Clubhouse

Clubhouse Sandwich

Een Clubhouse Sandwich as een köstlichen Sandwich, deen aus mi Schichten besteht. An der Regel jëtt dësen Sandwich mat frësch gebroodener Pouletbrost zoubereed, déi saaftig an würzig as. Dozou kommen knusperig gebroodene Speck, frësch Tomatenscheiwen an knackig Zaloot. Datt besonnëcht aan dësem Sandwich as, datt en aus 2 “Etagen” opgebaut as, zwëschen deene sech getoast Brugd befënnt.

Die ënnischt Schicht besteht aus enger Scheif Brugd, op déi Zaloot, deen gebroodene Poulet an Tomatenscheiwen geleit jëtt. Den Poulet kann mat Gewürzer oder enger Marinade ganz no dengem Geschmaasch gewürzt sen.

Die iäwischt Schicht as eeng getoast Scheif Brugd, op déi knusprig gebroodene Speck an Spéijelei leien kënnt, datt suarigt fir een saaftigen an crémigen Kontrast. Zougedeckt jëtt datt Ganzt dann rëm mat enger Scheif getoast Brugd. Dësen Sandwich jëtt dann an Dreiecken geschnidden an mat Fritten oder enger Zaloot zervéiert. Et as een Genoss fir all Liebhaber van herzhaften Sandwiches.

Clubhouse

Zoubereedung

Pouletbrost han ech längs opgeschnidden opgeklappt an dann liit platt geklappt. Mat menger all-Zweck-Gewürzmëschung han ech Fleesch gewürzt, an enger waarmer Pann mat bëssen Olivenualeg gebrooden. Iwerdeems den Poulet gebrooden jëtt, han ech 3 Scheiwen wäisst Brugd an enger annerer Pann mat bëssen Botter getoast. Kuurz är den Poulet färdeg as, han ech dënn Speckscheiwen mat ant Pann geleit an déi knusperig gebrooden.

Op Brugdscheiwen han ech eng Sandwichzooss geschmiärt, déi aus Mayonnaise, Tomatenpürée, Worcestershiresauce, Orangenjus, Peffer, Salz an Paprikapolwer besteht.

Op die ënnischt Scheif han ech Zaloot deen gebroodene Poulet an dënn Tomatenscheiwen geleit. Do drop leen ech die nächst Scheif Brugd, mat der Zooss no uawen, an do kennt dann de Speck an d’Spéijelei drop. Zum Schluss decken ech datt Ganzt mat der letzter Scheif Brugd zou.

Dann steechen ech Holzstäber durich den Sandwich, an dann jëtt en an Dreiecken geschnidden.

Varianten

  1. Turkey Club Sandwich: Am Platz vam Poulet kanns du o Schnuddelhouhn hualen. Den Opbau vam Sandwich bleift soss genau selwischt.
  2. Seafood Club Sandwich: Dës Variant enthält dachs gegrillten oder gebroodene Fësch oder Miäresfriischten wie Saumon oder Scampi’en am Platz vam Poulet an Speck.
  3. Veggie Club: Fir Vegetarier jëtt et Varianten bei deenen een gegrillten Geméiss, Avocado an Ei hualen kann.
  4. Inernational Varianten: Je no Regioun jänn et Zutaten wie gebrooden Hamm, Avocado, Jalapeños an verschidden Zoossen déi genotzt jänn.
  5. Club Wrap: Am Platz vam Toastbrugd, kanns du alles kleng schnégden an dann an eng Tortilla oder een Wrap anrullen. Dëst as eng mi eng handlich Optioun.
  6. Fir deen ganz gruussen Honger: Fir all déi Lékt mat gruussem Honger, kann een alles duabel hualen.

Clubhouse Sandwich

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

10

Minuten

Zutaten

  • 2 Pouletfilet längs opgeschnidden an platt geklappt

  • 6 Scheiwen wäisst Brugd, getoast

  • 80 g Bacon an dënn Scheiwen

  • 1/4 Kapp Zaloot an dënn Streifen geschnidden(Kappzaloot oder Eisberg)

  • 2 Tomaten an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Eier zu Spéijeleier gebrooden

  • Fir Sandwichzooss
  • 4 EL Tomatenpürée

  • 4 EL Mayonnaise

  • 2 TL Worecestershiresauce

  • Saaft van 1 Orange

  • Salz, Peffer an Paprikapolwer no Geschmaasch

  • 4 Holzstäbercher (fir Broschetten ze maan)

Zoubereedung

  • De Poulet no dengem Geschmaasch würzen oder marinéiren. An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an den Poulet do dran brooden bis en durich as.
  • Kuurz är den Poulet färdeg as, de Speck mat ant Pann leen an knusprig brooden.
  • Sämtlich Zutaten fir Sandwichzooss mateneen vermëschen an op Brugd schmiären.
  • Op datt ënnischt Steck Brugd Zaloot, de Poulet an Tomaten leen.
  • Dann eng Scheif Brugd.
  • Op déi Scheif de Speck an die gebrooden Eier leen.
  • Mat der letzter Scheif Brugd zoudecken, Holzstäbercher durich den Sandwich picken an dann an Dreiecken schnégden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*