Wie maan ech karameliséiert Ënnen

Eng Ënn as net gleich eng Ënn. Niäwent der typischer “Speisezwiebel”, die jiäll Ënn, déi zimlech scharef as, jëtt et na die deck Geméissënn, sie as mi mëll am Goût. Dann jëtt et na die wäiss Ënn, sie schmëcht o mi mëll wie die jiäll. Dann han mir na die rugd Ënn sie as am aromatischsten. Schalott as o net su scharef wie die jiäll Ënn. Su datt sech van der Faaref op Schiäreft an Geschmaasch schléissen lisst.

Ënnen enthaalen ausserdeem Zocker, deen bei der decker Geméissënn an bei der Schalott fir deen mi mëllen Goût suraigt. Watt eng Ënn mi lang gekooscht oder gebrooden jëtt, watt se mi séiss jëtt. Den Zocker deen austrëtt as eng hëlef fir datt Ënnen karameliséiren. Die frei Glutaminsäier suarigt fir deen herzhaften “umami” Geschmaasch.

Grondlaag vir ganz vill Menüer weltwegt as d’Ënn. Ob rii an enger Zaloot, mat geschmort an engem Gulasch, gebrooden bei engem Steck Fleesch, oder als knusperig Röstzwibbel op engem Hot Dog. Durich karameliséiren, jëtt den “umami”-Geschmaasch van der Ënn na verstiärikt.

Karameliséiert Ënnen

Karameliséiert Ënnen sen net schwierig ze maan, an du brauschs nett vill ausser Zéckt, eent Dëppen mat deckem Buadem oder eng Gossepann, Botterschmalz, Ënnen an Salz. Et dauert ongféier 45 Min. – 60 Min. bis d’Ënnen färdeg sen

Fir karameliséiert Ënnen sen am besten die jiäll-, die wäiss- oder die deck Geméiss-Ënnen. Dann heescht et Ënnen schiälen, an Ronselen oder Halefronselen schnégden, kleng hacken… su wie du wëlls.

An engem waarmen Dëppen oder Pann de Botterschmalz erwiärmen. Ënnen aanbrooden, Hëtzt dann bëssen raaf driien an ongeféier 10 Min. brooden bis se aanfänken goldig brong ze jiänn. Salzen an Hëtzt na mi raaf driien. Oppassen datt se dir am Afank net verbrennen. Ëmmer rëm dran réiren. Wann se bëssen ze drëchen jiänn 1-2 EL Waasser ënnerréiren.

Karameliséiert Ënnen brauschen su lang well deen natiirlichen Zocker auszéien muss/soll fir datt Ënn karameliséiren kann. Annecht fonktionéiert et net. Du kanns eng Ënn kräftig aanbrooden, sie jëtt o brong mais du krëss nie deen “Umami”-Goût wie wann se op niddreger Hëtzt die nigdig Zéckt krëtt.

EXTRA: Ënnen an kräischen

Tipps fir net ze kräischen beim Ënnen schiälen jiänn et massig – et as äwer net wirklich een deen heleft. Watt eventuell an der Zukunft helefen kennt as Gentechnik wu deen Aroma deen fir Tringen verantwortlich as deaktivéiert jëtt. Mais behällt d’Ënn dann hiren Goût?

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*