Hunneg-Mostert-Dressing

Su eng Zaloot as jo wirklich eppes leckeres, mais su ganz ouni Vinäigrette oder Dressing as et äwer ischter eppes Langweiliges. Hogt maan ech eng gemëschten Zaloot, mat waarmem Poulet an Hunneg-Dressing.

Befir ech äwer zum Rezept kommen, des Woosch wor eng “Gästin” am Boutik, déi eng Zaloot wollt. Madame hat gefroot op Zocker am Dressing as? Watt mech op Iddi breit hat mol bëssen iwer déi industrielle produzéiert Dressingen ze schreiwen. Déi sech Méintelang haalen an ongekéilt am Boutik an de Regaler stinn.

Watt op alle Fall ganz kloer as, een selwer gemaaten Dressing as vill mi gesond, hat vill manner Zocker an manner Kalorien.

Selwer gemaat vs. Industriell

Während deen traditionell zoubereeten Dressing aus 6-10 Zutaten bestoen kann, besteht deen Industriell produzéierten aus bis zu 16-20 verschidden Zutaten. Jo an et muss o bëssen Mostert an Hunneg dran sen soss duraref den Dressing sech nämlich net su nennen. As näist van deene Saaschen dran steht meestens om Etiquette “nach Art” oder “Typ”.

Selwer gemaat

  • Hunneg
  • Mostert
  • Essig (wäisse Wéng, helle Balsamico oder Äppelessig)
  • Zitrounensaaft
  • Ualeg (neutralen Ualeg oder Olivenualeg)
  • Peffer & Salz
  • verschidden Krégder wie Dill, Péitersilich an Bratzelen

Zoubereedung

Den Hunneg, Mostert, Essig an Zitrounesaaft maan ech an eng Schossel an verréiren datt, bis sech den Hunneg komplett opgeliest hat.

Dann würzen ech mat Salz an Peffer

Zum Schluss schëdden ech ënner stännigem réiren den Ualeg dobäi, wie bei enger Mayonnaise. Su entsteht eng Emulsioun an den Dressing jëtt crémig

Industriell

  • Waasser, as am meesten dran, et as bëllig.
  • Rapsualeg (as o bëllig)
  • Essig
  • Salz
  • Mostert (7%-10%)
  • Mostertkären
  • Zocker
  • Zitrounensäier an Polwerform.
  • Glukose-Fruktose-Sirup (Zocker) dobäi as den Fruktose ongesond an jëtt an gruussen Mengen sugar als geféierlech angestuuft. Bis 2017 wor geregelt wivill am Produkt verschafft jiänn as. Hogt kann et onbegrenzt angesatt jiänn.
  • Hunneg (3%-5%) (Zocker)
  • Modifizéiert Stärke, eent Bindemëttel datt o kaal Liäwensmëttel bënd.
  • Xantan as een “mehrfachzocker” an eent Bindemëttel.
  • Johannisbrotkernmehl, as onbedenklich, vegan, glutenfrei an laktosefrei, eppes watt een o su als Bindemëttel notzen kann. An der Industrie jëtt et als Bindemëttel, Geléiermëttel an Satbilisator genotzt.
  • Guarkernmehl, (Mehrfachzucker) jëtt Opgrond van senger gleichmässiger Textur an senger Eegenschaft, Gelee ze bilden als Verdeckungsmëttel, Satbilisator an Emulgator an der Industrie genotzt. Et jëtt o gehollt fir Kiisersatz ze produzéieren. Mënschen déi eng Sojaallergie han, sollen bei dësem Miähl oppassen, sie kannen o do drop reagéiren.
  • Kaliumsorbat, as eent Konservéirungsmëttel, et jëtt an villen industriell produzéierten Liäwensmëttel verschafft. Rengt Kaliumsorbat kann Hogt an Auen reizen an as gëftig fir den Körper.
  • Lecithin (as am Eijiäll), déint fir ze fiärwen an ze bannen.
  • Faarefstoffer: do kann Beta-Carotin, Lutein, Caramel oder Paprikaextrakt gehollt jiänn, den Dressing soll jo sching jiäll jiänn. Meestens sen 2-3 Zorten ënnergemëscht.

All die verschidden Bindungsmëttel an dem Industriell produzéierten Dressing, déinen der Haltbarkeet, datt Produkt bënnt oder geléiert, datt sech durich die lang haltbarkeet keng Kristallen bilden, an datt fest Bestanddeeler an der Zooss schwammen an sech net om Buadem sammlen. Op engem Produkt stung sugar Eijäll van Houhner aus Freilandhaltung.

Den Ënnerscheed zwëschen deene 2 Dressingen as, deen selwer gemaaten schmëcht besser, hat manner Kalorien an manner Zocker, en as just net su lang haltbar.

Fir een frëschen Dressing ze maan brauchs du net mi lang wie 5 Minuten, du kanns sämtlich Zutaten an eent Glas oder Fläsch fëllen, fest verschléissen an kräftig während paar Min. rëselen. Dodurich entsteht o eng Emulsioun, die äwer net graad su stabil as wie bei der Geréierter. An deen selwergemaaten Dressing kënnt ganz ouni Waasser aus.

Hunneg-Mostert-Dressing

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

10

Minuten

Zutaten

  • 2 EL Hunneg

  • 2 TL Dijon Mostert

  • 30 ml Essig (wäisse Wéngessig, hellen Balsamico oder Äpperlessig)

  • Saaf van 0,5 Zitroun

  • 100 ml Ualeg (neutralen Ualeg oder Olivenualeg)

  • Peffer & Salz

  • 1 TL frësch geschnidden Bratzelen

  • 1 TL frësch gehackten Dill

  • 2 TL frësch gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Den Hunneg mam Mostert, Essig an Zitrounensaaft mëschen.
  • Mat Salz an Peffer würzen.
  • Ënner stännigem réiren, den Ualeg gemellich dobäi schëdden, wie bei enger Mayonnaise. Su entsteht eng Emulsioun an den Dressing jëtt crémig.
  • Krégder ënnerréiren.
  • Sämtlich Zutaten kanns du o an eent Glas fëllen, fest verschléissen an während paar Min. kräftig rëselen. Su entsteht o eng Emulsioun, déi äwer net graad su stabil as wie beim geréierten Dressing.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*