Gromperen-Paprika-Courgetten Eintopf

Vegetarisch oder Vegan? Bei dësem Menü hat eent Wiäll wie een kooschen wëll. Den Ënnerscheed zwëschen Vegetarisch an Vegan as: De Vegetarier verzicht op Fleesch, ësst äwer Fësch, Eier an all Mëlichprodukter. De Veganer verzicht komplett op all déirischt Produkt.

Watt lo mi gesond as wees ech net, dofir beschäftigen ech mech net genou domatt. Geschicht vam Ässen as voller Anekdoten, Komischem an Wëssenwiärtem. De Geschmaasch van der Mënschheet, wor na zu all Zéckt ganz verschidden.

Hogt lossen mir eis van “et gefällt” oder “et gefällt nët” manipuléiren, su kann et dann mol passéieren, datt een vam Paradies ant Hell kënnt 😉 .

Jidereen soll su liäwen wie et him gefällt, an o ässen watt him schmëcht.

Fir dësen Eintopf hualen ech:

  • Paprika
  • Courgetten
  • Muurten
  • Gromperen
  • Ënnen oder Schalotten
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Kiischtentomaten
  • Geméissbréit
  • Peffer & Salz
  • Herbes de Provence
  • Lorbeerblaad
  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden
  • an fir Ganritur frëschen Péitersilich
  • optional: kann een dësen Eintopf zum Schluss na mat engem Schlupp Rahm verfeineren

Mise en Place

Gromperen schiälen ech an ech schnégden se an Würfel van ongeféier 1 cm – 1,5 cm. Die leen ech an kaalt Waasser an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

Beim Paprika kanns du bëssen mat den Faarwen spillen, ech haat na just gréinen an rugden Doheem. Deen han ech o an ongeféier die selwischt Griist geschnidden wie Gromperen.

Courgette han ech grëndlich gewäsch an se wie datt annert Geméiss an Würfel geschnidden.

Muurten jiänn geschiällt an o gewürfelt.

Kiischtentomaten han ech halbéiert.

Ënnen oder Schalotten , de Knuawléck an de Péitersilich han ech fein gehackt.

Zoubereedung

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Ualeg oder Botterschmalz, dann brooden ech eent noom anneren kräftig aan, ech han mat den Muurten aagefongen, déi raus geholt an op Ségt gestallt, dann de Paprika an zum Schluss Courgetten.

An deem selwischten Dëppen han ech dann Gromperen kräftig aangebrooden, subal déi bëssen Faaref aangehollt han, han ech Ënnen an de Knauwléck ënnergemëscht an mat aangebrooden.

Als nächst han ech Bréit drop geschott, äwer nëmmen suvill, datt Gromperen just bedeckt sen, Lorbeerblaad han ech mat dran geleit. Dann han ech datt Ganzt opkooschen geloss an Hëtzt dann raaf gedrigt.

No ongeféier 10 Min. han ech datt ganzt Geméiss ënnergemëscht. Gewürzt han ech mat bëssen Zitrounensaaft, Herbes de Provence, Salz an Peffer. Dann han ech mol, geschmaascht an alles su lang kooschen geloss, bis Gromperen mëll sen. Zum Schluss dann na eng kéier schmaaschen an evtl. noowürzen.

Kuurz viran Schluss Kiischtentomaten ënnermëschen an mat wiärmen.

Dann na just den Péitersilich driwer verdeelen an zervéiren.

Optional: kanns du bëssen Rahm ënneréiren.

Wëlls du datt Ganzt Vegan kooschen, keng Rahm oder du hëlls eent planzlicht Ersatzprodukt an natiirlech een planzlichen Ualeg fir aanzebrooden. Hei kanns du dann na gekooschten wäiss Bungen oder Kicheriärbessen (150 g – 200 g) mat ënnermëschen. Déi kanns du o mat an die vegetarisch Versioun mëschen.

Gromperen-Paprika-Courgetten Eintopf

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • 2 gewürfelt Muurten

  • 2 gewürfelten Paprika

  • 1 gewürfelt Courgette

  • 6 deck gewürfelt Gromperen

  • 2 gehackten Ënnen oder Schalotten

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 150 g halbéiert Kiischtentomaten

  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 300 ml Geméissbréit

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Peffer & Salz

  • 1-2 TL Herbes des Provence

  • 1 Lorbeerblaad

  • 0,5 Botte gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen, Muurten kräftig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Als nächst den Paprika aanbrooden, dann Courgetten.
  • An deem selwischten Dëppen Gromperen aanbrooden bis se Faaref kreien.
  • Dann Ënnen an den Knuawlék ënnermëschen an mat brooden.
  • Bréit drop schëdden su datt Gromperen just bedeckt sen, Lorbeeblaad mat dran leen an opkooschen loossen.
  • Hëtzt raaf driien an ongeféier 10 Min. kooschen loossen.
  • Datt gebroodend Geméiss ënnermëschen, mat Zitrounensaaft, Herbes de Provence, Salz an Peffer würzen.
  • Op niddriger Hëtzt su lang kooschen loossen bis Gromperen mëll sen. Dobäi ëmmer rem dran réiren. Schmaaschen an evtl. noowürzen.
  • Kuurz viran Schluss, Kiischtentomaten ënnermëschen an mat wiärmen.
  • Gehackten Péitersilich driwer verdeelen an zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*