Kotletten, iwerbaaschen

Zutaten:

  • Kotletten, datt klappt o mat Poulet oder Pute
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Tomaten
  • Botterschmalz
  • schwarze Peffer & Salz
  • Mozzarella
  • Botter
  • Thymian
  • Rosmarin

Mise en place

Als ischt wiärmen ech den Schiäffchen op 180°C fir.

Dann jëtt alles geschiällt an kleng geschnidden.

Ënnen schiälen ech, halbéiren se an dann schnégden ech se an dënn Scheiwen.

De Knuawléck jëtt geschiällt an fein gehackt.

Tomaten schnégden ech an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm.

Den Mozzarella schnégden ech an Scheiwen.

Kotletten würzen ech mat Salz an schwarzem Peffer.

Zoubereedung

An enger waarmer Pann erhëtzen ech den Botterschmalz an brooden Kotletten van 2 Ségten kräftig aan. Ech hualen se raus an leen se an eng feierfest Form.

An der selwischter Pann, brooden ech d’Ënnen an loossen se bëssen karamelsiéiren. Kuurz befir d’Ënnen färdeg sen mëschen ech den Knuawléck drënner, vermëschen alles goud an leen Ënnen dann op Kotlette.

Dann brooden ech an er selwischter Pann Tomatenscheiwen van 2 Ségten aan. würzen se liit an leen die dann op d’Ënnen.

An der Pann schmelzen ech dann Botter, subal deen scheimt mëschen ech Rosmarin an Thymian drënner. Pann van der Plaque hualen soss verbrennen Krégder. Dësen Krégderbotter schëdden ech dann iwert Tomaten.

Zum Schluss verdeelen ech den Mozzarella iwert den Kotletten. Datt Ganzt jëtt dann am waaremen Schiäffchen ongeféier 15 Min. iwerbaasch. Hei ëmmer oppassen wie déck datt Fleesch as, Zéckt am Schiäffchen verlängert sech.

Kotletten, iwerbaaschen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 4 Kotletten

  • 2 an Halefscheiwen geschnidden Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 3 deck an Scheiwen van 0,5 cm geschnidden Tomaten

  • schwarze Peffer & Salz

  • Botterschmalz

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 50 g Botter

  • 2-3 Boulen Mozzarella

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Kotletten mat Salz an schwarze Peffer würzen. An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Kotletten kräftig aanbrooden. An eng feierfest Form leen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen brooden an liit karameliséiren, kuurz är se färdeg sen den Knuawléck ënnermëschen. Op den Kotletten verdeelen.
  • Rem an der selwischter Pann Tomatenscheiwen brooden an liit würzen. Op den Kotletten verdeelen.
  • De Botter an der Pann schmelzen loossen, subal deen scheimt, Rosmarin an Thymian ënnermëschen, van der Plaque hualen soss verbrennen Krégder. Dësen Krégder Botter iwert Tomaten schëdden.
  • Zum Schluss na den Mozzarella driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 15 Min. iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*