Kürbiszopp

Hogt ënnerhualen ech eng Zécktréis, an kooschen eent 100 Joer aalt Rezept fir Kürbiszopp, tauch mat mir an die kulinarisch Geschicht an, an entdeck mat mir wie dës traditionell Kreatioun bis Hogt hiren Charme behalen hat.

Den Charme van dëser Kürbiszopp, légt aan hirer einfascher Zoubereedung an, aan hirem reichen Geschmaasch deen Generatiounen van Genéisser verféiert hat. Dës Zopp verkörpert d’Gemütlichkeet van aalen Zéckten. Die harmonisch Kombinatioun aus Kürbis, Geméiss an d’Art wie se zoubereed jëtt erënnert aan d’Kooschkonst van eisen Virfahren. An dësem Blogpost erforschen ech dëst Rezept, Schratt fir Schratt an entdecken den Zauber van dësem aalen Kürbiszopp-Rezept ganz nei.

Zutaten

  • Kürbis
  • bëssen Olivenualg
  • Gromperen
  • Salz
  • Waasser
  • Mëlich
  • Thymian
  • Rosmarin
  • Muskot
  • Cannelle

Garnitur

  • datt wäisst van den Poretten
  • Iärbessen
  • Spinat
  • Zaloot
  • Botter
  • Reis
  • Kiärwel

Zoubereedung

De Schiäffchen op 200°C vriwiärmen.

Kürbis halbiert

Ech han een Hokkaido-Kürbis geschenkt krii, deen han ech halbéiert, d’Innenleben han ech entsuarigt an den Kürbis an graff Würfel geschnidden.

Watt ech geännert han an dësem Rezept, ech han den Kübis firtischt am waarmen Schiäffchen geréistert, datt konzentréiert d’Aromen an en krëtt een liit nossigen Geschmaasch.

Kürbisstücke roh

Ech Han Kürbiswürfelen mat bëssen Olivenualeg, Peffer an bëssen Thymian an Rosmarin goud vermëscht an dann bei 200°C am waarmen Schiäffchen geréistert. Den Kürbis noom réisteren aafkéilen loossen.

Kürbis geröstet

Iwerdeems de Kürbis aafkéilt, schiälen an würfelen ech Gromperen an ech schnégden Poretten an ganz dënn halefronselen, den Zaloot an den Spinat an ganz dënn Streifen (Chiffonade). De Reis kooschen ech separat an liit gesalzenem Waasser.

Zesaammen mat den Gromperen, mam Waasser an Salz han ech Zopp opgesatt, kuurz opkooschen geloss, d’Hëtzt dann raaf gedrigt an su lang gekooscht bis Gromperen mëll sen. Mam Püréierstaaf han ech Zopp püréiert bis se crémig as an durich eng Passette geschott.

Dann fëllen ech Zopp mat der Mëlich op, erwiärmen se, schmaaschen an würzen.

Watt ech na geännert han, ech han Zopp mat bëssen Muskot, Peffer an Cannelle gewürzt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Botter, an schwenken Poretten, Iärbessen den Spinat an den Zaloot an der waarmer Botter.

Datt ganzt Geméiss an den Reis mëschen ech dann ënnert Zopp, wiärmen se kuurz. Viraam zervéiren streien ech dann na graff gehackten Kiärwel driwer.

Tipps

  1. Du kanns egal watt fir een Kürbis fir des Zopp hualen, kuck just datt en goud zégdig as, datt suarigt fir deen besten Geschmaasch.
  2. Loss alles goud mëll kooschen fir eng crémig Konsistenz ze erhaalen.
  3. Mësch just suvill Mëlich drënner bis Konsistenz dengem Geschmaasch entsprëcht.
  4. Geméiss nëmmen liit aandënsten fir datt et Frëscheet an Textur behällt.

Kürbiszopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 500 g Kürbis, gewürfelt

  • Peffer, Thymian, Rosmarin

  • 2 EL Olivenualeg

  • 250 g Gromperen, geschält an gewürfelt

  • 1 L Waasser

  • 18 g Salz

  • 500 ml Mëlich

  • Muskot

  • 1 Msp. Cannelle

  • Fir Garnitur
  • 1 Porettenwäiss an ganz dënn Halefronselen geschnidden

  • 2 EL Iärbessen

  • 1 EL Chiffonade van Spinat

  • 1 EL Chiffonade van Zaloot

  • Botter

  • 2 EL Reis, separat gekooscht

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.
  • Kürbiswürfel an eng Schossel leen, mam Olivenualeg, Peffer, Salz, Rosmarin an Thymian goud vermëschen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 20 Min. bis 30 Min. réisteren. Raus hualen an aafkéilen loossen.
  • Deen geréisterten Kürbis zesaammen mat den Gromperen, dem Salz an dem Waasser opsetzen, opkooschen loossen an su lang kooschen bis Gromperen mëll sen. Zopp mam Püréierstaaf crémig püréiren an durich eng Passette schëdden.
  • Mëlich bei Zopp schëdden, erwiärmen, schmaaschen an mat Peffer, Muskot an Cannelle würzen.
  • An enger waarmer Pann Botter op niddrig bis mëttel Hëtzt erwiärmen an Poretten, Iärbessen, den Spinat an den Zaloot do dran schwenken bis et waarem as. Zesaammen mam gekooschten Reis ënnert Zopp mëschen.
  • Vriaam zervéiren bëssen graff gehackten Kiärwel driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*