Feierstengzaloot

Dës Zaloot as eent aalt lëtzebuerger Rezept.

All kéier wann ech eng Randsbréit oder een Zoossenfond kooschen as ëmmer eent Stéck Macreuse dobäi just fir deen een Daag “Kooschfleesch” zässen an den Daag drop Feierstengszaloot. Natiirlech jëtt o Jarret mat gekooscht an dat jëtt o alles an der Zaloot mat verschafft.

Obwohl eigentlich nëmmen Restverwiärtung, as d’Feierstengzaloot een traditionellt lëtztebuerger Ässen

Fir meng Zaloot hualen ech

  • gekooschten Randfleesch an Jarret
  • Schalotten
  • Cornichons
  • Eier
  • Péitersilich
  • Mostert
  • den Essig van den Cornichons
  • wäisse Wéngessig
  • Ualeg
  • Peffer & Salz

Zoubereedung

Datt gekooschten Randfleesch schnégden ech an Würfelen.

Cornichons jiän o kleng gewürfelt, den Essig van den Cornichons halen.

Schalotten, an den Péitersilich hacken

Eier hart kooschen, du kanns se mam Eierschnégder an Ronselen schnégden, ech hacken se ëmmer an graff Stécker.

Fir Vinägrett hualen ech den Essig van den Cornichon, bëssen Mostert, Peffer an Salz an dann man ech eng ganz traditionelle Vinägrette an deem ech den Ualeg ënnerréiren wie wann ech eng Mayonnaise gif maan.

Wäisse Wéngessig hualen ech na just fir d’Vinägrette bëssen no ze würzen, messtens brausch ech deen äwer net.

An dann jëtt alles mateneen vermëscht. Ech loossen Zaloot dann bëssen durich zéien, schmaaschen se dann an würzen dann na no, wann et nigdig as.

Dobäi passt einfasch eng Botterbottisch, gekoschten Gromper oder gebrooden Gromperen.

Feierstengzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 700 g gekooschten an a Würfel gaschniddent Randfleesch

  • 4 hart gekooschten an graff gehackten Eier

  • 10-12 sauer an a Würfel geschnidden Cornichons

  • 1 Botte gehackten Péitersilich

  • Fir Vinägrette
  • 100 ml Essig van den Cornichons

  • 300 ml Ualeg

  • 1-2 TL scharefen Mostert

  • 3 gehackten Schalotten

  • Peffer & Salz

  • 2-3 EL Wäissewéngessig

Zoubereedung

  • Randfleesch, Cornichons, Eier an den Péitersilich an enger Schossel mateneen vermëschen.
  • Fir Vinägrette
  • De Mostert am Essig mat Salz an Peffer opliesen.
  • Ualeg, wie wanns du eng Mayonnaise mëchs, ënneréiren.
  • Schmaaschen, wann dir Vinägrette ze fad as, dann na bëssen Wäissewéngessig ënneréiren
  • Iwert Fleesch schëdden an alles goud vermëschen, bëssen durich zéien loossen.
  • Schmaaschen evtl. noowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*