Rigatoni mat gebaaschen Tomaten, Stoffi an Pesto

Rigatoni, perfekt al dente gekooscht , verschmolzen mat enger crémiger Mëschung aus Stoffi an Pesto. Datt as äwer rischt den Aafank. Om Teller een Hiwel voll sonnenverwiännt an Olivenualeg geréistert Tomaten, déi bei all Maufel een séissen an herzhaften Aroma freisetzen. Tomaten sen su zart datt se am Mond schmëlzen an gleichzégtig een liiten Röstaroma hannerlossen. Kombinatioun aus Pesto, mat deem frëschen Geschmaasch vam Basilikum an deen kräftigen Goût vam Knauwléck an Parmesan, vermëscht mat Stoffi, as eent Aromenspill an dengem Mond.

Dofir brausch ech:

  • Pasta (Rigatoni, Penne, Rigate, Maccheroni)
  • Basilikum Pesto
  • Stoffi
  • Kiischtentomaten
  • bëssen Olivenualeg
  • Peffer & Salz
  • Gedrëchenten Oregano

Zoubereedung

Bei all Pasta, egal watt fir eng datts du kooschs, as et ëmmer wichtig, datt Zooss färdeg as ärt Nuddelen gar sen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.

Kiischtentomaten wäschen ech, dann halbéiren ech se an leen se an eng feierfest Form, déi würzen ech mat Salz, Peffer an gedrëchentem Oregano. Do driwer verdeelen ech dann bëssen Olivenualeg an setzen se fir ongeféier 20 Min. an de Schiäffchen.

Als nächst setzen ech gesalzent Waasser op fir Nuddelen ze kooschen.

Iwerdeems ech drop waarden datt Waasser kooscht, mëschen ech den Stoffi, mam Pesto, würzen na bëssen mat Peffer an Salz an schëdden ongeféier 0,5 Glas Waasser dobäi. Datt vermëschen ech goud an stellen et op Ségt bis ech Zooss brausch.

Subal mengt Waasser kooscht, schëdden ech Nuddelen dran an kooschen se no Packaaweisung al dente.

Wann Nuddelen färdeg sen, schëdden ech se aaf, leen se an eng Schossel, mëschen Tomaten drënner , an dann Stoffimëschung. Du kanns datt o alles am Dëppen mëschen, Dëppen äwer net mi op Feier setzen.

Rigatoni mat gebaaschen Tomaten, Stoffi an Pesto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

25

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 500 g Pasta

  • 300 g halbéiert Kiischtentomaten

  • bëssen Olivenualeg

  • Peffer & Salz

  • gedrëchenten Oregano

  • 250 g Stoffi

  • 100 g Basilikum Pesto

  • 60 ml Waasser

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Tomaten an eng feierfest Form leen, mat Salz, Peffer an Oregano würzen. Bëssen Olivenualeg driwer verdeelen an fir ongeféier 20 Min. an de Schiäffchen stellen.
  • Salzwaasser fir d’Nuddelen opsetzen.
  • Iwerdeems, de Stoffi mam Pesto, Waasser an bëssen Salz an Peffer mëschen an op Ségt stellen bis Zooss gebrauscht jëtt.
  • Nuddelen no Packaaweisung al dente kooschen.
  • Subal Nuddelen färdeg sen, aafschëdden an eng Schossel leen oder zereck ant Dëppen, Dëppen äwer net mi op Feier setzen, an mat den Tomaten an der Stoffimëschung mëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*