Chinakappeszopp mat Curry

Chinakappes-Zopp mat Curry

Eng Zopp mat indischem Flair. Entdeck exotisch Aromen an menger hausgemaaten Chinakappes-Curry-Zopp, dës crémig Köstlichkeet vereent die zart Aromen vam Chinakappes, mat bëssen Ingwer an Muskot. Perfekt fir een gemütlichen Owend oder wann et einfasch eppes Waarmes sen muss. Sie besteht hauptsächlich aus Chinakappes, deen an dënn Streifen geschnidden jëtt, zesaammen mat bëssen Muurt, Gromperen, Houhnerbréit an Kokosmëlich entsteht su noom püréiren eng crémig Konsistenz. Des Zopp as herzhaft, crémig an liit scharef an béid eng wonnerbar Kombinatioun aus Aromen.

Zoubereedung

Fir dës Zopp hualen ech Ënnen an Knuawléck, déi ech kleng schnégden, eent Steck Ingwer ongeféier 1 cm deen ech kleng hacken. An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen, den Knuawléck an den Ingwer aan bis alles glasig an mëll as. Hëtzt net ze hii driien soll keng Faaref aanhualen. Dann mëschen ech Currypolwer drënner an brooden datt kuurz mat aan.

Zwiebeln, Knoblauch
Zwiebeln, Knoblauch, Currypulwer

Iwerdeems Ënnen gemellig brooden schiälen ech Muurten ant Gromperen, déi schnégden ech dann an Würfel, mëschen déi dann bei d’Ënnen an brooden se mat aan.

Möhren, Zwiebeln, Knoblauch, Currypulwer
Kartoffeln, Möhren, Zwiebeln, Knoblauch, Currypulwer

Als nächst schëdden ech Houhnerbréit drop an lossen datt Ganzt opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an loossen Zopp ongeféier 15 Min. bis 20 Min. kooschen, bis Gromperen an Muurten mëll sen. Subal déi mëll sen schëdden ech Kokosmëlich drop an loossen Zopp na eng kéier opkooschen.

Dann de Chinakappes ënnermëschen an Zopp fir ongeféier 5 Min. bis 7 Min. kooschen loossen bis den Kappes mëll as. Anschliessend jëtt Zopp püréiert bis se crémig as. Du kanns Zopp durich eng Passette schëdden, wanns du et äwer léiwer bëssen mi rustikal has dann iwersprang dësen Schratt. Zopp würzen ech dann mat Salz, Peffer an Muskot.

Geflügelbrühe, Kartoffeln, Möhren, Zwiebeln, Knoblauch, Currypulwer
Chinakappeszopp

Als Topping han ech Croûtons an frësch gehackten Péitersilich driwer verdeelt. Brugd han ech an Würfel geschnidden an am Botter op niddriger Hëtzt knusperig gebrooden.

Chinakohlsuppe

Tipps:

  1. Wiäll vam Currypolwer: Je no perséinlichem Geschmaasch kanns du mat verschidden Zorten Currypolwer oder Currypasten experimentéiren. et jëtt mëllen, mëttelscharef an scharef Varianten. Ech han hei indischt Currypolwer gehollt, watt mi mëll am Geschmaasch as.
  2. Konsitenz aanpassen: Wanns du Zopp léiwer mi déck has, dann schëtt net suvill Houhnerbréit drop, has du se léiwer mi flëssig kanns du mi dobäi schëdden.
  3. Frësch Krégder: Koriander, Thai-Basilikum oder Mënz sen wonnerbar fir den Zopp ze garnéiren an et kënnt na frëschen Aroma dobäi.
  4. Rester: Dës Zopp schmëcht den Daag drop meestens na besser. An engem Loftdichten Behälter kanns du se paar Deeg am Frigo lageren.
Chinakppeszopp mat Curry

Varianten:

  • Protéinen: Mësch Protéinen mat ënnert Zopp, wie z. B. gekooschten Poulet, Scampi’en, Tofu oder Lënsen, fir mi Niärwiärt an Sättigung ze erhalen.
  • Verschidden Gewürzer: Experimentéier mat verschiddene Gewürzer wie Cumin, Koriander, Kurkuma an Cannelle, fir den Geschmaasch aanzepassen.
  • Kokosnoss: Am Platz van der Kokosmëlich kanns du o frësch geraspelt Kokosnoss oder Kokoscréme hualen, fir na mi een intensiven Kokosgeschmaasch.
  • Geméiss: Hual Geméiss wie Paprika, Iärbessen oder Maïs, fir Textur an de Geschmaasch ze variéieren.
  • Zitrounensaaft: Eng Sprutz Zitrounen- oder Limettensaaft kuurz viraam zervéieren, fir een frëschen Aroma.
  • Nëss: geréistert Cashewnëss oder Mandelen als Topping, fir een knusperigen Kontrast zu der crémiger Zopp.
  • Vegetarisch oder Vegan: Am Platz van der Houhnerbréit kanns du Geméissbréit an am Platz vam Botter, Olivenualeg oder neutralen Ualeg hualen.

Chinakappes-Zopp mat Curry

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 Ënn, gewürfelt

  • 1 Stéck Ingwer (1cm), gehackt

  • 2-3 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2-3 TL mëllt Currypolwer

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 2 Muurten, geschiält an gewürfelt

  • 2 Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 800 ml Houhnerbréit oder Geméissbréit

  • 400 ml Kokosmëlich

  • 700 g Chinakappes, an dënn Streifen geschnidden

  • Peffer & Salz no Geschmaasch

  • bëssen Muskot

  • 3-4 Scheiwen Brugd fir Croûtons

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen den Botterschmalz op mëttel Hëtzt erhëtzen, d’Ënnen, de Knauwléck an den Ingwer anbrooden bis alles glasig an mell as. Hëtzt net ze hii driien soll keng Faaref aanhualen.
  • Currypolwer ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Muurten an Gromperen ënnermëschen an alles fir 2 Min. bis 3 Min. op niddriger Hëtzt brooden loossen.
  • Bréit drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen loossen. Datt Ganzt dann bei niddriger Hëtzt 15 Min. bis 20 Min. kooschen loossen bis Muurten an Gromperen mëll sen.
  • Als nächst Kokosmëlich drop schëdden an na eng kéier opkooschen loossen.
  • De Kappes ënnermëschen an ongeféier 5 Min. bis 7 Min. kooschen loossen bis den Kappes mëll as.
  • Zopp mam Püréierstaaf püréiren bis se crémig as. Mat Salz, Peffer an Muskot würzen.
  • Fir Croûtons brug an Würfel schnégden an am waarmen Botter op nidderig bis mëttel Hëtzt knusperig brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*