Kooschen mat Lavendel

Ween bei Lavendel als ischt aan den Kléiderschaff denkt, légt mol ga net su falsch. Deen bloumig-séissen Geroosch vam Lavendel empfënnt jidfereen als angenhem, wann o bëssen aalmoudisch. Lavendel as eent Krogt datt well iwer 2500 Joer verschafft jëtt, an Doftkëssen, an der Seef, an Kiärzen oder am Parfüm…

Lavendel als Gewürzkrogt

Wann van Lavendel als Gewürzkrogt geschuatt jëtt handelt et sech ëmmer em deen “echten Lavendel”, et jiänn ganz vill anner Zorten déi han äwer winig Aroma an vill ze een séisslichem Parfüm an sen o net gedeit fir ze kooschen. Vill Mënschen han den Geroosch vam Lavendel jiären kannen sech äwer net virstellen domatt ze kooschen. Dobäi kann en äwer an verschidden Gewürzmëschungen wie den Herbes de Provence oder Ras el-Hanut mat dran sen.

Würzen mat Lavendel

D’Aromen vam Lavendel sen liesslich am Fett an am Alkohol. Et jëtt gerooden, den Lavendel sparsam ze doséiren an en net ze lang an ze waarem mat ze kooschen, well en jiären een seefigen Aroma entweckelt. Fir ze würzen jiänn Bléihen an Bläder gehollt, et lungt sech awer Äst ze halen an fir d’Reecheren oder beim Grillen ze notzen an deem een se mat ant Feier leecht. De Lavendel brausch an der Këchen starik Mattspiller, do béiden sech die mediterran Krégder aan, well déi all starik Aromen han an sech net vam Lavendel dominéiren lossen.

Zu watt passt Lavendel

  • Lavendel harmonéiert goud mat kräftigem Schammelkiiss, wie Roquefort, Stilton oder Gorgonzola, genausu wie mat Lamm- oder Hammelfleesch.
  • Bläder vam Lavendel sen ähnlich hart wie den Rosmarin an sollen kleng gehackt jiänn. Du kanns genausu wie Rosmaringromperen, Lavendlgromperen maan an o wann et aafangs aan Rosmaringromperen erënnert, brengt den Lavendel ganz ongewiännten Aromen mat.
  • Ausserdeem loossen sech Desserten oder Gebeets mat Lavendel verfeineren. Kuurz viraam aaffëllen vam Gebeets bëssen Lavendel ënnergemëscht, an Desserten wie z.B. an enger Schoklasmousse oder an enger Glace.
  • Hunneg kanns du selwer mat Lavendel aromatiséiren, an deems du Bléihen ënnermëchs an den Hunneg vir paar Wooschen an d’Sonn stells, dono filteren an Bléihe kann een an engem Dessert viraan verschaffen.
  • Oder du mahls Bléihe mat Zocker ze engem feine Polwer. Den Zocker absorbéiert die ätherisch Ualeger aus der opgebrooschener Bléih an du krëss su een feinen Lavendelzocker.

Rëppercher an enger Lavendel-Hunneg-Marinade

Fir dest Rezept brausch ech:

  • Olivenualeg
  • Hunneg
  • gedrëchenten oder frëschen Thymian
  • gedrëchenten oder frëschen Lavendel
  • Zitrounensaaft an -zesten
  • Knuawléck
  • Peffer & Salz
  • Rëppercher, du kanns o Poulet hualen.

Zouberreedung

De Knuawléck schiälen ech an hacken en graff.

An enger Schossel mëschen ech den Olivenualeg, den Hunneg, Zitrounensaaft an -zesten, datt réiren ech bis den Hunneg sech opgeliisst hat.

Dann mëschen ech den Knauwléck, Thymian, Lavendel, Peffer an Salz drënner. Wanns du frëschen Thymian an Lavendel hëlls, Äst firtischt strëppen.

Dës Marinade schëdden ech iwert Rëppercher an setzen se iwert Nait an den Frigo. Wanns du draan denks kanns du Fleesch driien.

Den Daag drop wiärmen ech den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Fleesch an eng feierfest Form leen, 2-3 EL van der Marinade driwer verdeelen an brooden. Een Poulet am besten mat Thermometer, deen wärt ongeféier 50-60 Min. brauschen bis en gar as. Rëppercher sen an ongeféier 35-40 Min. durich gebrooden.

Rëppercher an enger Lavendel-Hunneg- Marinade

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 1,2 kg Rëppercher oder Poulet

  • 8-10 EL Olivenualeg

  • 5 EL Hunneg

  • 4 Thymianäst (gestrëppt) oder 1,5 TL gedrëchenten Thymian

  • 3 Lavendeläst (gestrëppt) oder 1 TL gedrëchenten Lavendel

  • Saaft an Zesten van 1 Zitroun

  • 2 graff gehackten Ziiwen Knauwléck

  • 2 TL Salz

  • 1 TL Peffer

Zoubereedung

  • An enger Schossel den Olivenualeg, Zutrounensaaft an -zesten an den Hunneg mëschen, bis en Hunneg sech opgeliest hat.
  • Deen gestrëppten Thymian, Lavendel an Knuawléck, Peffer an Salz ënnermëschen.
  • Marinade iwert den Rëppercher oder dem Poulet verdeelen an iwert Nait am Frigo durichzéien loossen. Wanns du draan denks Fleesch eng kéier driien.
  • Den Daag drop, den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Fleesch an eng feierfest Form leen, 2-3 EL Marinade driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen brooden. Bei engem Poulet am besten mat Thermometer deen brausch ongeféier 50-60 Min. . Rëppercher missten an 35-40 Min. durich gebrooden sen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*