Schmelzkartoffeln

Fondante-Gromperen

“Pommes Fondante” as die fransiisch Bezeechnung fir eng besonnëch Art Gromperen. Et handelt sech hei ëm Gromperen, déi am Ualeg an Botter gemeelig gegart jänn, bis se mëll an zart sen an äwer eng gewësse Festigkeet behalen. Dobäi jänn se an ganz deck Würfelen geschnidden oder einfasch aus der Gromper een decken Daaler aussteechen. Gromperen kreien durich dës Garmethoud een intensiven Geschmaasch an behalen baussen eeng liit knusperig Textur. Dachs jänn dës Gromperen zesaammen mat verschiddene Krégder gewürzt, fir den Geschmaasch ze verfeineren.

Wat mëcht des Gromper su goud?

“Pommes Fondante” sen su goud, durich d’Art van der Zoubereedung, déi eng eenzigartig Kombinatioun van Geschmaasch an Textur béiden.

  • Botter an Ualeg jänn dëser Gromper deen reichen botterigen Geschmaasch. Fettstoffer suarigen dofir, datt se van baussen eng liit knusperig Textur kreien.
  • Datt gemelligt brooden/kooschen jëtt der Gromper die nigdig Zéckt Stärke an Zocker ëmzewandelen, watt fir deen séissen an intensiven Gromperengeschmaasch suarigt.
  • Die zart Textur, brengt dëser Gromper hiren Naam “Fondante” heescht “schmëlzend” an datt beschreift perfekt Textur van dëser Gromper. Bannen sen se zart an crémig, bal wie Gromperenpürée an baussen behalen se eng liit Knusperigkeet.
  • Houhnerbréit, Gewürzer an Krégder jëtt der Gromper na zousätzlich Aroma, Beléift Optiounen sen Knuawléck, Thymian, Rosmarin oder Péitersilich.
Pommes Fondante

Zoubereedung

Gromperen virbereeden:

Gromperen schiälen an deck Scheiwen aussteechen, oder einfasch an déck Würfelen schnégden, oder wann se net ze déck sen liis du se einfasch ganz. Beim Aussteechen bleift nämlich zimlich vill Rest, et wëll een jo äwer alles verwiärten. Gromperen wäschen an drëchnen.

Krégder wäschen:

Frëschen Rosmarin an Thymian wäschen an drëchen rëselen. 6-7 Ziiwen Knuawléck halbéiren, geschiällt mussen en net jänn.

Gromperen brooden:

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

An enger waarmer Pann bëssen Ualeg erhëtzen an Gromperen goldbrong van 2 Ségten aanbrooden, bis se goldbrong sen. Hëtzt raaf driien an een goude Schnatt Botter dobäi maan. Dann den Knuawléck an Krégder dobäi leen an kuurz mat aanbrooden. Houhnerbréit dobäi schëdden su datt se bis zur Halschent an der Bréit leien an opkooschen loossen.

Pann ouni Deckel an deen waarmen Schiäffchen stellen an 40 Min. bis 45 Min. brooden.

Du kanns Gromperen mat Peffer an Salz würzen, ech han zum Schluss just bëssen Fleurs de Sel driwer gestreit.

“Pommes Fondante” sen eng köstlich Beilaag zu verschiddene Menüer. Du kanns se mat Fleesch, Gefligel oder Geméiss kombinéiren. Genéiss dës zart an schmëlzend Gromperen.

Varianten:

  1. Verschidden Gromperenzorten: Mat verschidden Zorten Gromperen krëss du ënnerscheedlich Geschmaaschs- an Texturprofiler. Festkooschend bleiwen crémige, während die Miählig richtig schmëlzen kanne an vill mi mëll jänn.
  2. Aromen an Gewürzer: Aafgesehen vam Knuawléck, Thymian an Rosmarin, kanns du mat verschidden Krégder experimentéiren. Zum Beuspill kannen Paprikapolwer, Curryplower oder Zitrounenzesten zousätzlich Aromen béiden.
  3. Kiis: Du kanns geriwene Kiss wie Parmesan oder Gruyère iwert Gromperen streien, fir de Gromperen een köstlichen Kiissgeschmaasch ze jänn.
  4. Geméiss: Du kanns dës Gromperen o mat Geméiss wie Ënnen, Poretten, Kooschelen oder Paprika kombinéiren, fir na mi Geschmaasch ze kreien.
  5. Flëssigkeeten: Ech hualen hei jo well Houhnerbréit, du kanns dës Grompere äwer o mat enger Randsbréit kooschen oder fir ganz vegetarisch ze bleiwen hëlls du eng Geméissbréit. Du kanns äwer o Wéng hualen, datt alles déint dozou fir der Gromper na mi een intensiven Geschmaasch ze jänn.
  6. An der Pann brooden: du kanns Gromperen o an der Pann zoubereeden. Hëtzt raaf driien an mat Deckel 30 Min. bis 40 Min. kooschen loossen, dobäi heinsdo mol dran kucken.

Die verschidden Varianten hänken vill van den kulinarischen Tarditiounen an Virléiften aaf. Du kanns mat verschiddenen Zutaten an Zoubereedungsmethouden experimentéiren, an dës Gromperen su dengem Geschmaasch aanpassen.

Fondant-Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 8 mëtteldeck Gromperen, aussteechen oder an déck Würfel geschnidden

  • 2 TL Ualeg

  • 60 g Botter

  • 400 ml Houhnerbréit

  • 6-7 halbéiert Ziiwen Knuawléck (net geschiällt)

  • 1 Thymianast

  • 1 Rosmarinast

  • Fleurs de Sel

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann den Ualeg erhëtzen, Gromperen goldbrong aanbrooden. Hëtzt raaf driien an den Botter dobäi leen.
  • De Knuawléck an Gewürzer dobäi leen an kuurz mat aanbrooden loossen.
  • Bréit dobäi schëdden an opkooschen loossen, su datt Gromperen bis zur Halschent an der Bréit stinn.
  • Pann an deen waarmen Schiäffchen stellen an Gromperen 40 Min. bis 45 Min. ouni Deckel brooden loossen.
  • Viraam zervéiren bëssen Fleurs de Sel driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*