Ënnen-Paprika-Chutney

Dës läst stung ech an menger Këchen, an ech wollt Hamburger maan. Et sollt äwer keen su een einfaschen, langweiligen Burger jiän. Ech stung also viraan mengem Frigo, an wor am iwerleen, watt ech aus rugdem Spitzpaprika maan soll? Een Bleck rondrëm an su luas hat enge Iddi Gestallt aangehollt.

Ënnen-Paprika-Chutney

Mengt Schnegdbrett han ech parat geleit, eent Messer am Grapp an ech han mol firtischt een ganzen Hiwel voll Ënnen geshiält an, an dënn Sträifen gechnidden.

Während dem schnegden haat ech paar Tringen an den Auen, äwer nëmmen paar, Këchenhelden kräischen net, sie karamelséiren emotional.

Als nächst han ech die rugd Spitzpaprika gewäsch, längs halbéiert an entkärt, déi han ech dann an kleng Würfelen geschnidden. Genausu han ech et o mat enger rugder Chilischot gemaat, déi han ech äwer fein gehackt. Bëssen Feier ass ëmmer goud an engem Chutney.

Has du gewosst datt et ongeféier 25 Aarten van Paprika jiët, dovaan sen der 5 domestizéiert jiän. Den Ursprong van den Paprikazorten ass Mëttel- an Südamerika. Mat Christoph Kolumbus ass de Paprika dann o an Europa aankommen.

Watt natiirlich net fehlen duaref ass Knuawelek, deen ech geschiält an ganz fein gehackt

Dann setzen ech meng Gossenpann op Plaque an erhëtzen déi firtisch mol.

Et hat een Grond firwatt ech datt maan, erhëtzt een Pann firtischt, verbrennt an iwerhëtzt dengt Fett net su siier. D’Virwiärmen suarigt dofir, datt et manner sprutzt. Ausserdeem suarigt eng virgewiäremten Pann dofir datt d’Läwensmëttel gläichmässig garen, sching brong jiän an net aanpëchen.

Noodeems meng Pann waarem ass, driien ech d’Hëtzt op niddrig bis mëttel Hëtzt raaf, dann maan ech bëssen Botterschmalz oder Olivenualig dran, an subal deen waarem ass, kommen d’Ënnen an Pann. Déi brooden ech, op niddrig bis mëttel Hëtzt, réiren heinsdo dran an loossen se viraan brooden. Bis se mëll an sching goldbrong sen, an die ganz Bud no séissen gebroodenen Ënnen rëcht.

net hätzen!

Datt kann locker bis zu enger halwer Stonn oder na mi lang dauren, datt hat äwer o sein Grond. Ech maan mein Chutney ouni zousätzlichen Zocker, deen séissen Goût soll ganz natiirlich durich datt gemelligt karameliséiren entstoen, an datt brausch eben bëssen Zekt.

No enger decker halwer Stonn wor meng Këchen erfëllt van enger waarmer, baal meditativer Ruh, déi nëmmen ensteht, wann jiät mat Léift an Gedold zoubereet jiët.

Subal d’Ënnen mëll wie Botter sen, gesellt sech de Paprika, Chilischot an den Knuawelek dozou an datt gemelligt brooden jieet vriaan. Heinsdo mol dran réiren an genau wie bei den Ënnen deem ganzen Zekt loossen.

Dann kënnt deen Moment fir eng deck Schlupp Balsamico, bëssen Salz, bëssen Thymian (frësch oder gedrëchent). An fir all déi op een liiten Reecheraroma stin kann o na bessen gereechert Paprikapolwer ënnergmëscht jiän.

Alles kooscht gemellig vriaan, ech réiren mol dran, no an no krëtt meng Mëschung eng sching donkel, blänkig Faaref. Eng Faaref bei där een automatisch denkt: Datt jiët richtig goud!

Bëssen réiren, bëssen schmaaschen an zum Schluss na eng kleng Sprutz Zitrounensaaft. Net zevill, just datt, datt Ganzt een klengen Kick krëtt, deen de Goût na mi intensiv mëcht.

No enger gouder Stonn wor mein déifrugden, würzigen Chutney fiärdig, en hat perfekt mat mengem Hamburger harmonéiert. Deen Rest ass waarem an steril Gläser gefëllt jiän, fest verschloss. Han dann na gewaart bis Deckelen geploppt han, eent Geräisch datt bedeit: Missoun erfëllt!

Su ass mein Ënnen-Paprika-Chutney entstannen, ganz ouni zousätzlichen Zocker, äwer mat enger gruusser Portioun Léift, Gedold an een klengen Läffelchen Humor.

Ënnen-Paprika-Chutney

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 600 g Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • Botterschmalz oder Olivenualig

  • 3 rugd Spitzpaprika, gewürfelt

  • 1 rugd Chilischot, entkärt an gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 80 ml Balsamico

  • 1 TL Salz

  • 1 Thymianast oder 0,5 TL gedrëchenten Thymian

  • Optional: 0,5 – 1 TL gereechert Paprikapolwer

  • bëssen Zitrounensaaft

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech de Botterschmalz oder Olivenualig.
  • Op niidrig bis mëttel Hëtzt brooden ech d’Ënnen, bis se mëll se wie Botter, an eng sching goldbrong Faaref han.
  • Als nächst mëschen ech de Paprika, Chilischote an de Knuawelek drënner an brooden alles su lang op niddriger Hëtzt bis et mëll ass.
  • Dann kënnt de Balsamico dobäi, mëschen d’Gewürzer an Kregder drënner an brooden alles su lang bis den Chutney eng déifrugd Faaref krii hat.
  • Schmaaschen,würzen villäicht na no an mëschen dann na eng Sprutz Zitrounensaaft drënner.
  • Waarem an steril Gläser fëllen, fest verschléissen an am Frigo opbewahren. Fest verschloss sen d’Gläser su 3-4 Wooschen haltbar. Noodeems se op sen ënnerhalb van 7 Deeg verschaffen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*