Randfleesch mat Ënnen aus dem Wok

Die asiatisch Këchen liäft durich hier Aromen an exotisch Geméiss- an Obstzorten. All asiatischt Land an die eenzel Regiounen han hir eegen Spezialitéiten. Beim kooschen am Wok kanns du Fleesch, Fësch an Geméiss net nëmmen op de Punkt garen, die meest Vitaminen an Nährstoffer bleiwen erhalen. Sie zällt net fir näis zu enger van deen gesondste Këchen.

Umami

An der asiatischer Këchen jëtt vill mat Geschmacksvertsärker geschafft. An asiatischen Länner krëtt een datt an Polverform op lokalen Märt ze koofen. Ausserdeem steht et bei hinnen om Dësch als Gewürzmëttel wie bei eis den Maggi. Glutamat ënnerstëtzt die verschidden Aromen an verstiärikt se, dofir jëtt dachs deen Ausdrock “Umami” gehollt, datt heescht suvill wie “herzhaft, köstlich” an as niäwent: séiss, salzig, sauer an batter, deen 5 Grondgeschmaaschssënn. Umami jëtt et äwer net nëmmen chemisch an Polverform, Tomaten, Kooschelen, Parmesan, Fësch, … sen all Umami.

Asiatisch Restaurant

Do has du “die Qual der Wahl”, dachs stin 100ten verschidden Menüer op hiren Kaarten, komischerweis steht äwer nëmmen 1 Koosch an der Këchen. Vill asiatisch Restauranten fonktionéiren no engem Baukastensystem. Dësen Trick klappt durich Kombinatioun van verschidden Bestanddeeler.

Du has 5 Proteinquellen: Schwéng, Houhn, Rand, Fësch an Tofu. Dann verschidden Zorten Geméiss. Mat 4 veschiddenen Zoossen krëtt een su ouni vill Opwand 20 Menüer gekooscht. Mat 4 Beilaagen, wie gekooschten oder gebroodene Reis, gekooscht oder gebrooden Nuddelen as een well op 80 verschidden Menüer. An sie brauschen selwer net vill virzebereeden et krëtt een alles fiärdig gefruaren geliwert. Die meest Gewürzer déi gehollt jiänn, sen Ingwer, Chili, Curry an Sojazooss.

Fir dëst Rezept brausch ech:

  • Randfleesch
  • Ënnen
  • Knauwléck
  • rugde Paprika
  • Sojazooss donkel
  • Reiswéng
  • Reisessig
  • Maizena
  • Peffer
  • bëssen frëschen Ingwer
  • Ualeg fir ze brooden, hei kanns du een neutralen Ualeg deen hii erhëtztbar as hualen oder Erdnossualeg.
  • Optional kanns du na eng Zoss maan fir zum Schluss na ënnerzemëschen, ech rooden äwer dovaan aaf, de Menü schmëscht do durich pappig.
  • Oysterzooss
  • Sojzooss donkel
  • Reisessig
  • Mirin
  • Sesamualeg
  • Waasser

Mise en Place:

Fleesch an dënn Streifen schnégden, mat der Sojazooss, dem Reiswéng, dem Reisessig an dem Maizena mëschen an 60 Min. am Frigo durich zéien loossen. Mat dëser Marinade kanns du all Fleesch fir den Wok würzen.

D’Ënnen, de Knuawléck an de Paprika an dënn Streifen schnégden.

Den Ingwer fein raspelen.

Alles fir Zooss mateneen mëschen an op Ségt stellen bis se gebrauscht jëtt.

Zoubereedung:

De Wok op Feier stellen an kräftig wiärmen. Bëssen Ualeg dran maan, subaal deen waarem genou as Fleesch kräftig aanbrooden, mat Peffer würzen, raus hualen an op Ségt stellen.

Bëssen Ualeg an Wok jiänn an d’Ënnen ënner stännigem réiren 2 Min. brooden.

Als nächst den Paprika ënnermëschen an rëm 2 Min. brooden.

Dann den Knuawléckan den Ingwer drënner mëschen an 1 Min. brooden.

Zum Schluss Fleesch rëm ënnermëschen an kräftig schwenken an wiärmen.

Zooss drop schëdden, kuurz mat erhëtzen bis se aafängt mi deck ze jiänn.

Ech schreiwen Zooss mat ant Rezept, ech muss déi äwer net drop han. Durich datt kuurz brooden bleift alles saaftig.

Dobäi passt natiirlech Reis, Basmatireis oder Jasminreis.

Randfleesch mat Ënnen aus dem Wok

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 300 g an dënn Streifen geschniddend Randfleesch (Steak)

  • 3 an dënn Streifen geschnidden Ënnen

  • 1 an dënn Streifen geschniddene rugde Paprika

  • 1 an dënn Streifen gechniddene Knuawléck

  • Peffer

  • 10 g fein gehackten oder geraspelten Ingwer

  • 4 EL neutralen Ualeg oder Erdnossualeg fir ze brooden.

  • Fir Marinade
  • 2 EL donkel Sojazooss

  • 1 EL Reisessig

  • 1 EL Reiswéng (Sake)

  • 2 EL Maizena

  • Fir Zooss
  • 3 EL Oysterzooss

  • 1 EL donkel Sojazooss

  • 1 EL Reisessig

  • 2 EL Mirin

  • 1 EL Sesamualeg

Zoubereedung

  • Randfleesch mat der Sojazooss, dem Reiswéng, dem Reisessig an dem Maizena mëschen an fir ongeféier 60 Min. an de Frigo stellen.
  • De Wok kräftig erhëtzen an 2 El Ualeg erwiärmen.
  • Fleesch kräftig all rondrëm aanbrooden, mat Peffer würzen, raus hualen an op Ségt stellen.
  • 2 El Ualeg am waarmen Wok erhëtzen an d’Ënnen 2 Min. kräftig brooden.
  • Dann de Paprika ënnermëschen an rëm 2 Min. kräftig brooden.
  • Als nächst den Knuawléck an den Ingwer ënnermëschen an 1 Min. brooden.
  • Dann Fleesch ënnermëschen, an ënner schwenken wiärmen.
  • Sämtlich zutaten fir Zooss mëschen an bei Fleesch schëdden, kuurz erwiärmen bis se aafänkt mi deck ze jiän.
  • Dobäi passt natiirlech Reis, Basmatireis oder Jasminreis.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*