Poulet – Kooschel – Spargel – Gulasch

Dofir hualen ech:

  • Poulet oder Pouletfilet
  • Kooschelen
  • wäisse Spargel
  • gréine Spargel
  • Ënnen
  • Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden
  • Salz & Peffer
  • Miähl
  • wäisse Wéng
  • Houhnerbréit
  • Rahm
  • TK-Iärbessen

Zoubereedung

Wie ëmmer maan ech meng Mise en Place.

Kooschelen botzen ech an schnégden se an véirel.

Spargel, die wäiss schiälen ech an schnégden van deen 2 Zorten die holziger Enner aaf, dann schnégden ech se an Stécker. Am kooschenden Salz-Zitrounenwaasser blanchéiren ech Spargel 4-5 Min. Aafschëdden an op Ségt stellen bis se gebrauscht jiänn.

Ënnen hacken ech kleng.

TK-Iärbessen aus der Truh hualen.

De Poulet schnégden ech an Stécker. Wanns du Pouletfilet has, déi an Würfel van ongeféier 2-3 cm schnégden.

Poulet würzen an am Miähl driien.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Botterschmalz oder Ualeg an brooden den Poule kräftig all ronderëm aan. Raus hualen an op Ségt stellen.

An deem selwischten Dëppen mat frëschem Fett brooden ech d’Ënnen aan an loossen se sching brong jiänn.

Als nächst mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi aan bis déi o sching brong sen. Dann würzen ech se mat Salz an Peffer.

Mam wäisse Wéng läschen ech datt Ganzt aaf, an loossen deen bis op Halschent ankooschen.

Dann schëdden ech Bréit drop, loossen déi opkooschen, driien Hëtzt raaf an leen den Poulet rem dran. Mat Deckel loossen ech alles ongeféier 40-45 Min. schmooren. Würzen an schmaaschen.

Evtl. Zooss mat Maizena bëssen nodechsen.

Schëdden dann Rahm drop, mëschen Iärbessen an Spargel drënner, lossen alles na fir 10 Min. kooschen. Würzen an schmaaschen.

Poulet – Kooschel – Spargel – Gulasch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an 4 Stécker geschnidden oder 4 Pouletfilet

  • Peffer & Salz

  • Miähl

  • Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden

  • 2 gehackten Ënnen

  • 250 g an véirel Kooschelen

  • 500 g geschiällt an Stécker geschniddene wäissen Spargel

  • 500 g an Stécker geschniddene gréine Spargel

  • 200 ml wäisse Wéng

  • 400 ml Houhnerbréit

  • 150 ml Rahm

  • 300 g TK-Iärbessen

Zoubereedung

  • De Poulet würzen an am Miähl driien.
  • Spargelstécker am kooschenden Salz-Zitrouen-Waasser, 4-5 Min. blanchéiren. Aafschëdden an op Ségt stellen.
  • An engem waarmen Dëppen Botterschmalz erhëtzen an de Poulet van all Ségt kräftig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen mat frëschem Fett, d’Ënnen aanbrooden an sching brong jiänn loossen.
  • Kooschelen ënnermëschen an brong aanbrooden. Dann richt Salzen an Pefferen.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Bréit drop schëdden, opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an den Poulet rem dran leen. Mat Deckel ongeféier 40-45 Min. kooschen loossen. Würzen an schmaaschen.
  • Evtl. Zooss mat Maizeena bëssen nodechsen.
  • Als nächst schëdden ech Rahm drop. An mëschen Spargelen an Iärbessen drënner. Datt Ganzt erwiärmen ech dann fir 10 Min. Schmaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*