Kartoffellasagne

Gromperenlasagne

Welt van den Pasta-Lasgne as wirklich köstlich an villfältig. Hogt wëll ech dech äwer op eng anner kulinarisch Réiss mathualen, an zwar ouni die klassisch Nuddelschichten. Eis Réiss, féiert eis zu enger rustikaler an raffinéierter Variant – der Gromperenlasagne. Dësen herzhaft Menü as eng Hommage aan deen gouden Geschmaasch van hausgemaatem Ässen.

Stell dir vir, liit gewürzten Gromperenscheiwen, déi Basis bilden, an do drop eng saaftig Gehackteszooss mat Tomaten an Paprika, déi mat köstlichem Mozzarella iwerzujen ass. All Maufel as eng Geschmaachsexplosioun an dengem Mond.

An dësem Artikel beschreiwen ech dir Schratt fir Schratt wie’s du dës Gromperenlasagne doheem an denger Këchen zoubereeden kanns. Et as eng perfekt Optioun, fir Familjien an Frënn ze verwiännen, oder sech selwer eng köstlich Auszéckt ze gonnen. Hual dir denkt Schirkelt, setz den Uawen an Brand an looss kann et goen.

Zutaten

  • Gromperen, am besten festkooschender oder iwerwiegend festkooschend
  • Randsgehacktes, bei mir ëmmer ongewürzt
  • Ënnen
  • Knauwléck
  • rugde Paprika
  • frësch Tomaten
  • bëssen Bréit oder Waasser
  • Oregano, Basilikum
  • Peffer & Salz
  • geriwwene Mozzarella
  • Olivenualeg

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, datt ech Geméiss schnégden, datt hëscht, ech würfelen d’Ënnen, ech hacken den Knuawléck, dann jëtt den Paprika gewürfelt an zum Schluss Tomaten.

An enger waarmer Pann oder Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt aan bis se mëll sen. Dann mëschen ech Gehacktes drënner an brooden datt mat aan.

Als nächst mëschen ech Tomatenpürée drënner an brooden deen o mat aan. Dann mëschen ech den Paprika an Tomaten drënner.

Anschliessend schëdden ech bëssen Waasser oder Bréit drop an loossen datt Ganzt mat Deckel ongeféier 30 Min. kooschen.

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

Iwerdeems Zooss kooscht, schiälen ech Gromperen an schnégden se an Scheiwen von ongeféier 0,5 cm.

Dann hualen ech eng gruuss feierfest Form fetten se liit an, an verdeelen bëssen Mozzarella ënnen dran, do drop leen ech Gromperen, dobäi oppassen datt se net zevill openeen leien, déi salzen an pefferen ech liit an verdeelen rem bëssen Mozzarella driwer. Gromperen setzen ech dann ongeféier fir 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

No deen 25 Min. kontrolléiren ech op Gromperen mëll sen, wann net leen ech bëssen Sëlwerpapeir driwer an setzen se na eng kéier fir 10 Min. zereck an den Schiäffchen.

Dann verdeelen ech Zooss driwer an streien Mozzarella driwer, datt kënnt da na eng kéier fir 15 Min. bis 20 Min. an deen waarmern Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong as.

Tipps

  • Kontrolléier datt Gromperen richtig durich sen.
  • Sollten Gromperen, oder zum Schluss die färdeg Lasagne ze brong jänn, dann deck se mat Sëlwerpapeier zou.
  • Wanns du Bréit hëlls, dann pass op mam salzen.
  • Loss dir Zéckt beim aanbrooden van deen verschiddene Liäwensmëttel.

Varianten:

  1. Am Platz van Fleesch kanns du Geméiss, wie Auberginen, Courgetten, Spinat oder Kooschelen hualen an su eng vegetarisch Gromperenlasagne zoubereeden.
  2. Fir all déi die jiären Fësch oder Miäresfriischten han, dës Lasagne kanns du o domatt maan.
  3. Fir mi en Gesondheetsbewosst Alternativ, hual fettaarmen Kiiss, an am Platz van normalen Gromperen kanns du o Séissgromperen hualen.
  4. Experimentéier mat mediterranen Aromen, andeems du Oliven, Kapern, gedrëchent Tomaten an frësch Krégder ënnermëschs.
  5. Huale verschidden oder anner Kiisszorten, wie Feta, Gruyére oder Parmesan…
  6. Natiilech kanns du o eng Lasagne mat Feier doraus maan, andeems mat Chiliflocken oder Cayennpeffer würz an frësch Jalapeños mat ënnermëchs

Gromperenlasagne

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen, geschiält an a Scheiwen von ongeféier 0,5 cm geschnidden.

  • 500 g Randsgehacktes

  • 1 Ënn, gewürfelt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 2 rugd Paprika, gewürfelt

  • 250 g frësch Tomaten, gewürfelt

  • 125 ml Bréit oder Waasser

  • 2 TL Oregano, gedrëchent

  • 1 TL Basilikum, gedrëchent

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • Mozzarella oder een anneren Kiiss

  • Olivenualeg

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann oder Dëppen bëssen Olivenualeg erhëtzen, d’Ënnen an den Knauwléck op mëttelhëtzt aanbrooden bis se mëll sen. Ënnen han ech well liit gesalz.
  • Gehacktes ënnermëschen an mat aanbrooden. Fleesch mat Peffer an Salz würzen. Dann den Tomatenpürée ënnerréiren an deen o mat aanbrooden.
  • Als nächst de Paprika an Tomaten ënnermëschen. Evtl. bëssen bréit oder Waasser drop schëdden. Schmaaschen an mat den Krégder würzen. Mat Deckel ongeféier 30 Min. op niddirger Hëtzt kooschen loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Eng gruuss feierfest Form anfetten an bëssen Mozzarella ënnen dran streien. Gromperenscheiwen driwer verdeelen su datt se net zevill openeen leien. Liite salzen an pefferen an bëssen Mozzarella iwert den Gromperen verdeelen. Gromperen fir 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • Kontrolléier op Gromperen mëll sen, soss mat Sëlwerpapeier zuzdecken an na eng kéier fir 10 Min. an den Schiäffchen stellen.
  • Zooss iwert den Gromperen verdeelen an Mozzarella driwer streien. Am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 15 Min. bis 25 Min. de Kiiss goldbrong baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*