Toast Champignons

“Champignons” as an Frankreich deen allgemengen Begrëff fir “Pilz”. Champignons heescht am Fransiischen “Agaric” eng Kooschel mat Hout an Lamellen. Ganz siier hat een erkannt datt Kooschelen am besten an donkle kéilen Kelleren waassen, die ischt Champignonszuchten sen äwer rischt Aafank vam 20ten Joerhonnert entstannen. Kooschel wir mir se Hogt aus dem Buttik kennen wor fréier een Luxusartikel an eng deier Delikatesse.

Am Rezept van Fréier hat sech net vill geännert, et as eent getoast Stéck Brugd mat Kooschelen an enger Rahmzooss.

Die letzt Woosch han ech dësen Toast well eng kéier gekooscht, mat frësch gepléckten Wisenchampignons. En as mir o richtig goud gelongen. Ech konnt äwer keng Foto dovaan maan. Dodurich datt et an deen letzen Wooschen suvill gereent hat woren Kooschelen all op, an Lamellen sen donkelbrong bal schwarz jiänn, su datt den Toast net wirklich apetitlich ausgesehen hat. 😉 Allerdings as den Geschmaasch mat deen Kooschelen aus dem Buttik net ze vergläichen, et as lang hiär, datt ech su goud Kooschelen gäss han.

Zutaten:

  • Kooschelen, du kanns egal watt fir eng Kooschel hualen, oder o mëschen.
  • Brugd, hei has du natiirlech o d’Wiäll, ech han eng Baurebaguette gehollt.
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Botter
  • een drëchene wäisse Wéng
  • Rahm
  • Peffer & Salz
  • bëssen Zitrounensaaft
  • frësch geraspelten Pecorion oder Parmesan
  • gehackten Péitersilich
  • Optional: bëssen Miähl

Zoubereedung:

Kooschelen han ech mat enger mëller Biischt proper gemaat an a dënn Scheiwen geschnidden. Du kanns se äwer o wann se net ze gruuss sen ganz loosen oder an véirel schnégden.

Schalotten schnégden ech an kleng Würfel an den Knuawléck jëtt fein gehackt.

Brug toasten, du kanns et einfasch an een Toaster steechen, oder du schmiärs bëssen Botter drop an grills et am waarmen Schiäffchen oder an enger waarmer Pann brooden. Bei der Pann muss du stoen bleiwen, well Brugd dir ganz siier verbrennt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botter an brooden Schalotten an den Knauwléck op mëttel Hëtzt aan.

Als nächst mëschen ech Kooschelen drënner an driien Hëtzt rop, déi brooden ech sching goldbrong aan. An rischt wann se Goldbron sen, würzen ech se mat Peffer an Salz.

Du kanns hei bëssen Miähl driwer stëppsen, fir datt Zooss mi siier andeckt ech maan se äwer ouni Miähl an loossen Rahm bis op die Gewënschten Konsitenz ankooschen.

Mam wäisse Wéng läschen ech datt Ganzt aaf an loossen deen komplett ankooschen.

Dann schëdden ech Rahm drop, loossen alles eng kéier opkooschen an driien Hëtzt dann raaf. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Zum Schluss raspelen ech frëschen Pecorino driwer, an mëschen deen gehackten Péitersilich drënner. Mat bëssen Zitrounensaaft aafschmaaschen.

Ech lossen dann alles bis op die gewënschten Konsitenz ankooschen, o ouni Miähl dauert datt nëmmen paar Minuten.

Toast Champignons

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 kg an Scheiwen geschnidden Champignons

  • 4 Scheiwen getoast Brugd

  • Botter fir ze brooden

  • 1 kleng gewürfelt Schalott

  • 1 kleng gehackten Ziif Knuawléck

  • Salz & Peffer

  • 60 ml drëchene wäisse Wéng

  • 125 ml Rahm

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 2-3 EL frësch geraspelten Pecorino

  • 2-3 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter, dodran Schalotten an den Knauwléck op mëttel Hëtzt aanbrooden.
  • Kooschelen ënnermëschen, Hëtzt rop driien an brooden bis se goldbrong sen. Dann rischt mat Salz an Peffer würzen.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • Rahm drop schëdden, opkooschen loossen dann Hëtzt raaf driien. Schmaaschen.
  • Pecorino an Péitersilich ënnermëschen. Mat bëssen Zitrounensaaft aafschmaaschen.
  • Bis op die gewënschte Konsitenz ankooschen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*