Den original Clubhouse Sandwich hat aus 2 Scheiwen getoast Brugd, meestens rester Fleesch vam Daag virdran, Speck, Zaloot, Tomaten an Mayonnaise bestannen.
Ganz wischtig as et dësen Sandwich an Dreiecken ze schnegden an datt all Eck mat engem Zahnstocher zesaammengehalen jëtt. Firwatt datt su ass fannen ech neirens, mais et jëtt jo ëmmer gesoot datt dreieckig Bottischen besser schmaaschen wie véiereckiger 😉 .
Hogt besteht deen typischen Clubhouse aus 3 Scheiwen getoast Brugt. En besteht aus 2 Deeler een Deel mat Zaloot, Speck an Tomate an engem Putensandwich.
Watt brausch ech?
- wäisst getoast Brugd, du kanns äwer o all anner Zort Brugd hualen.
- Mayonnaise
- Hamm
- frësch gebrooden Pute
- Zaloot
- Tomaten
- Bacon

Wie jëtt gebaut?
Firtischt Putensteak platt klappen würzen an brooden. Scheiwen Speck direkt mat brooden su datt se knusperig jiänn.
Brugd toasten, ob die ënnischt Scheif Mayonnaise schmiären, hei dann Hamm ant Putenfleesch drop leen.
Dann die nächst Scheif Brugd drop leen, do dann den Zaloot, Tomaten an den Speck drop leen. Hei kënnt keng Mayonnaise drop.
Op die letzt Scheif rëm Mayonnaise schmiären an uawen drop leen.
4 Holzstäbercher dran picken an de Sandwich an dreieckig Stécker schnegden.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Paprika Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten