Wäiss Spargelzopp

Crèmig an deen vollen Spargelaroma, as dës Zopp een Highlight. An dobäi as eng Spargelzopp gar net su komplizéiert ze kooschen. Mat nëmmen enger Handvoll Zutaten, krëtt een eng wonnerbar Zopp gekooscht.

De Spargel

Jidfereen as aus dem Häischen, wann et am Fréjoer heescht den Spargel as do. Fir watt jëtt et den Spargel net datt ganzt Joer? Saison vam Spargel geht traditionell bis den 24. Juni. De Buadem an deem den Spargel wiist brausch Zéckt fir sech ze erhualen, soss wisst Joer drop net vill. Et as äwer o goud su, su freet een sech all Joer drop, wann et heescht et jëtt Spargel.

De Spargel as eent ganzt gesond Geméiss, en besteht zu 90% aus Waasser, an ween bëssen oppassen wëll, et geht o mol ouni Hollandaise.

Virbereedung ant aplanzen vam Spargel leeft well lang mat machineller Ënnerstëtzung. Steechen van deen empfindlichen Planzen gelengt just mat geübten Hänn. Keng Maschine kann su eent Feingeféihl entwecklen, fir de Spargel ganz aus dem Buadem ze kreien.

Vill Spargelfans schwören op wäissen Spargel, dobäi jëtt et deen na gar net su lang. Bis viraan ongeféier 200 Joer as et just gréine Spargel jiänn. Deen wäissen Spargel as durich een Zoufall entstannen. Fir Hëtzt ze speicheren an Krabbelviecher fort ze halen sen Tounhauwen iwert die jung Planzen gesatt jiänn. Dodurich hat een entdeckt datt de Spargel ënnert den Hauwen wäiss bleift. Hogt jëtt datt äwer net mi mat den Hauwen gemaat. Gréine Spargel wiist iwert dem Buadem an wäissen ënnert dem Buadem. Ronderëm Planzen jëtt den Buadem geheeft an festgeklappt su datt een Damm entsteht, subal deen aafänkt ze räissen kann den Spargel gestoosch jiänn.

Et jëtt äwer net nëmmen wäissen an gréine Spargel. Lisst een den Spargel mi lang om Feld stoen, krëtt en eng moof Faaref an jëtt mi würzig am Geschmaasch.

Fir dës Zopp brausch ech:

  • wäisse Spargel
  • Spargelwaasser
  • Zitrounensaaft
  • Botter
  • helle Roux
  • Rahm
  • Salz, Cayennepeffer an Muskot
  • Kiärwel fir ze garnéiren

Zoubereedung

Spargel wäschen ech an kaalem Waasser, an schiälen se an schnégden die holzig Enner aaf. An meng Waasser maan ech Salz, Zitrounensaaft an een goude Schnatt Botter. An datt Waasser leen ech Spargelschalen mat den Enner an kooschen déi fir ongeféier 30 Min.

Fett vam Botter déint dozou datt sech den Aroma vam Spargel voll entfaalen kann.

Sollt Spargelwaasser ze batter sen kann een mat Zocker bëssen ausgleichen. Ech schmaaschen Spargelwaasser während dem koochen, kann jo sen datt o na Salz fehlt.

No der halwer Stonne schëdden ech Schalen aaf an fänken Spargelwaasser op. Datt schëdden ech zeréck ant Dëppen an kooschen an der Bréit Spargelstangen bëssfest. Déi hualen ech raus schnégden se kleng, Spëtzen loossen ech ganz an stellen se op Ségt.

Bréit kooschen ech op, an mëschen den hellen Roux drënner. Ech han ëmmer Roux an Äiswürfelformen an der Truh, ech woojien mir dann aaf watt ech fir eng Zopp oder Zooss brausch.

Subal Zopp kooscht an bënnt, drien ech Hëtzt raaf an loossen se ongeféier 25 Min. – 30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen. Sie reduzéiert dann an jëtt zimlech deckflëssig, Spargelwaasser dobäi schëdden. Schmaaschen, mat Salz, Cayennepeffer an Muskot würzen. Schmaaschen

Ech hualen Cayennepeffer, deen liist sech ganz op, beim normalen Peffer hat een dachs schwarz Punkten an der Zopp.

Dann schëdden ech Rahm dran. Vermëschen alles goud mateneen

Zum Schluss mëschen ech deen kleng geschniddene Spargel drënner an wiärmen deen an der Zopp. Als Garnitur gehackten Kiärwel ënnermëschen oder driwer streien.

Wäiss Spargelzopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Spargel

  • 2,5 L Waasser

  • Salz

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 1 EL Botter

  • 100 g helle Roux (aus 55 g Botter an 65 g Miähl)

  • 200 ml Rahm

  • Salz, Cayennepeffer, Muskot

  • gehackten Kiärwel fir ze garnéieren.

Zoubereedung

  • Spargelen grëndlich wäschen an schiälen an die holzig Enner aafschnégden.
  • Waasser salzen, Zitrounensaaft an de Botter dobäi jiänn. Spargelschalen an d’Enner dran leen an se ongeféier 30 Min. kooschen. Aafschëdden an Spargelwaasser opfänken.
  • Spargelwaasser zereck an Dëppen schëdden an Spargelstangen an der Bréit bëssfest kooschen. Raus hualen, kleng schnégden, Spëtzen äwer ganz loossen an op Ségt stellen.
  • Een hellen Roux aus Botter an Miähl zoubereeden an aafkéilen loossen.
  • 1 L Spargelwaasser opkooschen an de Roux ënnermëschen oder Spargelwaasser op den Roux schëdden. Ënner stännigem réiren opkooschen loossen, subal Zopp bënnt, Hëtzt raaf driien an se op niddreger Hëtzt 25 Min. – 30 Min. kooschen loossen.
  • Zopp jëtt zimlech deckflëssig, ongeféier 300 ml Spargelwaasser dobäi schëdden.
  • Schmaaschen, mat Salz, Cayennepeffer an Muskot würzen. Schmaaschen
  • Rahm dran schëdden an wiärmen.
  • Spargelstecker ënnermëschen kuurz wiärmen.
  • Zum Schluss na mat gehacktem Kiärwel garnéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*