Vill Virspeisen klappen net well et aam Goût lekt, mee aan der Absicht dohanner. Zevill Komponenten, zevill Drock, fir jiät „Besonniges“ ze maan. Su land een ganz siier bei enger Kombinatioun déi om Papeier interessant ass, äwer soss net vill brengt.
Bei dësen Cubs jieet et ëm, jiät Kéihles, Einfasches, datt een den Summer op den Dësch stellt an jidfereen direkt versteht. Keen Konzeptässen. Keen „Twist“. Einfasch goud Produkter proper beineen gestallt.

Ech han d’Piisch an dënn Spalten geschnidden an déi an enger Schossel mam Zitrounensaaft vermësch. D’Hamm han ech an breet Sträifen geschnidden. De Mozzarella han ech goud aafdrëpsen geloss an en mat Këchenpapeier liit drëchen getuppt. Well ech keen Fan vam Rucola sen han ech Mausiierchen gehollt, deen gewäsch an an der Zalootenschläider gedrëchent.
Als nächst han ech Piischen aafgeschott an den Zitrounensaaft goud aafdrëpsen geloss. An enger Schossel han ech dann Piischen, den Olivenualig an dem Mausiierchen vermëschen bëssen an Gläser gefëllt, dann bëssen Ham, dann de Mozzarella drop geleit, dann rem bëssen Ham an aafgeschloss mat den Piischen. Getoppt han ech datt Ganzt ma bëssen Fleur de sel, frësch gemahlenem schwarze Päffer an engem schingen Blaad Mausiierchen.
Genau do legt de Punkt, Wann eent Ässen su reduzéiert ass, jiët et näist hannert deem een sech verstoppen kann. All Zutat muss sein Grond han.
D’Originalrezept wor mat Hunnig an Rucola, mir wor datt äwer ze séiss, ze mëll an ze pëschig.
- D’Piisch brengt Frëschheet an Saaftigkeet
- De Proscuitto Salz an Umami
- De Mozzarella verbënnt datt Ganzt ouni sech no vir ze drecken.

De Rucola ass mir perséinlich ze batter an hëllt dësem Ässen seng Ruh. Dachs jiët einfasch jiät gréines ergänzt, well een denkt datt muss sen, an well Rucola, Rucola heescht flippt jidfereen do drop, jiff et Rauke heeschen wëssten die meest wahrscheinlich net watt et wir.
Beim Hunnig ass et ähnlich, deen ischten Impuls bei der Piisch ass bal ëmmer zousätzlich Séissheet, et fonktionéiert, et verbënnt, en ronnt alles aaf. An genau datt irritéiert mech bëssen, d’Ässen verléiert dodurich Kontur.
Ech denken datt hei eng liit Säier besser passt, sie lisst Piischen wahrscheinlich mi wiriken an schafft den Proscuitto besser raus, am Platz alles mëll ze zeechnen.
Datt ass o ëmmer watt ech aus su Ässen liiren. Net all harmonisch Kombinatioun muss aafgeronnt jiän. Heinsdo ensteht genau do Spannung, wu een bewosst jiät oplisst.
Meng Gläser han fonktionéiert. Sugar richtig goud. Als Aperitifs oder eng kleng Entrée han sie genau datt gemaat, watt sie sollen. Sie han frësch gewirikt, han satt gemaat ouni ze schwiier ze sen an han Lost op deen nächsten Maufel gemaat.
Trotzdem denken ech, datt et na net die endgültig Versioun van dësem Glas ass. An éierlich gesoot, han ech datt léiwer wie eent Rezept datt fiärdig viraan mir legt an „perfekt“ wiriken soll.
Jiff Balsamico hei passen?
Jo, äwer nëmmen wann en ganz bewosst doséiert jiët. De Problem beim Balsamico, die meest denken hei aan die deck, séiss Crema. Déi jiff ech net hualen. Sie mëcht genau datt watt Hunnig o jiff maan, alles jiët mëll, séiss, gefällig. De Proscuitto verléiert seng Spannung an Piisch wirikt ischter wie Gebeets.
Een properen, liit säierlichen Balsamico kann dogeent genau datt brengen, watt dësem Ässen fehlt. Graad Piischen brauschen dachs net mi Séissheet, mee een Géigenpol. D’Fruucht ass jo well aromatisch genou. Mat bëssen Säier jiët sie mi kloer an mi frësch am platz „summerlich séiss“.
De Balsamsico duaref just net mi Kaméidi maan wie d’Piisch. Subal et nëmmen na no Essig schmëcht kippt Balance an Richtung Zaloot statt Aperitif.
Zitrounensaaft brengt mi!
Zitrounensaaft mëcht direkt jiät ganz anneres wie de Balsamico. En brengt Säier, ouni Séissheet mat ze brengen. Genau datt kënnt hei vill besser sen, well dëst Ässen suwiesu well vill mëll Komponenten hat, die zegdig Piisch, deen mëllen Mozzarella, Proscuitto mat Fett.
De Balsamico brengt o ëmmer Umami an Aroma mat. Datt kann goud sen, äwer et verännert den Charakter. D’Zitroun hällt datt Ganzt mi kloer an mi kéihl.
Äwer o hei soll een oppassen. Datt Ganzt soll net mat Zitrounensaft marinéiert jiän. Ech jiff just die geschnidden Piischen mat bëssen Zitrounensaaft vermëschen, dann aafdrëpsen loossen an se dann mat deen anneren Zutaten an d’Gläser leen.

