Kotlette mat Paprika-Ënnen-Geméiss séiss sauer

Den Menü Koletten mat Paprika-Ënnen séiss sauer as eent köstlicht Ässen, bei deem die zart Textur vam Fleesch mat deen séissen liit sauren sautéierten Paprika an Ënnen harmonéiert. Et as een beléiften Menü deen o doheem ganz einfasch zoubereed kann jiänn.

Zutaten

  • Kotletten, dachs Schéngskorltetten oder Pouletfleesch.
  • Paprika, verschidden Faarwen fir mi Geschmaasch an Faaref.
  • Ënnen
  • Hunneg, fir deen séissen Goût an den Menü ze kreien.
  • Rugdewéngessig, fir deen saueren Geschmaasch.

Zoubereedung

Mengt Fleesch salzen ech owes an setzen et iwert Nait an de Frigo.

Kotlett fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt se Raumtemperatur aanhualen kannen, ech würzen déi dann na mat Peffer. An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botterschmalz, an brooden Kotletten op all Ségt fir 3-4 Min. Dann leen ech den Thymian an den Rosmarin mat ant Pann an brooden Krégder mat aan. Ech maan na een Schnatt Botter dobäi an wann deen ganz geschmolz as leen ech Krégder op Fleesch. Mat engem Läffel arroséiren ech Fleesch.

  • Arroséiren: arroséiren as een Fachbegrëff aus der Këchen. En bezéiht sech op eng Technik bei deem Fleesch mat Brootsaaft oder enge Zooss iwergoss jëtt, fir Fleesch während dem Brooden saaftig ze halen an fir den Geschmaasch ze verbesseren. Dës Technik jëtt dachs gemaat, wann Fleesch an enger Pann gebrooden jëtt. Fleesch bleift durich iwergéissen fiit an hëllt Aromen aus dem Brootsaaft op.

Fir datt séiss sauert Geméiss

An enger waarmer Pann schmëlzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen do dran aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Paprika drënner an brooden deen o kräftig aan. Den Hunneg liesen ech am Rugdewéngessig op an läschen Paprikageméiss domatt aaf, Hëtzt driien ech raaf an lossen Zooss ankooschen bis se liit karameliséiert, ech würzen mat Salz an Peffer an schmaaschen et evtl. mat na bëssen Rugdewéngessig aaf.

Zesaammenféirung

Fleesch wecklen ech an Sëlwerpapeier an loossen et paar Minuten ruhen. Dann leen ech Paprikageméiss op den Teller an leen Fleesch drop. Dëst Geméiss jëtt dësem Ässen sein charakteristischen Geschmaasch. Karameliséiert Geméiss, datt den Geschmaasch durich eng Reduktioun van Hunneg, Rugewéngessig an Gewürzer krëtt.

Zervéiren

Zervéiert kann dëst Ässen mat Reis, Nuddelen oder Gromperen an engem gouden Komp Zaloot jiänn.

Kotlette mat Paprika-Ënnen-Geméiss süss sauer

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 4 Kotletten

  • Botterschmalz

  • 2 Thymianäst

  • 2 Rosmarinäst

  • 2 an dënn Streifen geschnidden Ënnen

  • 2 an dënn Streifen geschniddene rugde Paprika

  • 3-4 EL Hunneg

  • 100 ml Rugdewéngessig

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Kotletten salzen an iwert Nait an den Frigo stellen.
  • Den Daag drop Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann. Mat Peffer würzen.
  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen do dran aanbrooden bis se Faaref aanhualen.
  • Dann mëschen ech den Paprika drënner an brooden deen o kräftig aan. Mat Salz an Peffer würzen.
  • Als nächst den Hunneg am Rugdewéngessig opliesen an de Paprika domat aafläschen. Ankooschen loossen bis alles anfänkt ze karamelsiéiren.
  • Schmaaschen an evtl. na bëssen Rugdewéngessig dobäi schëdden.
  • An enger annerer waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen. Kotletten van all Ségt 3-4 Min. brooden.
  • Den Thymian an Rosmarin bei Fleesch ant Pann leen. Na een gouden Schnatt Botter dobäi jiänn, wann deen geschmolz as, Krégder op dem Fleesch verdeelen, an mat engem Läffel d’Fleesch aroséiren.
  • Fleesch an Sëlwerpapeier anwecklen an ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*