Geméissgratin mat Stoffi

Hei han ech eent Rezept van engem Geméissgratin, eng Alternativ zu deem klassischen Gromperengratin. Mat deen verschiddene Geméisszorten jëtt et een schingen faarwegen Gratin, deen goud schmëscht, sching ausgeségt an o na voll wiärtvoll Nährstoffer as.

Als Beilaag beim Menü oder vegetarisch mat just enger gouder Zaloot dobäi. Ausserdeem kann een dësen Gartin der Saison aanpassen, su datt en an all Joereszéckt passt.

Dofir brausch ech:

  • Chouxfleurs
  • Broccoli
  • Muurten
  • Kohlrabi
  • Kiischtentomaten
  • Stoffi
  • Rahm
  • Schalotten oder Ënnen
  • Knuawléck
  • Péitersilich
  • Peffer, Salz an Muskoot
  • frësch geraspelten Parmesan

Zoubereedung

Wie ëmmer fänken ech mat der “Mise en place” aan, datt heescht: den Chouxfleurs an den Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruusen, dann jëtt en gewäsch.

Muurten an den Kohlrabi schiälen an an Würfel van ongeféier 1 cm schnégden.

Kiischtentomaten halbéieren ech, hëlls du normal Tomaten, an sechstel oder aaschtel schnéden.

Schalotten an den Knuawléck an den Péitersilich jiänn fein gehackt.

An engem Dëppen lossen ech dann Salzwaasser opkooschen, do dran blanchéiren ech den Chouxfleurs, Broccoli, Kohlrabi an Muurten fir 5-8 Min. Wie lang datts du Geméiss kooschen liss hänkt ëmmer dovan aaf wivill Knack na dran bleiwen soll, ech han et jiären knackig bei mir jëtt et mol keng 5 Min. blanchéiert. Datt jëtt dann aafgeschott an bëssen aafkéilen geloss.

An enger Schossel mëschen ech de Stoffi, d’Schalotten, de Knuawléck, den Péitersilich, Salz, Peffer an Muskoot. Rahm schëdden ech just suvill drop datt eng deckflëssig Zoss entsteht.

An dës Zoss mëchen ech dann datt ganzt Geméiss mat den Tomaten. Datt schëdden ech dann alles an eng gebottert feierfest Form. Dodriwer verdeelen ech den Parmesan.

Am waarmen Schiäffchen bei 175°C ongeféier 35 Min. baaschen.

Watt leider net ganz ausbleift, dësen Gratin zéiht beim baaschen bëssen Waasser. Et wor lo net suvill datt en wässerig jiänn as. Sollt datt dech äwer stiiren, mësch den Parmesan mat Panéiermiähl. Panéiermiähl hëllt een Deel vam Waasser op datt aus dem Geméiss zéiht.

Geméissgratin mat Stoffi

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • 200 g an kleng Rusen zerdeelt Chouxfleurs

  • 200 g an kleng Rusen zerdeelt Broccoli

  • 200 g gewürfelten Kohlrabi

  • 200 g gewürfelt Muurten

  • 200 g halbéiert Kiischtentomaten

  • 200 g Stoffi

  • bëssen Rahm

  • 2 gehackten Schalotten oder Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 gehackten Botte Péitersilich

  • Salz, Peffer an bëssen Muskoot

  • frësch geraspelten Parmesan

  • optional: 3 EL – 4 EL Panéiermiähl

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 170°C virwiärmen.
  • Chouxfleurs, Broccoli, Kohlrabi an Muurten an vill kooschendem Salzwaasser fir 5 Min. – 8 Min. blanchéiren. Aafschëdden an bëssen aafkéilen loossen.
  • An enger Schossel, den Stoffi, Schalotten, de Knuawléck, Péitersilich, Salz, Peffer an Muskoot goud mateneen vermëschen.
  • Bëssen Rahm drop schëdden su datt eng déckflëssig Zooss entsteht.
  • Datt ganzt Geméiss, Tomaten mam Stoffi vermëschen. An eng gebottert feierfest Form schëdden a bëssen verdeelen.
  • Parmesan driwer verdeelen. Wivill Parmesan datts du hëlls bleift dir iwerloss, fir ganz vill Mënschen jëtt et keen zevill Kiiss. 😉
  • optional: den Parmesan mam Panéiermiähl mëschen. Panéiermiähl hëllt Waasser op datt während dem baaschen aus dem Geméiss zéiht.
  • An deen waarmen Schiäffchen stellen an fir ongeféier 35 Min. baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*