Patatas Bravas

Dës Gromperen han sech an d’Welt van deen spanischen Tapas geschlasch. Gromperen jiänn am Schiäffchen baussen knusperig an bannen mëll. Zervéiert mat enger hausgemaaten Aioli, Guacamole, oder enger scharefer Tomatenzooss as et deen perfekten Snack. Sie sen äwer net nëmmen goud als Snack, als Entrée oder als Beilaag passen se bei baal alles.

Et as een einfaschen beléiften an bëlligen Snack deen ausserdeem mi gesond as wie Fritten, well se net am Fett gebaaschen jiänn.

Watt sen Tapas?

Tapas sen kleng Snacken, déi beim Gedrénks zervéiert jiänn. Su wie een bei eis eent Dëppchen Nëss krëtt, jiänn an Spanien Tapas zervéiert. Dobäi kann een Tapas als Entrée zervéieren, als Beilaag oder sugar als Hauptplat. Ganz beléift Tapas sen niäwent den Patatas Bravas: Paëlla, Gromperentortilla, Kroketten, Kalamari, Ham, Kiiss, Oliven, Pimento… All Tapas-Bar an Spanien hat eng ganz indivduell Auswiäll.

Watt sen Patatas Bravas?

Patatas Bravas sen: knusperig Gromperen aus dem Schiäffchen. Ursprünglich stammen Patatas Bravas aus Madrid an sie sen bal ëmmer die ischt Wiäll wann et an Spanien em Tapas geht. Je no Regioun jiänn et o bei den Patatas Bravas verschidden Zoubereedungen. Form van den Gromperen, de Geschmaasch an Konsitenz van der Tomatenzooss, sen net a Steen gemeeselt su datt eent Rezept variéiren kann.

Aus watt bestinn Patatas Bravas?

  • geréistert Gromperen: Gromperenwürfel jiänn virgekooscht, dann mat bëssen Olivenualeg, Salz an Peffer gebaasch. Fir datt Gromperen su richtig knusperig jiänn, jëtt bëssen Baaschpolwer mat gekooscht.
  • Tomatenzooss: o Slasa Brava genannt, sie as su richtig rugd, würzig an scharef, watt o den Naam erklärt. Deemno wie scharef datts du se wëlls, kanns du mi oder manner Chili dran maan.
  • Natiirlech kann een o eng hausgemaaten Aioli oder Guacamole dobäi zervéieren.

Firwatt Baaschpolwer bei Gromperen?

Baaschpolwer suarigt dofir, datt Stärke aus der Gromper austrëtt. Stärke jëtt dann mam Waasser gebonnen an et entsteht eng Art Panade ronderëm Gromper, déi dofir suarigt datt Gromper beim baaschen knusperig jëtt.

Wie jiänn Patatas Bravas gemaat?

– Patatas Bravas

Gromperen schiälen, an mondgerecht Stécker schnégden. An engem Dëppen mat kaalem Salzwaaser an Baaschpolwer opkooschen loossen, dann 5-7 Min. kooschen loossen. Aafschëdden an zereck an Dëppen tippen, kuurz ausdämpen loossen. Bëssen Olivenualeg drop schëdden, Salz an Peffer, den Deckel op Dëppen an goud rëselen su datt sech alles vermëscht. Du kanns se natiirlech o an enger Schossel mëschen, ech spoulen just net jiären 😉 .

Dann jiänn se op eeng waarem Baaschplaque verdeelt, hei oppassen datt se net openeen leien.

Bei 220°C jiänn se dann ongeféier 45 Min. gebaasch. Krégder jiff ech net dobäi maan, durich die hii Hëtzt am Schiäffchen verbrennen déi.

– Tomatenzooss

An deen meesten Rezepter déi ech liäsen, jëtt ëmmer mat Zocker geschafft wann et drëm geht eng Tomatenzooss ze kooschen. Deen eenzigen Virdeel deens du dovaan has, et geht mi siier. Datt as et dann äwer well.

Mir ässen suvill verstoppten Zocker, dann maan ech mir o d’Aarbicht an kooschen eng Tomatenzooss ouni Zocker. Net nëmmen datt se mi gesond as, sie schmëcht o besser. An datt Rezept, einfasch na bëssen Chili mat dran maan, sie soll goud scharef jiänn.

Zéckt as Aroma

Patatas Bravas

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen

  • 1 TL Baaschpolwer

  • Salz & Peffer

  • 2-3 EL Olivenualeg

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 220°C virwiärmen. Baaschplaque mat dran setzen.
  • Gromperen schiälen, an mondgerecht Stécker schnégden.
  • Mat kaalem Salzwaasser an Baaschpolwer opsetzen, subaal Gromperen kooschen, 5-7 Min. kooschen loossen.
  • Gromperen aafschëdden, zereck ant Dëppen an kuurz ausdämpen loossen.
  • Olivenualeg, Salz an Peffer dobäi jiän, Deckel drop an goud rëselen fir alles ze vermëschen, du kanns datt natiirlech o an enger Schossel maan.
  • Op der waarmer Baaschplaque verdeelen, su datt se net openeen leien.
  • Ongeféier 45 Min. baaschen.
  • Tomatenzooss hei na bëssen Chili mat ant Zooss mëschen, sie soll goud scharef jiänn.
    Aioli oder/an Guacamole dobäi zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*