Mignon de porc mat Krégder

Schwéngsfilet as eent van deen zaartesten an dachs o datt deierst Stéck Fleesch vam Schwéng. Et as eent langt dënnt Stéck Muskelfleesch, datt an all Zooss oder o ganz ouni Zooss zoubereed kann jiänn. Schwéngsfilet mat Krégder as een Genoss, bei deem den Filet mat enger Mëschung aus verschiddene frësche Krégder gewürzt an dann gebrooden jëtt. Dëst Ässen as bekannt fir seng zart Textur an sein aromatischen Geschmaasch. Et as delikat an äwer herzhaft fir eent köstlicht Mëttig- oder Owesässen.

Ob am Steck oder an Medaillon geschnidden, passt et zu séissen wie zu herzhaften Aromen an sugar gedrëchent kann et z.B. beim Apéritifs greecht jiänn.

Fir dëst Rezept brausch ech:

  • Mignon de porc
  • Salz
  • Peffer
  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

Fir de Würzualeg

  • Knuawléck
  • Basilikum
  • Kiärwel
  • Péitersilich
  • Thymian
  • Rosmarin
  • Olivenualeg

Zoubereedung

Ech fänken aan, datt ech Fleesch salzen an et iwert Nait an den Frigo leen.

Fir den Würzualeg, hacken ech den Knuawléck an Krégder fein, datt mëschen ech dann mat Olivenualeg an setzen en op Ségt bis ech en brausch.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Ualeg, an brooden Fleesch al rondrëm kräftig aan. Dann würzen ech et mat Peffer, an verdeelen den Würzualeg driwer.

Fleesch setzen ech dann an deen waarmern Schiäffchen an loossen et bei 180°C ongeféier 20 Min. färdeg brooden. Oder bei niddreggaren bei 80°C ongeféier 1,5 Stonnen. De Filet as bei ongeféier 65°C medium/rosa gebrooden. Hual Fleesch bëssen mi fréih aus dem Schiäffchen ( bei 63°C) an loss et 5-10 Min. ruhen, et zéiht dann na no an erreecht su die gewënschten Temperatur.

Wie lang et wirklich brausch hängt natiirlech ëmmer van der Déckt vam Steck aaf an wies du et gebrooden wëlls han. Entscheeds du dech fir Niddreggaren dann brausch et bal 1,5 Stonnen bei 80°C. Niddreggaren hat deen Virdeel, datt manner Saaft aus dem Fleesch austrëtt an Fleesch mi saftig bleift.

Mignon de porc mat Krégder

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • Fir Fleesch
  • 2 Schwéngsfilet

  • Salz

  • Peffer

  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

  • De Würzualeg
  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 2 EL frëschen gehackten Péitersilich

  • 1 EL frëschen gehackten Basilikum

  • 1 EL frëschen gehackten Kiärwel

  • 1 EL frëschen gehackten Thymian

  • 1 EL frëschen gehackten Rosmarin

  • 250 ml Olivenualeg

Zoubereedung

  • Fleesch salzen an iwert Nait an den Frigo leen.
  • Fir den Würzualeg, alles goud mateneen vermëschen, an op Ségt stellen bis en gebrauscht jëtt.
  • An enger waarmer Pann Ualeg erhëtzen an Fleesch all rondrëm kräftig aanbrooden.
  • Mat Peffer würzen, an mam Würzualeg anpinselen. Den Thermometer ant Fleesch steechen.
  • De Schiäffchen op 180°C oder fir niddreg ze garen op 80°C virwiärmen.
  • Fleesch an deen waarmen Schiäffchen setzen an su lang brooden bis et eng Kärtempertur van 63°C erreecht hat.
  • Fleesch raus hualen an 5-10 Min. ruhen loossen.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*