Hunnig-Knuawléck-Poulet mat Gromperen an Geméiss

Hogt jëtt et bei mir Hunnig-Knuawléck-poulet mat Gromperen an Geméiss, direkt aus dem Schiäffchen. Dat as Poulet, firtischt an enger Hunnig-Knuawléck Marinade gewürzt, an während dem brooden ëmmer rëm mat der Marinade agepinselt jëtt. Siier, Lecker an am Schiäffchen kooscht et sech baé van alleng.

Dëst Rezept erjëtt eent köstlicht Ässen mat saaftigem Poulet, Gromperen an aromatischem Geméiss, mat engem séiss-sauren liit würzigen Goût.

Watt brausch ech fir dësen Menü?

Als ischt Pouletfleesch. Ech hualen dofir Pouletstrempelen, déi gedeelt kann jiänn oder net. Pouletstremplen han deen virdeel datt se beim brooden am Schiäffchen net su siier ausdrëchnen wie Pouletbrost.

Wiäll van den Gromperen, ech han dofir festkooschender gehollt, et klappt natiirlech o mat iwerwiegend festkooschenden.

Ënnen, hei kanns du ganz no dengem perséinlichen Geschmaasch entscheeden wat fir eng datts du hëlls. Jiäller, wäisser, rugder oder Schalotten. Ech han mëch dës kéier fir die rugt entscheed.

Geméiss, ech kooschen dësen Menü mat Kiischtentomaten, Broccoli an Chouxfleurs. Datt kanns du äwer ganz dengem Geschmaasch aanpassen. Paprika, Cougetten an Kooschelen passt ganz sëcher o zu dësem Menü.

Zooss, ech kooschen dëst Ässen ganz ouni Zooss, Marinade déi no an no dobäi kënnt as fir mëch Zooss genou. Du kanns äwer am Platz van den Kiischtentomaten Pelati oder püréiert Tomaten ënnermëschen.

Gewürzer, hei hualen ech Salz, schwarze Peffer, Olivenualeg, Zitrounensaaft, Rugdewéngessig, Hunnig an Knuawléck, doraus réiren ech eng Marinade. Has du et jiären bëssen mi scharef kanns du Cayennepeffer oder Chiliflocken mat ënnermëschen.

Hähnchen, Kartoffeln, Gemüse

Wie bereeden ech dësen Menü zou?

De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.

Zutaten fir Marinade mëschen ech an enger Schossel, do leen ech Fleesch dran, vermëschen alles goud an loossen et eng goud halef Stonn durich zéien, am besten as natiirlech ëmmer iwert Nait ze marinéieren.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm. D’Ënnen schnégden ech an aaschtel hualen die eenzel Schichten ausernee. Déi mëschen ech mat den Gromperen, würzen mat Peffer an Salz an maan ongeféier 2 EL Olivenualg dobäi.

De Broccoli an de Chouxfleurs zerdeelen ech an kleng Ruussen an wäschen alles zesaammen mat den Tomaten. Datt stellen ech dann op Ségt bis ech et brausch.

Gromperen mat den Ënnen leen ech an eng feierfest Schossel, de Poulet leen ech drop an verdeelen na bëssen van der Marinade om Poulet. Datt setzen ech dann fir 30 Min. bis 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich de Poulet mat der Marinade anpinselen.

No der gouder halwer Stonn hualen ech Schossel aus dem Schiäffchen, hualen de Poulet raus an mëschen Tomaten, de Broccoli an de Chouxfleurs ënnert Gromperen. Fleesch leen ech rëm huawen drop an pinselen et rëm mat der Marinade an. Datt Ganzt setzen ech dann na eng kéier fir eng goud halef Stonn an deen waarmen Schiäffchen.

Zum Schluss kontrolléiren ech op Gromperen mëll sen.

Varianten

  • Ingwer: Frëschen oder geriwenen Ingwer kann eng aromatisch Ergänzung sen, déi der Marinade een erfrëschende waarmen Goût jëtt.
  • Sojazooss: Bëssen Sojazooss mat an Marinade mëschen fir een herzhaften Umami-Aroma.
  • Sesamualeg oder Sesamkären: jiänn dem Menü een nossigen Aroma.
  • Mostert: Dijonmostert oder een anneren scharefen Mostert an datt Ganzt jëtt na mi würzig.
  • Krégder: frësch Krégder wie Rosmarin, Thymian oder Oregano jiänn der Marinade na zousätzlichen Aroma.
  • Orangenjus: den Zitrounensaaft durich Orangenjus ersetzen fir dem Menü een fruuchtigen Goût ze jiänn.
  • Verschidden Zorten Hunnig: Am platz deen normalen Hunnig hual eng anner Zort, wie z. B. Lavendelhunnig, Akazienhunnig oder Bëschhunnig, fir ënnerscheedlich Geschmaaschsprofiller ze kreien.

Hunnig-Knuawléck-Poulet mat Gromperen an Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 6 Pouletstremplen

  • 800 g Gromperen geschiält an Scheiwen geschnidden

  • 3 Ënnen geaaschtelt an zerdeelt

  • 150 g Kiischtentomaten

  • 150 g Broccoliruusen

  • 150 g Chouxfleursruusen

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • schwarze Peffer an Salz no Geschmaasch

  • Fir Marinade
  • 6 Ziiwen zerriwene Knuawléck

  • 80 ml Hunnig

  • 60 ml Zitrounensaaft

  • 60 ml Rugdewéngessig

  • 60 ml Olivenualeg

  • Salz an schwarze Peffer no Geschmaasch

  • Optional: Cayennepeffer oder Chiliflocken

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten fir Marinade mateneen vermëschen, goud réiren su datt sech den Hunnig komplett opliesst. Fleesch dran leen an goud anmasséiren op mannst 30 Min. durich zéien loossen, am besten iwert Nait.
  • De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.
  • An enger feierfester Form Gromperen mat den Ënnen, Salz, Peffer an bëssen Olivenualeg goud vermëschen.
  • De Poulet mat der Hogt no uawen drop leen an mat der Marinade anpinselen. Am waarmen Schiäffchen eng goud halef Stonn brooden. Zwëschendurich den Poulet nat eng kéier mat der Marinade anpinselen.
  • No der halwer Stonn Form aus dem Schiäffchen hualen, de Poulet raus hualen an datt ganzt Geméiss mat de Gromperen vermëschen. De Poulet rëm drop leen, na eng kéier mat der Marinade anpinselen an datt Ganzt na eng kéier fir eng goud halef Stonn an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • Kontrolléier op Gromperen mëll sen, soss na bëssen mi lang stoen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*