grüne Bohnen, getrocknete Tomaten, Schalooten, Zwiebeln

Bungenzaloot mat gedrëchenten Tomaten

Bungenzaloot as eng kaal Zaloot, mat enger oder mi Zorten Bungen, datt kannen gréin Bungen sen, Kidneybungen, wäiss Bungen, Saubungen… Ech kennen den Bungenzaloot nëmmen mat kleng geschniddene Stangenbungen. Ausserdeem kann een verschidden Zorten Geméiss, entweder rii oder gekooscht mat drënner mëschen. Dësen Bungenzaloot as deen idealen Begleeder zu allem watt gegrillt jëtt. Frësch an kéil zervéiert, as dës Zaloot genau datt richtigt fir waarem Summerdeeg.

Ech hualen hei Gréin Bungen

Egal fir watt fir een Menü, Bungen mussen gekooscht oder gebrooden jiän, rii sen se gëftig. All Planz hat eent Mëttel fir sech geent Fressfeinde ze wiärren. O d’Waasser an deem die rii Bungen gekooscht jiän soll een fortschëdden. Schold as den Inhaltsstoff Phasin, een Eiweiss datt Zocker bënnt an su Bloud zum klompen brengt. Bei Kanner kanne well 5 rii Bungen zum Dugd féiren.

Nährstoffreich:

Bungen sen eng ausgezeechent Quell fir Ballaststoffer an Proteinen, während gedrëchent Tomaten reich aan Antioxidantien, Vitmaninen an Mineralstoffer sen.

Aanpassbar:

Du kannst dëst Rezept ganz einfasch dengem Geschmaasch aanpassen, an deems du verschidden Zorten Bungen, verschidden Krégder oder o verschidden Geméisszorten mat ënnermëchs.

Variabel:

Bungenzaloot eegent sech gruusartig als Beilaag bei gegrilltem Fleesch, Fësch oder als vegetarischen Hauptmenü. En Passt goud zu all Pasta oder op enger Bottisch.

Laagerung:

Dës Zaloot hält sech locker paar Deeg am Frigo, dachs as en een Daag mi spéit sugar na besser well Aromen sich wegder entfaalt han.

Gesond Fett:

Deen an den gedrëchenten Tomaten enthalenen Olivenualeg an deen an der Vinägrett verschafften Olivenualeg liwert gesond Fetter, déi goud fir eis Herzgesondheet sen.

Saisonal:

Du kanns je no Joereszéckt variéiren, andeems du frësch Tomaten oder anner Geméisszorten verschaffs.

Fir dëst Rezept brausch ech:

  • gréin Bungen
  • gedrëchent Tomaten
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Rugdewéngessig
  • Zitrounensaaft
  • Olivenualeg
  • Peffer & Salz

TO DO:

  • Bungen botzen, wäschen an am kooschenden Salzwaasser ongeféier 10 Min. kooschen.
  • Aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken, su behalen se Faaref besser.
  • Schalotten fein hacken.
  • De Knuawléck mat bëssen Salz fein zerreiwen.
  • Die gedrëchent Tomaten an dënn Streifen schnégden.
  • Zitroun auspressen

Zoubereedung

Den zerriwene Knuawléck an enger Schossel mam Essig, Zitrouensaaft, Salz an Peffer goud vermëschen.

No an no an ënner stännigem réiren den Olivenualeg ënnermëschen.

Schalotten, Bungen an die dedrëchent Tomaten ënnermëschen.

Schmaaschen an evtl. nowürzen.

Krégder?

Ech han hei bewosst kéng Krégder dobäi geschriwen. Kuck mat watt deng gedrëchent Tomaten ageleit sen. Déi aus dem Buttik sen meestens mat Basilikum gewürzt. Su datts du hei Basilikum an evtl. bëssen Bungenkrogt ënnermëschen kanns.

getrpcknete Tomaten in Olivenöl

Ech han des läst selwer Kiischtentomaten aus dem Gaart gedrëchent an déi am Olivenulage ageleit. Gewürzt han ech se mat Rosmarin, Thymian, Basilikum an Lorbeerblaad. Well se dodurich su richtig würzig jiän sen, han ech wegder naist van Krégder ënner meng Zaloot gemëscht.

Bungenzaloot mat gedrëchenten Tomaten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Zoubereedungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 kg gréin Bungen

  • 500 g an dënn Streifen geschnidden gedrëchent Tomaten

  • 2 gehackten Schalotten

  • 2 mat bëssen Salz zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 80 ml Rugdewéngessig

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 160 ml Olivenualeg

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Bungen, botzen, wäschen am kooschenden Salzwaasser ongeféier 10 Min. kooschen.
  • Aafschëdden an am Äiswaasser afschrecken, su behaalen se Faaref besser.
  • Fir Vinägrette, den zerriwene Knualwéck, mam Essig, Zitrounensaaft, Peffer an Salz an enger Schossel goud vermëschen.
  • No an no an ënner stännigem réiren den Olivenualeg drënner mëschen, su datt eng Emulsioun entsteht.
  • Bungen, die gedrëchent Tomaten an Schalotten drënner mëschen.
  • Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*