Spicy Gewürzmëschung

Ween et jiären scharef hat oder einfasch nëmmen würzig, fir deen as dës Gewürzmëschung genau datt richtigt.

Chilipolwer, Cayennepeffer, Paprikapolwer

Vill scharef Gewürzmëschungen bestinn aus Chilipolwer, Cayennepeffer an Paprikapolwer, et jëtt äwer Ennerscheeder bei deen 3 Polwerzorten:

  • de Cayennepeffer besteht nëmmen aus scharefen Chilischoten an as domatt o datt Polwer watt am meesten Feier hat.
  • Chilipolwer as eng Mëschung aus verschidden Zorten Chili, Knuawléck, Neelcheskäpp, Cumin, Knuawléck…
  • Beim Paprikaplower jiän et o ennerscheeder:
  • Paprika edelsüss, do jëtt nëmmen Fleesch vam Paprika gehollt, et hat een séisslichen mëllen Aroma.
  • Paprika rosenscharf, bei dësem Gewürz sen die wäiss Trennwänn an Kären mat gedrëchent an gemahlen, datt jëtt dësem Polwer een pefferigen Goût.
  • gereechert Paprikapolwer hat een herben, rauchigen Aroma deen aan gereecherten Speck erënnert.

Mëschung

Ech han net vill iwerig fir Knuawléckpolwer an Ënnenpolwer, bei deene gekooften Versiounen sen ganz dachs Saaschen mat ënnergemëscht déi ech net unbedingt an mengem Ässen han wëll.

Aus engem “Dry Rub” wie et bei den Amerikaner üblich as, jëtt bei mir meestens eng Marinade, déi genau deen selwischten Déinst mëcht. Dachs jëtt beim Dry Rub Fleesch suwisu naas gemaat, fir datt Gewürz pësche bleift.

Zutaten:

  • Cayennepeffer oder frësch Chilischoten. Bei frëschen Chilischoten as ëmmer opzepassen wie scharef datt se sen. Déi een hei am Buttik ze koofen krëtt, sen meestens mi mëll (fir eis zwar scharef) am Goût wie déi aus dem Asiashop oder am Afrikashop. Hei musst du selwer austesten wie scharef datts du et han wëlls.
  • Paprikapolwer rosenscharf
  • Cumin (Kreuzkümmel) Hëlls du Cuminsoom, an du réisters deen firtischt an enger drëchener Pann, dann am Mörser zerdrecken, krëtt Gewürzmëschung rëm een anneren Goût.
  • Salz
  • schwarze Peffer
  • gedrëchenten Oregano, deen gedrëchenten Oregano as mi starik am Aroma wie deen frëschen. Ausserdeem verfléit beim frëschen Oregano den Aroma ganz siier. Frëschen Oregano ëmmer rischt zum Schluss ënnert Ässen mëschen an nëmmen kuurz mat kooschen. Während gedrëchenten Oregano lang mat gekooscht kann jiänn.
  • frësch Ënnen
  • frëschen Knuawléck
  • Olivenualeg

Zoubereedung:

De Knuawléck an d’Ënnen hacken ech ganz fein. Has du frësch Chilischoten an frëschen Oregano, datt o alles ganz fein hacken. O wann et bëssen mi lang dauert, hack alles op der Hand. Eng Maschine as zwar Kamout, mais Gewürz schmëscht annecht.

Dann mëschen ech alles mateneen, an schëdden Olivenualeg drop bis eng deckflëssig Past entsteht. Du kanns natiirlech o een neutralen Ualeg hualen.

Fleesch mat dëser Marinade anreiwen, goud anmasséieren an iwert Nait an de Frigo stellen. Dës Marinade passt goud bei Gefligel, Schwéngefleesch, Fësch an Geméiss.

Spicy Gewürzmëschung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1-2 TL Cayennpeffer oder 2-3 frësch Chilischoten, ech han mat 1 TL gemëscht an fir mech as Gewüz goud su, scharef, mais et schmëcht een watt dran as.

  • 1,5 TL Paprikapolwer rosenscharf

  • 2 TL Cumin

  • 2 TL Salz

  • 0,5 TL schwarze Peffer

  • 1 TL gedrëchenten Oregano oder 4 TL frësch gehackten Oregano

  • 1 gehackten kleng Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • Olivenualeg

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen.
  • Suvill Olivenualeg drop schëdden bis eng deckflëssig Past entsteht
  • Fleesch domat anreiwen, Marinade goud anmasséiren an iwert Nait an de Frigo stellen.
  • Dës Marinade passt goud bei Gefligel, Schwéngefleesch, Fësch an Geméiss.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*