Geméisszopp

Die klassisch Geméisszopp

Die klassisch Geméisszopp as su beléift, well sie vill gesond Geméisszorten enthält, déi Geschmaasch an Nährstoffe béiden. Sie kann je no Saison aangepasst jiänn, an si as einfasch zouzebreeden, an sie kann als Entrée oder Hauptplat zervéiert jiänn. Kombinatioun aus Geméiss, Bréit, Gewürzer an Krégder jëtt hir een herzhaften Geschmaasch, deen bei villen Mënschen goud aankënnt.

Die aal Rezepter

Watt mëch ëmmer rëm aan aaler Rezepter faszinéiert as die Raffinesse, mat nëmmen frëschen Liäwensmëttel paar Gewürzer an Krégder, su een kräftigen Aroma hin ze kreien. Et jiänn paar ganz einfasch Methouden fir datt eng Geméisszopp net fad schmëcht a datt trotz kuurzer Kooschzéckt.

  • Dëst Rezept as einfasch an onkomplizéiert. Et muss een zwar vill Geméiss kleng schnibbelen, mais fir mech as datt ischter Entspannung wie Stress. Frëscht Geméiss krëtt een datt ganzt Joer iwer am Buttik ze koofen. Allerdings kanns du natiirlech nëmmen saisonaalt Geméiss hualen. Wann een keen Gaard hat an deem die verschidden Zorten Geméiss waassen, am besten Regional koofen. Vill Landwirtschaftlich Betriiber han mëttlerweil kleng Buttiker an deem een ëmmer saisonaalt Geméiss ze koofen krëtt.
  • Deen vollen Aroma, kënnt net nëmmen durich schnégden an kooschen vam Geméiss, mais o durich andënsten an gouder Botter. Su entweckelt Geméiss Aroma, wann een dann Geméiss na liit karamelsiséiert krëtt Zopp na mi Aroma.
  • Dës Zopp liist sech goud am viraus zoubereeden an opwiärmen. Rester kann een ganz einfasch anfréiren. An o fir den Aaffall jëtt et eng Liesung. Ech sammelen deen an enger Tuut an der Truh an kooschen domatt eng Geméissbréit.

Wie gelengt eng goud Geméisszopp?

Eng Geméisszopp besteht nëmmen aus paar Zutaten an do muss/soll den maximum rausgehollt jiänn.

Natiirlech kann een Geméiss einfasch kleng schnégden an et kooschen. Do fehlen dann äwer die ganz typisch Aromen, déi just beim dënsten enstinn. Ausserdeem as et am besten Geméisszopp mat enger Geméissbréit ze kooschen, durich die kuurz Kooschzéckt, krëtt een net deen ganzen Aroma aus dem Geméiss raus. Geméiss soll äwer o net dugd gekooscht sen. Eng Geméissbréit brengt zousätzlichen Aroma.

Zutaten:

  • Portetten
  • Kohlrabi
  • Muurten
  • wäissen oder gréine Kappes
  • Knollenzellerie
  • Gromperen
  • Botter
  • Geméissbréit

Gewürzer an Krégder fir an su eng Zopp sen natiirlech o wichtig. An eng klassisch Geméisszopp gehieren:

  • Pefferkären
  • Salz
  • Maggikrogt
  • Lorbeerblad
  • Neelcheskäpp
  • Waakelter
  • gehackten Péitersilch fir Garnitur

Fir datt een dës Gewüzer rëm fënnt maan ech se an een Gewürzei, su kann ech se zum Schluss ganz einfasch raus hualen. Verwendung van dësen Gewürzer, déint net nëmmen dozou Zopp ze aromatiséiren, sie sen wie een Geschmaachsverstärker an ënnerstëtzen an hiäwen den Goût vam Geméiss.

Aroma entfaalen

Befir ech datt ganz kleng geschnibbelt Geméiss kooschen, wiärmen ech, op mëttel Hëtzt an engem waarmen Dëppen, en goude Schnatt Botter, dodran dënsten ech firtischt Poretten aan, déi lossen ech dann mol paar Min. dënsten, dobäi ëmmer rëm dran réiren, nët datt se aanbrennen.

Als nächst mëchen ech Muurten, den Zellerie, den Kappes an de Kohlrabi drënner an dënsten datt Ganzt fir ongeféier 10 Min – 15 Min. An hei o ëmmer rëm dran réiren. De Botter an datt liit karamelsiséiren suargen dofir datt sech Geméissaromen besser entfaalen kannen.

Dann schëdden ech hausgemaaten Geméissbréit drop. Firwatt hausgemaat? Sie as besser an ech entscheeden jiären selwer wivill Salz ech dran maan. Ausserdem as an deem industirellen Cube Zocker dran, an bei mir kënnt datt séisst nëmmen durich datt liit karamelsiéiren vam Geméiss.

Hëtzt driien ech rop, an subal Zopp kooscht leen ech Gewürzei dran, schmaaschen an kucken ob ech dann na Salz dran maan muss.

Hëtzt driien ech dann rëm raaf an loossen Zopp ongeféier 20 Min. kooschen.

No deen 20 Min. mëchen ech Gromperen ënnert Zopp an lossen alles na eng kéier fir 20 Min. op niddreger Hëtzt kooschen.

Gewürzei hualen ech raus. Schmaaschen Zopp na eng kéier, viraam zervéiren mëschen ech een Deel vam gehackten Péitersilich ënnert Zopp an deen rest streien ech als Garnitur driwer.

Natiirlech kann een o Wiischtercher mat an Zopp schnégden oder aangebrooden Speckwürfelen.

Geméisszopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 3-4 EL Botter

  • 100 g kleng geschnidden Poretten

  • 100 g kleng gewürfelt Kohlrabi

  • 100 g kleng gewürfelt Muurten

  • 100 g wäissen oder gréine Kappes

  • 100 g kleng gewürfelten Knollenzellerie

  • 100 g kleng gewürfelt Gromperen

  • 2,5 L Geméissbréit

  • Salz

  • 1 TL schwarz Pefferkären

  • 1 Lorbeerblaad

  • 2 Neelcheskäpp

  • 2 Waakelterkären

  • 1 Botte gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen op mëttel Hëtzt Botter schmëlzen.
  • An der waarmer Botter Poretten ongeféier 5 Min. dënsten, ëmmer rëm dran réiren net datt se aanbrennen.
  • Muurten, Kappes, Kohlrabi an Zellerie ënnermëschen an fir ongeféier 10 Min. dënsten. Hei o ëmmer rëm dran réiren.
  • Bréit drop schëdden an opkooschen lossen.
  • Gewürzei dran leen, schmaaschen an evtl. salzen.
  • No 20 Min. Gromperen ënnermëschen an dann na eng kéier 20 Min, kooschen loossen.
  • Schmaaschen, evtl. noowürzen. Gewürzei raus hualen, an Halschent vam Péitersilich ënnermëschen.
  • Viraam zervéiren na bëssen frëschen Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*