Pasta al pomodore

Pasta al Pomodore

“Pasta al Pomodore” as eng klassisch italienisch Pasta, déi aus winigen äwer hiiwiärtigen Liäwensmëttel zoubereed jëtt. Basis van dësem Menü sen Tomaten. Zégdig Tomaten, déi mat Ënnen, Knuawléck, italienisch Krégder wie Basilkum an Oregano am Olivenualeg zu enger Zooss gekooscht jänn. Et as eent einfascht, liit an siiert Ässen an een Klassiker aus der italienischer Këchen.

Watt mëcht dës Pasta su lecker?

“Pasta al Pomodor” schmëscht su lecker, well et Essenz van der italienischer Këchen afänkt an op einfasch Weiss, die köstlich Aromen entwéckelt.

  1. Frësch Liäwensmëttel: Verwendung van zégdigen Tomaten, Knuawléck, Ënnen an Basilikum suarigen fir deen intensiven frëschen Geschmaasch.
  2. Die einfasch Zoubereedung: Obwohl et nëmmen einfasch Zutaten sën, kombinéiert d’Art van der Zoubereedung wie d’Aromen sech entwécklen. Tomatenzooss jëtt op niddriger Hëtzt gekooscht fir datt Séisst an der Tomate ze betounen.
  3. Italienisch Traditiounen: “Pasta al Pomodore” as een Klassiker, deen van Generatioun zu Generatioun an Italien ierliwwert jänn as. Die traditionelle Zoubereedung an Verwendung van frëschen Krégder wie Basilikum jänn dësem Menü sein authentischen Geschmaasch.
  4. Villségtigkeet: Dësen Menü kann ganz dengem Geschmaasch aangepasst jänn. Andeems du Peperoncino, Kiiss oder anner Zutaten dobäi mëchs.
  5. Al dente Pasts: Pasta muss natiirlech al dente gekooscht sen, datt brengt Textur an deen richtigen Genoss an dësen Menü.
Pasta al Pomodore

Zoubereedung:

Ganz wichtig! bei egal watt fir enger Pasta mat Zooss as, die wichtigst Regel beim kooschen: Zooss waard ëmmer op Pasta an net ëmgedrigt!

Geméiss zoubereeden.

Tomaten anritzen an kuurz am kooschenden Waasser blanchéiren, dann jänn se am kaalen Waasser aafgeschreckt an geschiällt. Tomaten jänn dann an graff Würfelen geschnidden. Du kanns se äwer o püréiren.

De Knuawléck an d’Ënnen jänn fein gehackt.

Zooss zoubereeden.

An engem waarmen Dëppen oder Pann jëtt den Olivenualeg op mëttel Hëtzt erwiärment, do dran jänn d’Ënnen an de Knuawléck aangebrooden bis se mëll an liit goldbrong sën. Dann jänn Tomaten drop geschott an datt Ganzt jëtt erwiäremt. Zooss jëtt mat Salz an Peffer no dengem Geschmaasch gewürzt an du kanns bëssen Oregano ënnermëschen. Op niddirger Hëtzt jëtt Zooss 15 Min bis 20 Min. kooschen geloss, bis se andéckt an Tomaten mëll sen.

Pasta kooschen.

Wann Zooss bal färdeg as jëtt Pasta gekooscht. Eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opkooschen loossen an Pasta do dran al dent kooschen. Packaaweisung as do eng goud Richtlinn, schmaasch deng Nuddelen äwer ëmmer op se wirklich al dente sen. Ongeféier no der Halschent van der Kooschzéckt 1 Tass Nuddelwaasser aus dem Dëppen hualen an op Ségt stellen.

De Kiiss raspelen.

Watt as eng Pasta ouni Kiiss? Während Nuddelen an Zooss kooscht, de Kiiss raspelen, suvill wie’s du et jären has.

Alles vermëschen.

Nuddelen aafschëdden an ënnert Zooss am Dëppen mëschen. Bëssen Nuddelwaasser drop schëdden, subal’s du geségs datt Zooss andéckt, van der Plaque hualen an den Kiiss ënnerréiren. Kräftig réiren oder schwenken su datt eng crémig Zooss entsteht. De gehackten Basilikum mat ënnermëschen, bëssen raus halen fir Garnitur.

Zervéiren

Nuddeln op Telleren leen, bëssen gehackten frëschen Basilikum driwer streien, an natiirlech geraspelten Kiiss driwer verdeelen. Nuddelen waarem zervéiren. An wanns du et dann su mëchs wie ech, has du Nuddelen well gäss an den Basilikum steht na an engem Dëppchen op der Aarbichtsplaque. 😉

Pasta al Pomodore

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 500 g Pasta (Spaghetti, Penne, Tagliatelle…)

  • 500 g zégdig, geschiällt an gewürfelt Tomaten

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 1 Ënn, gehackt

  • 4 EL Olivenualeg

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

  • eng Handvoll frëschen Basilikum, gehackt

  • Optional: bëssen Oregano

  • Parmesan oder Peccorino, frësch geraspelt

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen oder Pann den Olivenualeg op mëttel Hëtzt erwiärmen, De Knuawléck an d’Ënnen do dran aanbrooden bis se mëll an liit goldbrong sen.
  • Tomaten drop schëdden, erwiärmen, mat Salz an Peffer no Geschmaasch würzen, hei kanns du den Oregano ënnermëschen. Zooss 15 Min. bis 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen.
  • Eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opsetzen an opkooschen loossen. Nudelen do dran al dente kooschen. Packaaweisung as do eng goud Richtlinn, schmaasch deng Nuddelen äwer op se wirklich al dente sen. No der Halschent van der Kooschzéckt 1 Tass Nuddelwaasser raus hualen an op Ségt stellen.
  • Nuddelen aafschëdden an ënnert Zooss mëschen, bëssen Nuddelwaasser drop schëdden an kräftig réiren oder schwenken. Subal Zooss aafänk mat andécken, Dëppen van der Plaque hualen an den Kiiss ënnermëschen, réiren bis eng crémig Zooss entsteht. De Basilikum mat ënnermëschen, bëssen haalen fir Garnitur.
  • Op Telleren leen, gehackten Basilikum an geraspelten Kiiss driwer streien. Waarem zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*