pasta verbënnt. Su entsteht eng Basis fir Zooss. Falls dir datt Ganzt ze drëchen erschengt, schëdd d’Nuddelwaasser dobäi.
Dann mëschen ech na den Pecorini drënner an vermëschen alles su lang bis den Kiiss geschmolz ass, mat Salz an Päffer aafschmaaschen.
Wie zervéiren ech datt Ganzt?
Ech empfehlen, Pasta e Cavolfiore direkt waarem ze zervéiren, getoppt mam Crumble an evtl.an bëssen frësch geriwenem Pecorino. Durich d’Mëschen vam Nuddelwaasser an dem Pecorino entsteht eng crèmig Emulsioun, déi äwer doruich datt Nuddeln an hei o den Choufleurs, déi alles ophualen, ganz siier hiren Zauber verléiert. Dofir net ze lang waarden mam zervéiren.

Watt ass su goud aan dësem Rezept?
- et ass eent Rezept datt siier gekooscht ass
- mat nëmmen paar Zutaten krëss du deen maximalen Goût.
- Eent traditionellt Rezept aus der „Cucina povera“.
- Pasta ass würzig & herzhaft.
Variatiounen an perséinlich Tipps.
Fir mi een séissen an nossigen Goût kanns du Korinten an geréistert Pinenkären drënner mëschen
Bei enger vegetarischer Variant, einfasch d’Anchoisfilet fort loossen an bëssen mi Pecorino oder geréistert Walnëss ënnermëschen.
Sollt Pasta dir net crémig genou sen, einfasch bëssen Schmand oder Mëlich drënner mëschen.
Fazit
Dës Pasta beweist, datt d’Kooschkonst net komplizéiert sen muss. Paar einfasch Zutaten, eng einfasch Zoubereedung an du krëss eng Pasta déi würzig an herzhaft ass.
Probéier et aus an schreif mir wie et dir geschmaascht hat! Wanns du eng eegen Pasta e cavolfiore zoubereets, deel den Kreatioun ënnert dem #beijosiane, ech freie mech ze sehen watts du doraus gemaat has.
Pasta e Cavolfiore
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Minuten15
MinutenZutaten
400 g Pasta (am besten Mezzi Rigatoni, Casarecce oder Orecchietta) Typisch Zorten, déi Zooss goud ophualen
1 klenge Choufleurs, ca, 500 g
Olivenualig
3 Ziiwen Knuawelek
optional: 2 Anchoisfilet, fein gehackt
1 frësch Peperoncini, entkärt an fein gehackt oder 1 TL gedrëchent Chiliflocken
60 g Pecorino, frësch geriwen
Salz, no Goût
schwarze Päffer, no Goût
- Fir den Crumble
2-3 Choufleursruusen, fein gehackt
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
2-3 EL Panéiermiähl
2 EL Péitersilich, gehackt
Zoubereedung
- Fir den Crumble
- Als ischt bereeden ech den Crumble zou, do soll een bëssen oppassen soss ass en verbrannt.
- Dofir erhëtzen ech an enger waarmer Pann op niddirger Hëtzt bëssen Olivenualeg, dann mëschen ech den Choufleurs, de Knuawelek an d’Panéiermiähl drënner, an réisteren datt Ganzt goldbrong aan. Subal alles goldbrong ass, zéien ech d’Pann van der Plaque an mëschen dann rischt den Péitersilich drënner.
- Fir d’Pasta
- Ech setzen eent gruust Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht schëdden ech den Choufleurs dran an loossen deen goud 5 Min. kooschen. Als nächst schëdden ech d’Nuddelen dobäi kooschen déi no Packaaweisung al dente. Kuurz viraan Schluss van der Kooschzékt hualen ech eng Tass Nuddelwaasser aus dem Dëppen, fir haneno bëssen ze längen.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran gemellig den Knuawelek, optional d’Anchoisfilet an de Peperoncino oder d’Chiliflocken aan, bis sech deen gouden Geroosch an der ganzer Këchen verdeelt.
- De Choufleurs mat de Nuddelen schëdden ech aaf an schëdden datt an die waarem Pann, vermëschen alles goud mateneen an met enger Forschette zerdrecken ech den Choufleurs liit, fir datt en sech besser mat den Nuddelen verbënnt.
- Sollt datt Ganzt ze drëchen sen, schëdden ech d’Nuddelwaasser dobäi. Dann mëschen ech na den Pecorino drënner goud vermëschen bis den Kiiss geschmolz ass.
- Pasta vedeelen ech op Telleren an streien den Crumble driwer, waarem zervéiren.