grüne Bohnen

Haricots Princesse

Haricots Princesse, o bekannt als “Prinzessinnen Bohnen” sen eng klassisch , delikat Beilaag aus der fransiischer Këchen. Die zart gréin Bungen jëtt all Menü een gouden Look. An mengem Rezept beschreiwen dir Grondzoubereedung van dësen Bungen – vam blanchéiren bis zum finalen schwenken am Botter. Begleet mech bëssen bei der Zoubereedung van dësem delikaten Geméiss. Fann raus ob watts du opassen solls an watt fir Varianten datt et jëtt.

Iwert die gréin Bungen.

Die gréin Bungen han hiren Ursprong an Mëttel- an Südamerika. Sie ass do van deen indigene Völker kultivéiert jänn. Et jëtt aangeholt datt mat der Entdeckung van Amerika, Bungen an Europa kommen sen. Spéider ass sie dann o bei eis kultivéiert jänn.

Den Begrëff “Haricots Princesse” hat keen bestëmmten Hannergrond. Et as ischter eng Bezeechnung, déi an der fransiischer kulinarischer Traditoun fir bestëmmten Arten van gréine Bungen steht. Ausserdeem kann een den Begrëff su erklären, datt die einfaschst Zutaten een eleganten Touch kreien wann se eng kinniklich oder aristrokatisch Bezeechnung han.

Zutaten

  • gréin Bungen
  • Schalotten
  • Botter
  • Peffer, Salz an Muskot

Zoubereedung

Bungen han ech gebotzt, d’Enner aafgeschnidden an grëndlich gewäsch, dann han ech se an Stécker van ongeféier 3 cm Längt geschnidden.

Schalotten han ech fein gehackt.

Als nächst han ech een Dëppen mat Salzwaasser opgesatt an datt kooschen geloss, do dran han ech d’Bungen ongeféier 10 Min. blanchéiert. Dono han ech Bungen aafgeschott an am Aiswaasser aafgeschreckt.

Am nächsten Schratten setzen ech eng Pann op Kooschplaque an erhëtzen déi, do dran schmëlzen ech dann op Mëttelhëtzt den Botter an dënsten Schalotten aan bis se glasig sen.

Dann mëschen ech die goud aafgedrëpsten Bungen drënner mat paar mol schwenken oder réiren wiärmen ech déi am Botter. Bungen würzen ech mat Salz, Peffer an bëssen Muskot.

Ech han dann na bëssen gehackten Péitersilich mat ënnergemëscht.

Tipps

  1. Am besten sen natiirlech frësch Bungen aus dem Gaart, Saison van den Bungen as van Juli bis an den Hiärest. Keefs du Bungen ausserhalb der Saison kann ech dir just deen Rot jiän, gräif dann op gefruarener zeréck, o wann der am Buttik leien, han ech déi Erfahrung gemaat, datt se net wirklich goud schmaaschen.
  2. Bungen sollen gekooscht oder op mannst blanchéiert jänn befir se viraan verschafft jänn. Bungen sen am riien Zoustand liit gëftig an kannen zemools bei Kanner zu Problemer féiren.
  3. Aafschrecken am Äiswaasser déint dozou den Kooschprozesse ze ënnerbreechen an su Faaref ze erhaalen.
  4. Subal Bungen färdeg sen su siier wie miilech zervéiren fir Frëschheet an deen besten Geschmaasch ze erhaalen.

Varianten

Eng anner klassisch Zoubereedung ass, die blanchéiert Bungen an enger Bréit dënsten an mat Salz, Peffer an Muskot würzen.

Dann jëtt et na een Klassiker, Bungen mat Speck dënsten oder knusperig gebroodene Speck drënner mëschen.

Ausserdeem kanns du geréistert Mandelblädercher an Zitrounenzesten ënnermëschen, fir een frëschen an nossigen Geschmaasch ze kreien.

Reduzéier Balsamico-Essig zu enger Glasur an mësch déi kuurz viraam zervéiren ënnert die waarem Bungen fir een séiss-sauren Aroma.

Tomaten an Basilkum jiänn den Bungen een mediterranen Touch.

Eng Mostert-Vinägrette, aus Dijon-Mostert, Olivenualeg an Essig, déi mat den lookischen Bungen vermëscht erjëtt een leckeren Zaloot.

An natiirlech duarefen Röllercher net fehlen, Bungen angeweckelt am Speck oder Proscuitto an am waarmen Schiäffchen gebaasch.

Haricots Princesse

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 400 g gréin Bungen, gebotzt an an Stecker geschnidden

  • 1 Schalott, gehackt

  • 30 g Botter

  • Salz & Peffer

  • Muskot

Zoubereedung

  • Eent Dëppen mat Salzwaasser opsetzen an opkooschen loossen. Bungen do dran ongeféier 10 Min. blanchéieren. Aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken. Goud aafdrëpsen loossen.
  • An enger waarmer Pann den Botter op Mëttelhëtzt schmëlzen an Schalotten do dran aandënsten bis se glasig sen.
  • Bungen ënnermëschen an mat paar mol schwenken oder réiren Bungen am Botter wiärmen.
  • Mat Salz, Peffer an bëssen Muskot würzen.
  • Evtl. na bëssen gehackten Péitersilich ënnermëschen an zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*