Geflügel in Lauch Sahnesosse mit Reis

Gefligel an enger Poretten-Rahm-Zooss

Gefligel an enger Poretten-Rahm-Zooss as een köstlichen Menü, datt zart Gefligelfleesch, dachs Poulet oder Schnuddelhouhn, mat enger crémiger an aromatischer Zooss kombinéiert. Gefligel jëtt an der Zooss durichzéihen geloss watt Fleesch mat der Zooss verbënnt. D’Ergebnis as een köstlichen Menü, datt die zart Textur vam Gefligel mat deem aromatisch séissen Geschmaasch van den Poretten an der Crémigkeet van der Rahm perfekt kombinéiert. Beilaagen kanne Reis, Nuddelen oder Gromperen sën. Fir den Menü aafzeronnen kann na mat frëschen Krégder an Parmesan verfeinert jiänn.

Gefligelfleesch

Gefligel, wie Poulet oder Schnuddelhouhn datt an mondgerecht Stécker geschnidden as. Datt Fleesch liwert die eiwäissräich Basis fir dëst Ässen an hëllt den Geschmaasch van der Zooss goud op.

Poretten

Frësch Poretten an dënn Ronselen geschnidden sen die aromatisch Geméisskomponent an dësem Ässen. Sie liwert eng liit séiss an würzig Nuance, déi perfekt mat der Rahmzooss harmonéiert.

Zutaten:

  • 700 g Gefligel, (Poulefilet, Putenfleesch, 1 ganze Poulet)
  • Botterschmalz oder Olivenualeg
  • Ënnen
  • Poretten
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Houhnerbréit
  • Rahm
  • Dijon Mostert
  • Parmesan
  • Peffer, Salz & Muskoot

TO DO:

Fleesch schnégden ech an dënn Streifen.

  • Wann ech een ganzen Poulet hualen zerdeelen ech deen an 6 bis 8 Stécker.

Poretten halbéiren ech, wäschen se grëndlich ënner kaalem Waasser an schnégden se dann an dënn Halefronselen. Ënnen an den Knauwléck hacken ech fein. Zitroun pressen ech aus, an de Parmesan raspelen ech.

Zouberreedung:

An enger waarmer Pann erhëtzen ech de Botterschmalz. Hual keng beschicht Pann, fir die best Röstaromen as eng Gossenpann datt richtigt. Fleesch rondrëm kräftig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.

  • Has du lo een Poulet, dann de Schiäffchen op 180°C virwiärmen. Fleesch am waarmen Botterschmalz kräftig aanbrooden. Firtischt Hogt aanbrooden dann driien, déi soll knusperig jiänn. An eng feierfest Form leen, dann äwer mat der Hogt nu uawen, an am waarmen Schiäffchen 10-15 Min. brooden. Sie mussen hei na net ganz durich sen, sie zéien hanneno na an der Zooss no.

An der selwischter Pann, an där Fleesch aangebrooden jiänn as, Ënnen kräftig aanbrooden, dann Poretten mam Knuawléck ënnermëschen an mat aanbrooden.

Dann schëdden ech Zitrounensaaft drop an mëschen alles.

Als nächst schëdden ech Bréit drop, loossen alles opkooschen, an datt loossen ech dann bis op Halschent ankooschen. Schmaaschen an würzen.

  • Mam Salz bëssen oppassen, de Parmesan as o na gesalzen.
Sahnesosse, Geflügel

Dann schëdden ech Rahm drop, mëschen alles goud an loossen et na eng kéier opkooschen. Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zooss bis op die gewënschte Konsitenz ankooschen.

  • Du kanns dir hei hëlefen mat bëssen, am kaalen Waasser opgeliesten Maizena, ech perséinlich han et net jiären, Zooss jëtt domatt ëmmer su pappig.

Als nächst mëschen ech de Parmesan an de Mostert drënner.

Zooss net mit kooschen loossen. Zum Schluss leen ech den Poulet ant Zooss an loossen alles na fir 8-10 Min. op niddreger Hëtzt an der Zooss zéien. Schmaaschen an evtl. na bëssen nowürzen.

Ech han Pilawreis dobäi gekooscht, et passen äwer o Nuddelen, Gromperen, Fritten…. dobäi.

Gefligel an enger Poretten-Rahm-Zooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 700 g Gefligel oder 1 Poulet an 6 bis 8 Stecker zerdeelt.

  • Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 an dënn Halefronselen geschnidden Porette

  • 1 gehackten Ënn

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 150 ml Houhnerbréit

  • 150 ml Rahm

  • 2 EL Parmesan

  • 1-2 TL Dijon Mostert

  • Salz, Peffer & Muskot

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Fleesch all rondrëm kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
    Pouletstécker an deen waarmern Schiäffchen stellen an bei 180°C 10-15 Min. brooden loossen.
  • An der selwischter Pann Ënnen kräftig aanbrooden, bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Poretten an de Knuawléck ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Zitrounensaaft drop schëdden an alles goud vermëschen.
  • Bréit drop schëdden, opkooschen loossen an bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Als nächst Rahm drop schëdden, opkooschen loossen, Hëtzt raaf driien an bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
    Du kanns dir hei hëlefen wanns du bëssen am kaalen Waasser opgeliesten Maizena drënner mëchs, ech perséinlich han datt net jiären, Zooss jëtt dodurich pappig.
  • De Parmesan an de Mostert ënnermëschen, Zooss lo net i kooschen loossen.
  • Zum Schluss Fleesch ant Zooss leen an fir 8-10 Min. durich zéihen loossen. Schmaaschen an evtl. nowürzen.
  • Ech han Pilawreis dobäi gekooscht, et passen äwer o Nuddelen, Gromperen oder Fritten…

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*