Päffer an Fleur de Sel
De Päffer an de Fleur de Sel notzen ech ischter als Deko. De Päffer mahlen ech frësch huawen driwer, deen fonktionéiert dann ischter iwert den Doft an eng liit Schiäreft deen ischten Moment. Datt jieet deck dar, graad bei su klengen Gläser muss net all Komponent maximal „performen“. Fleur de Sel lisst sämtlich Zutaten genau richtig wiriken. D’Fruucht wirikt mi kloer, mi saaftig an manner séiss. De Mozzarella krëtt mi Struktur an de Proscuitto krëtt mi Umami am Platz einfasch nëmmen salzig ze sen.
Zesaammen mam frësch gemahlene schwarze Päffer entsteht genau die Art van Aafschloss, déi zu mengem Aansatz passt. Keen dekorativen Iwerschoss, nëmmen eng kleng, kontrolléiert Schiäreft an bëssen Textur.
Piischen-Proscuitto-Mozzarella Cups
Schwierigkeit: einfasch2
Gläser15
MinutenZutaten
1 Piisch
125 g Mozzarellabullen
4 bis 6 Scheiwen Proscuitto
1 Handvoll Mausiierchen oder Rucola
1 EL Olivenualig
Saaft van 0,5 Zitroun
schwarze Päffer
Fleur de Sel
Zoubereedung
- D’Piisch schnegden ech an dënn Spalten, an leen se an d’Zitrounensaaft. De Mozzarella schëdden ech aaf, loossen en goud aafdrëpsen an tuppen en mat Këchenpapeier drëchen. D’Hamm schnegden ech an breet Sträifen.
- De Mausiierchen wäschen ech an drëchnen deen an der Zalootenschleider
- D’Piischen schëdden ech aaf an loossen se goud aafdrëpsen. Dëi mëschen ech an enger Schossel mam Mausiierchen, ech haalen mit äwer paar sching Bläder fir Deko raus.
- Van dëser Mëschung fëllen ech ongeféier eng Handvoll an d’Glas, leen bëssen Ham drop dann de Mozzarella dann rëm Hamm an zum Schluss na deen rest Piischen.
- Do driwer verdeelen ech bëssen Olivenulalig, leen datt schingt Blaad Mausiierechen drop an toppen datt Ganzt mat frësch gemahlenem schwarze Päffer an bëssen Fleur de Sel.