Rinderroulade mit Kartoffeln

Roulade de boeuf

Hogt hualen ech dech mat an d’Welt van der fransiischer Këchen mat engem Rezept fir Roulade de boeuf. Begleet mech bëssen an kuck mir iwert Schëller wie ech dës Rouladen zoubereeden. Loss eis gemeinsam d’Textur an d’Aromen van dëser delikater Köstlichkeet schmaaschen an den Zauber van der fransiischer Kooschkonst entdecken.

Iwert Rouladen

Roulade de boeuf hat hir Wuurzelen an der traditioneller europäischer Këchen. D’Rouladen als Ässen sen an villen Länner bekannt an han hir regional Variatiounen.

Historisch gesehen as d’Roulade als eng Miilëchkeet gehollt jänn fir Fleesch effizient ze verschaffen, an deems dënn geschnidden Fleeschscheiwen mat enger Fëllung beläit jänn an dann angerullt. Dës Zoubereedungsart as ausserdeem genotzt jänn fir winiger zaart Fleeschstécker ze verschaffen an se duricht schmooren zaart ze kreien.

D’Fëllungen variéiren je no Regioun an kulturellen Anfloss. An Frankreich as d’Verwenung van Mostert, Speck, Gewürzcornichon an frësch Krégder typisch, an Rouladen jänn an enger köstlicher Zooss geschmoort.

An Italien sen et Braciole, déi eis mat hirem würzigen Geschmaasch, an enger Fëllung aus Parmesan, Knuawléck, Péitersilich an heinsdo Prosciutto verwiännen. Geschmoort jänn dës Rouladen an enger Tomatenzooss.

Die Däitsch Randsroulade, as ähnlich gefëllt wie die fransiisch, mat Ënnen, Mostert, Speck an Cornichon, hei jänn Rouladen an enger bronger Zooss geschmoort an mat Gromperen an rugdem Kappes zervéiert.

Aus Polen sen et Gatabki, Kappesrouladen mat enger Gehacktesfëllung déi gemëscht as mat Reis oder Buchweizen, geschmoort an enger Tomatenzooss oder an Randsbréit.

Aus Spanien kommen Rollitas de Lomo, hei aus Schwéngefleesch bestinn, gefëllt mat Serrano-Hamm, Paprika an Knuawléck, dachs gegrillt oder an enger Zooss gechmoort.

An Schweden heeschen Rouladen “Rullader” an sen ähnlich gefëllt wie die Fransiisch an die Däitsch, mat Mostert, Ënnen an Cornichons. Zervéiert jänn se hei mat Gromperenpürée an Preiselbeeren.

D’Roulade hat net nemmen kulinarischen, mais o historischen Charme an spéijelt die kréativ Art, wie aus begrenzten Mëttelen eng Delikatesse zoubereed jëtt.

Zutaten

  • dënn Scheiwen Randfleesch
  • Salz & Peffer
  • Dijonmostert
  • dënn Speckscheiwen
  • Muurten
  • Ënnen
  • Gewürzcornichons
  • Botterschmalz
  • Tomatenpürée
  • Rugdewéng
  • Randsbréit

Zoubereedung

Fleesch leen ech ausgebreet op Aarbichstplaque, wann et na bëssen ze deck as, leen ech eng Folie driwer an klappen et na bëssen platt. Schwätz mat dengem Metzler, wanns du seess et as fir Rouladen, schnégd heen dir Fleesch normal ganz dënn. Datt würzen ech dann mat Peffer an Salz, pass op mam salzen, de Speck an den Mostert as well gesalzen.

Mat engem Messer oder Läffel verdeelen ech dann de Mostert an enger dënner Schicht op dem Fleesch.

Muurten schnégden ech an dënn Streifen an leen déi ongeféier ant Mëtt van den Rouladen.

Ënnen han ech fein gehackt an déi leen ech op d’Muurten.

Als nächst kommen dann an Streifen geschnidden Cornichons do drop leien.

Dann jëtt datt Ganzt angerullt, ech klappen firtscht Ségten zur Mëtt, an dann rullen ech se fest op, Roulade fixéiren ech dann mat engem Zahnstocher, du kanns se o mat Fissell bannen. Ech han hei een klenge Spiess fir Broschetten gehollt an han deen dodurich gestoosch.

Deen rest Muurten han ech fein gewürfelt, an hualen deen an den rest Ënnen als Aromabase fir Zooss.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden Rouladen all rondrëm kräftig aan, déi hualen ech dann raus an setzen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech Geméiss aan, an loossen datt Faaref aanhualen, dann mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen mat aan. Datt läschen ech dann mam rugde Wéng aaf an loossen deen komplett ankooschen. Wanns du mi eng donkel Zooss wëlls kanns du dir den Wéng an 2 oder 3 Deeler opdeelen an liss deen all kéier ankooschen.

Dann schëdden ech Bréit drop, lossen kuurz opkooschen an driien Hëtzt dann raaf. Rouladen leen ech rem dran an mam Deckel lossen ech se ongeféier 1,5 Stonnen bis 2 Stonnen schmooren.

Roulade de boeuf

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 4 dënn Scheiwen Randfleesch

  • Salz & Peffer

  • 4 EL Dijonmostert

  • 8 dënn Scheiwen gereecherten Speck

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 2 Muurten an dënn Streifen geschnidden

  • 4 Cornichons, an dënn Streifen oder Scheiwen geschnidden

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 125 ml rugde Wéng

  • 500 ml Randsbréit

Zoubereedung

  • Fleesch ausgebreet op d’Aarbichtsplaque leen, evtl. na bëssen platt klappen.
  • Mat Salz an Peffer würzen, pass äwer op mam Salz, de Speck an den Mostert as well gesalzen.
  • Speck scheiwen drop leen
  • Als nächst Muurten, d’Ënnen an Cornichon drop leen, kuck datt alles zimlich an der Mëtt legt.
  • Ségt zur Mëtt klappen an Rouladen dann fest anrullen.
  • Mat engem Zahnstocher oder Fissell fixéiren.
  • Die iwereg gebliwen Muurten fein würfelen.
  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Rouladen all rondrëm kräftig aan brooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen die iwerig gebliwen Ënnen an Muurten aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Den Tomatenpürée ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Mam rugde Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • Dann Bréit drop schëdden, kuurz opkooschen loossen, Hëtzt dann raaf driien an Rouladen rem dran leen.
  • Mat Deckel fir ongeféier 1,5 Stonnen bis 2 Stonnen schmooren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*