Omlette aux fines herbes

Fines herbes

Ënner “fines herbes” versteht een, die kleng Planzen am Gaart déi dozou déinen een Zaloot, eng Omlette oder een Eintopf ze verfeineren. Et handelt sech am allegmengen em aromatisch Krégder.

An der fransiischer Këchen sen “fines herbes” mi kloer definéiert, dobäi handelt et sech, zu gleichen Deeler gemëschten: Péitersilich, Bratzelen, Kiärwel an Estragon.

D’Krégderomlette

Omelette aux fines herbes as eng Omlette, bei der frësch gehackten Krégder, Péitersilich, Bratzelen, Estragon an Kiärwel ënner die opgeschloen Eier gemëscht jiänn. Dës Krégder jiänn der Omelette een aromatischen frëschen Geschmaasch. D’Eier jiänn na mat Salz an Peffer gewürzt an dann an enger Pann mat bëssen waarmer Botter gebrooden, ouni datt Omlette Faaref aanhëllt. D’Omlette kann dann gefaalt oder gerullt zervéiert jiänn an as dachs eng beléift Wiäll beim Frühstück oder Brunch an Frankreich.

D’Krégderomlette hat mi eng lang Geschicht, déi bis ant Joer 1656 zereckreecht, ob et sech äwer dobäi em die traditionelle “fines herbes”-Mëschung handelt as net no ze séichen. Die ischt Rezepter an Béicher sen ëm 1830 opgetaucht. Krégderomlette kënnt ëmmer goud aan, et as eent liit, sparsaamt an interessant Ässen, datt deen frëschen Aroma vam Gaart hat.

Dann han ech na raus fond, eng Omlette déi just mat Péitersilich gemaat as, as keng “Omlette aux fines herbes”, just d’Omlette mat deen 4 Krégder duaref sech su nennen.

Fir dës Omlette brausch ech:

  • Eier
  • Péitersilich
  • Kiärwel
  • Bratzlen
  • Estragon
  • Peffer & Salz
  • Botter

Zoubereedung

Eier schloen ech an enger Schossel op, hei jëtt o gesoot Ei just mat enger Forschette opschloen an nie mat engem Schniibiäsem.

Krégder han ech ganz fein gehackt an mat bëssen Salz an Peffer ënnert Eier gemëscht.

Als nächst han ech eng Pann op Feier gesatt, Hëtzt net hii driien. Op niddrerg bis mëttler Hëtzt han ech de Botter schmëlzen geloss. Dann schëdden ech d’Eier dran, réiren liit, an subal Ei aanfänkt mat stocken net mi dran réiren.

Subal Ei fest genou as, falen ech Omlett an der Mëtt zesaamen.

Hei as natiirlech opzepassen, déi eng wëllen Eier ganz fest durich gebaasch, déi anner op de Punkt, an bei Anneren, do muss an der Mëtt d’Ei na flëssig sen. Ech maan se meestens op den Punkt, subal ech gesehn, datt Ei aafänkt uawen drop hart ze jiänn, klappen ech Omlett beineen, driien se na eng kéier an der Pann an leen se dann op een Teller. Sie zéiht dann na no, mais si bleift sching mëll an der Mëtt, äwer net “schnuddelig”.

Subal d’Omlette om Teller légt, fahren ech ma engem Steck Botter driwer, su jëtt se dann na sching blänkisch.

Dobäi as et eng Botterbottisch jiänn.

Omlette aux fines herbes

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 12 Eier

  • 1 EL gehackten Péitersilich

  • 1 EL gehackten Bratzelen

  • 1 EL gehackten Kiärwel

  • 1 EL gehackten Estragon

  • Salz & wäisse Peffer

  • 30 g Botter

Zoubereedung

  • An enger Schossel, d’Eier mat enger Forschette opschloen.
  • Kréger, Peffer an Salz ënnermëschen.
  • Eng Pann op niddreg bis mëttel Hëtzt erwiärmen an de Botter dran schmëlzen.
  • Ei dran schëdden, bëssen réiren, an subal Ei aafängt mat stocken nët mi réiren.
  • Subal Omlett fest as an uawen driwer na liit “schnuddelig”, zesaamenklappen.
  • Omlette an der Pann driien, kuurz rëm op Feier setzen an dann op een Teller leen.
  • Mat engem Schnatt Botter uawen driwer fahren, fir datt se sching blänkig jëtt.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*