Knoblauch Pommes Duchesse

Gromperenpürée mat Knauwléck

Watt sen Pommes Duchesse?

“Pommes Duchesse” as eng klassisch fransiisch kulinarisch Spezialtéit aus Gromperen. Sie jiänn aus Grompernpürée deen mat Ei, Eijiäll an Gewürzer gemaat as, zoubereed jiänn. Dann jiänn se an Ruusen oder anner Formen op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech opgesprutzt an am waarmen Schiäffchen goldbrong gebaasch. Ergebnis sen knusperig, liit brong Gromperenbeilaagen mat enger zarter, crémiger Textur an engem delikaten Geschmaasch. Pommes Duchesse sen eng elegant Beilaag déi dachs bei Fleesch zervéiert jëtt.

Mengt Rezept as bëssen annecht, et as eng Duchesse-Masse, déi ech mat Knuawléck an Rosmarin gewürzt han, ech han mein Sprutzsack mat den Douillen irgendwu vertesselt, su datt ech se mat engem Glaceläffel geformt han.

Pommes Duchesse as eent Rezept vam August Escoffier, Grondrezept hat sech net wirklich verännert.

Zutaten:

  • Gromperen, am besten miählichkooschend Gromperen. Sie hat een hiien Stärkegehalt, wudurich se beim Kooschen siier zerfällt an eng mëll, miählig Konsitenz aanhëllt. Dës Zort as goud fir Zoubereedung van Gromperenpürée, Gromperenzopp an Knödel.
  • Botterschmalz, o bekannt als Ghee, as eng geklärte Botter, bei der Mëlicheiwäiss ant Waasser durich erwiärmen ausgekooscht jiänn as. Et hat een intensiven, nossigen Geschmaasch an as bei Raumtemperatur fest. Dëst hii erhëtztbart Fett jëtt gehollt fir ze brooden an ze aromatiséiren.
  • Ei an Eijäll, natiirlech hualen ech Eier van gläcklichen Houhner, sie han mi Geschmaasch, mi eng intensiiv Faaref, an sie han mi Nährstoffer. Datt légt aan der besserer Ernährunge an Zougang zu natiirlechen Ressourcen.
  • Salz, Peffer an Muskot, no Geschmaasch.
  • Rosmarin, du kanns de Rosmarin gedrëchent oder frësch verwenden, en jëtt dem Ässen een würzigen Geschmaasch.

TO DO:

  • Gromperen schiälen ech, an schnégden se an ongeféier gleich gruuss Stécker.
  • De Knuawléck schiälen ech.
  • De Botterschmalz jëtt geschmolz.

Zoubereedung

De Schiäffchen op 220°C virwiärmen.

Gromperen setzen ech mat kaalem Waasser op an kooschen se mëll.

Iwerdeems Gromperen kooschen, leen ech den Knuawléck an eng feierfest Form, schëdden den Botterschmalz drop an würzen datt Ganzt mat Salz an Rosmarin. Deen setzen ech dann fir 10-12 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Subal den Knuawléck färdeg as, hualen ech deen aus dem Fett, an zerreiwen e ganz fein mat engem Messer oder Forschette.

Die mëll Gromperen schëdden ech aaf, wanns du eng Passe-Vite has kanns du se do durich driien, ech hualen Gromperenpress an drecken se durich.

Als nächst mëschen ech 2/3 vam Knuawléckbotter ënnert den Pürée, hanneno jëtt es na bëssen gebrauscht fir Gromperen anzepinselen.

Ech würzen mat Salz, Peffer an Muskot, schmaaschen, an mëschen dann den Knuawléck an d’Eier drënner.

Als nächst die ganz Masse an een Sprutzsack maan mat enger geriffelter Douille. Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech Ruusen opsprutzen oder su wie ech, mat engem Glacheläffel Portionéiren. Mat geschmolzener Botter anpinselen an am waarmen Schiäffchen bei 200°C groldbrong baaschen.

Gromperenpürée mat Knauwléck

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1,3 KG geschiällt an a Stecker geschnidden Gromperen

  • 1 Ei

  • 3 Eijiäll

  • 100 g Botterschmalz

  • 1 Kapp geschiälten Knuawléck

  • Salz, Peffer & Muskot

  • 1 TL Rosmarin

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 220°C virwiärmen.
  • Gromperen mat kaalem Salzwaasser opsetzen an mëll kooschen.
  • Während Gromperen Kooschen, de Knuawléck an eng feierfest Form leen, de Botterschmalz drop schëdden, mat bëssen Salz an Rosmarin würzen an am Schiäffchen 10-12 Min. brooden.
  • Ziiwen Knuawléck aus dem Fett hualen, mat engem Messer oder Forschette fein zerreiwen. Fett net fortschëdden.
  • Gromperen aafschëdden an durich Gromperenpress drécken. Ongeféier 2/3 vam Knuawléckfett drënner mëschen, schmaaschen an würzen.
  • De Knauwléck an d’Eier ënnermëschen. Masse op engem mat Baaschpapeier ausgeleitem Blech portionéiren, mam Fett anpinselen an am waarmen Schiäffchen goldbrong brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*