Cornichonzaloot

Die meest kennen Cornichon, die kleng würzig Denger, déi an kenger Feierstengszaloot fehlen duarfen, an o bei al kaalen Plat sen sie dobäi.

Hei geht et äwer lo ëm die gruuss Cornichon. Cornichon gerhiiren zum Geméiss? oder as et äwer Obst? Botanisch gesehen as et Obst, an kulinarisch gesehen as et Geméiss.

Cornichon kannen knackig, erfrëschend sen an rii gäss jiänn, Mais et kann een se o an pikante Menü’er verschaffen, wie z.B angeleit am Essig.

Fir Zaloot hualen ech.

  • Cornichon
  • Schalotten
  • Mostert
  • Essig
  • Ualeg
  • Peffer & Salz
  • Péitersilich, Batzelen an Dill, (bëssen Maggikrogt)

Zoubereedung

Du kanns Cornichon schiälen, et as äwer keen muss, ech maan se ëmmer mat Schaal, ech fann datt gesegt mi sching aus. Lo as et äwer su, datt ënnert der Schaal vill Batterstoffer sen. Cornichon an dënne oder mi déck Scheiwen schnégden, an se dann Salzen an goud mam Salz vermëschen. Ongeféier 30 Min. durich zéien loossen. Datt zéiht ischtens Waasser aus der Cornichon an o Batterstoffer.

Dann maan ech eng ganz klassisch Vinägrette.

Et heescht jo ëmmer 1 Deel Essig an 3 Deeler Ualeg, meng Mëschung as äwer bëssen annecht. Ech hualen 1 Deel Essig, 2 Deeler Ualeg an 1 Deel Rahm.

Ech fänken aan mam Essig, do maan ech Salz, Peffer an Mostert dran, datt réiren ech dann su datt alles goud vermëscht as. Dann schëdden ech den Ualeg drop, an zwar su wie wann ech eng Mayonnaise réiren.

Zum Schluss mëschen ech Rahm drënner, die gehackten Schalotten, an die gehackten Krégder. Dann schmaaschen ech datt Ganzt an würzen evtl, na bëssen no.

Fir déi di den Goût vam Maggi jiären han an enger Vinägrette, probéier mol mat engem halwen TL gedrëchent Maggikrogt.

Cornichon wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, an mëschen se dann ënnert Vinägrett. Am besten lisst een se na bëssen an der Vinägrette durich zéien.

Déi kann een goud mi fréi virbereeden an se dann an de Frigo stellen bis se gebrauscht jiänn.

Cornichonzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 Cornichon

  • 1 TL Salz

  • Fir Vinägrette
  • 100 ml Essig

  • 1 TL Mostert

  • 200 ml Ualeg

  • 100 ml Rahm

  • 2 gehackten Schalotten

  • Peffer & Salz

  • 1 EL gehackten frëschen Péitersilich

  • 1 EL klenge gescnidden frësch Bratzelen

  • 0,5 EL gehackten frëschen Dill

  • optional: 0,5 TL gedrëchent Maggikrogt

Zoubereedung

  • Cornichon schiälen oder o net, an dënn Scheiwen schnégden. Mam Salz vermëschen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • Fir Vinaigrette
  • Essig mam Moster, Peffer an Salz goud vermëschen.
  • De Ualeg ënnerréiren, su wie wanns du eng Mayonnaise réiers.
  • Rahm ënnermëschen.
  • Schalotten, an Krégder ënnermëschen.
  • optional: Fir déi, die den Maggigoût jiären han an enger Vinägrette, probéier mol mat gedrëchentem Maggikrogt.
  • schmaaschen, evtl. noowürzen.
  • Cornichon ënnermëschen an na bëssen durich zéien loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*