Rëppercher

Rëppercher, duarfen am Summer net om Grill fehlen, et jiänn äwer ënnerscheeder. Bezeeschnung van den Rëppercher entsteht durich zouschnegden van deen verschiddenen Körperregiounen. Doran ennerscheed sech o den Geschmaasch.

Côteletterëppercher oder o Baby Back Ribs Cut genannt, as deen iäwischten Deel van de Rëpper. Et erkennt een se durich hir kuurz Rëppen, sie han net die Marmoréirung wie d’Spare Ribs.

De St. Louis Cut as de mëttelsten Deel van den Rëppen. De St. Louis Cut hat net die Krëmmung wie Baby Back Ribs. Sie han vill Fleesch an o eng sching mamroréirung.

An dann jëtt et na Rip Tips, de Knorpeldeel van den Rëppercher, deens du am seelensten ze sehen kress. Deen kennt o meestens net an den Verkoof, ausser wann die ganz Rëppen mi schmaal geschnidden jiänn oder et jiänn Spare Ribs geschnidden, dann kanne se dobäi sen.

Spare Ribs wie mir se kennen as net wie dachs gedäit een Sammelbegrëff vir sämtlich Rëppercher. Spare Ribs sen die ënnescht 3/4 van den Rëppen. Déi Körperregioun enthält am messten Fett. Rëppercher jiänn, wann een alles rischtisch mëscht, rischtisch saaftig. Bei de Spare Ribs as de Knorpel na draan, jëtt äwer, wann een se am Restaurant ësst, meestens aafgeschnidden.

Fleisch, teller, besteck
Spare Ribs

Gebroode Rëppercher mat Marsalazooss

Virbereedungszéckt: 15 Min.

Kooschzéckt: 30 Min.

Watt brausch ech?

  • 1 kg Spare Ribs
  • 20 g Botter
  • 3 EL Olivenualeg
  • 1 Ziif gehackten Knuaweléck
  • 4 EL Marsala oder als alternativ Madeira
  • 60 ml rugde Wéng
  • 125 ml Tomatenzooss
  • 1 TL Fenschelsoom
  • Peffer, Salz

Wie jëtt gekooscht?

Rëppercher salzen, an iwert Näit am Frigo durich zéien loossen. 1-2 Stonnen firam brooden aus dem Frigo hualen, an mat Peffer würzen.

Botter mam Olivenualeg erhëtzen, an Rëppercher dodran brooden bis se gar sen. Raus hualen an waarem stellen.

De Knuaweléck bei niddreger Hëtzt am Brootfett aandënsten. Mam Marsala an rugde Wéng aafläschen an bëssen ankooschen loossen.

Tomatenzooss an den Fenchelsoom ënnerréiren an Zooss mat Deckel 15-20 Min. op niddreger Hëtzt kooschen lossen. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.

Rëppercher ant Zooss leen kuurz opwiärmen an zervéiren.


Hei as lo eng Iddi fir eng Zooss dobäi ze maan, du kanns o eng einfasch Tomatenzooss oder eng Brongzooss dobäi maan. Eng Romesco passt o ganz goud dobäi. Oder ganz einfasch nëmmen een Dipp.


Rëppercher mat Brigdchen

Virbereedungszéckt: 10 Min.

Kooschzéckt: 20 Min.

gegrillte Rëppercher mat Brigdchen, eent einfascht an siiert Rezept fir am Summer ganz spontan ze grillen.

Watt brausch ech?

  • 1 kg Rëppercher (Spare Ribs)
  • Salz, Peffer
  • 3 EL Olivenualeg
  • 50 g Botterschmalz
  • 4 Brigdecher

Wie jett gekooscht?

Wann’s du Zéckt has, dann salz deng Rëppercher an loss se iwert Näit am Frigo durich zéien. An soss 1-2 Stonnen viram grillen aus dem Frigo hualen, salzen an se dann net mi an de Frigo setzen. Fleesch jëtt am besten wann et Raumtemperatur hat.

Fleesch mam Olivenualeg an Schmalz anreiwen an Peffer driwer streien.

Brigdercher durich schnegden.

Rëppercher an Stécker schnegden, an op den Grill leen.

Subal wann Fett afänkt auszetrëden, Halschente van de Brigdercher op Fleesch leen fir Fett opzefänken. Rëppercher sching brong grillen an evtl. zum Schluss na bëssen Peffer driwer streien.


Gegrillte Rëppercher mat Gromperen

Virbereeungszéckt: 15 Min.

Kooschzéckt: 40 Min.

Watt brausch ech?

  • 1 kg Gromperen
  • 1 kg Rëppercher
  • 1 Ast Rosmarin
  • Salz, Peffer
  • 0,5 L Olivenualeg

Wie jett gekooscht?

Gromperen an Sëlwerpapeier anwéckelen an op deen waarmen Grill leen, oder direkt ant Kualen.

Rëppercher salzen an iwert Näit am Frigo durich zéien loossen. 1-2 Stonnen viram grillen aus dem Frigo hualen an Fleesch Raumtemperatur aanhualen loossen.

De Rosmarin strëppen an Noolen kleng hacken, mat 1 TL Peffer mëschen. Rëppercher domatt würzen an alles goud anmasséiren.

Op de Grill leen an Rëppercher ëmmer rëmm mat Olivenualeg anpinselen.


Würzen

Wie’s du deng Rëppercher würz as ganz egal, ob su wie hei am Rezept, oder du mëschs na Thymian, Oregano, Majoran… dobäi. Wie et dir schmëscht.

Vill Rezperter fënnt een o am Internet, zemools amerikanischer wu die verschidden Dry Rub’s fir Rëppercher beschriwen se. Watt mech aan deene Mëschunge stiiert, as datt suvill Zocker dran as. 

Zocker ënnerstëzt all die anner Gewürzer, fir datt déi besser ant Fleesch anzéien kannen. Wanns du Wuuscht keefs, kuck einfasch mol op Inhaltslëst. A ganz vill Wuuschten as Zocker, oder Drauwenzocker mat dran. De Geschmaasch vam Salz jett dodurich aafgerondt. Den Zocker heleft o dobäi datt Wuuscht die sching rosa/rugt Faaref krett an hällt.

Trotzdem fannen ech zemools bei gegrilltem oder gebroodenem Fleesch, bleift ëmmer een séissen Nogeschmaasch. Et stiert mëch o datt wann een die verschidde Kooschsendungen kuckt, suvill Stärekäsch iwerall Zocker dran maan net nëmmen bei Fleesch. Mir ässen suvill Zocker, firtwatt muss eent Steck Fleesch watt zaart as na gezockert jiänn, fir et na mi zaart ze kreien?

Ech han verschidden Dry Rub’s fir Grillfleesch ausprobéiert, mat Zocker an ouni Zocker. Ech perséinlich fannen datt een bei deen meesten den Zocker kann fort lossen. Firan allem wanns du Marinade mat Hunnég, Ketchup oder BBQ-Zooss mëchs, do as jo well genou Zocker dran.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*