Pasta alla Norma

Pasta alla Norma as eent klassischt sizilianischt Ässen. Den Naam kënnt angeblich van der Oper “Norma” vam Komponist Vincenzo Bellini.

Basis van dësem Rezept sen meest kuurz Nuddelen, wie Maccheroni oder Rigatoni, an enger Tomatenzooss, mat gebroodenen oder frittéierten Auberginenscheiwen. Traditionelle jëtt dës Pasta mat Ricotta Salata, engem kräftigen, salzigen Hartkiiss aus Schofsmëlich gemaat. Ech haat dës äer keen doheem, su datt ech Parmesan gehollt han.

Fir dëst Rezept brausch ech:

  • Maccheroni oder Rigatoni
  • Auberginen
  • Knuawléck
  • Pelati
  • frëschen Basilikum
  • Olivenualeg
  • Salz & Peffer
  • frësch geraspelten Parmesan

Zoubereedung:

Ech fänken aan mat den Auberginen, déi schnëgden ech an dënn Scheiwen. Scheiwen an eng Sei schichten an zwëschen all Schicht salzen, su datt Waasser raus zéien kann. Zougedeckt 1 Stonn stoen loossen.

Auberginenscheiwen mat Këchenpapeier aaftupfen.

An enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt vill Olivenualeg erhëtzen, an Auberginen do dran brooden/frittéiren. Op Këchenpapeier aafdrëpsen loossen an op Ségt stellen bis se gebrauscht jiänn.

Fir Zooss: An enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg wiärmen an de gehackten Knuawléck liit andënsten. Mam Pelati aafläschen an opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen. Op niddreger Hëtzt 10-15 Min kooschen loossen.

De Basilikum graff zerplécken an ënnert Zooss mëschen.

Iwerdeems vill Salzwaasser opkooschen an Nudelen no Packaanweisung al dente kooschen. Ogeféier no der haschent van der Kooschzéckt 1 Tass Nuddelwaasser raus hualen an op Ségt stellen.

Parmesan raspelen.

Subal Nuddelen färdeg sen, aafschëdden an ënnert Tomatenzooss mëchen. De Parmesan an Halschent van den Auberginen dobäi jiänn an alles goud vermëschen su datt eng cremig Zooss entsteht. Wann Zooss ze fest jëtt, bëssen Nuddelwaasser drop schëdden.

Deen Rest Auberginenscheiwen an bëssen Kiiss driwer verdeelen an direkt zervéiren.

Pasta alla Norma

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 500 g Maccheroni oder Rigatoni

  • 2 Auberginen

  • 800 ml Pelati

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 0,5 Bott frëschen, graff zerpléckten Basilkum

  • Olivenualeg

  • Peffer & Salz

  • 150 g frësch geraspelten Parmesan

Zoubereedung

  • Auberginen an Scheiwen schnégden. An enger Sei schichten an zwëschen all Schicht salzen, fir datt Waasser rauszéien kann. Zoigedeckt 1 Stonn stoen loossen.
  • Auberginenscheiwen mat Këchenpapeier drëchen tupfen.
  • An enger waarmer Pann, op mëttel Hëtzt vill Olivenualeg erhëtzen. Auberginen do dran van 2 Ségten frittéiren. Om Këchenpapeier aafdrëpsen loosen an op Ségt stellen bis se gebrauscht jiänn.
  • An enger annerer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt aandënsten.
  • Mam Pelati aafläschen an opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
  • Op niddreger Hëtzt 10-15 Min. kooschen loossen. De Basilkum ënnermëschen.
  • Vill Salzwaasser opkooschen loossen an Nuddelen no Packaanweisung al dente kooschen. No der Halschent van der Kooschzéckt eng Tass Waasser raus hualen an op Ségt stellen.
  • Nuddelen aafschëdden an ënnter Tomatenzooss mëschen. De Parmesan an Halschent van Auberginen ënnerréiren an alles gou vermëschen bis eng crèmig Zooss entsteht. Wann Zooss ze fest jëtt, bëssen Nuddelwaasser drop schëdden.
  • Deen Rest Auberginenscheiwen an na bëssen Parmesan driwer verdeelen an direkt zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*