Pasta-Broccoli-Gratin

Hogt trëfft einfasch Zoubereedung op vollen Geschmaasch! Tauch mat mir an ant Welt van enger köstlicher Pasta-Kreatioun an entdeck mat mir mein Pasta-Broccoli-Gratin. An dësem Rezept vereenen sech al dente gekooscht Nuddelen mat zartem Broccoli, gekooschtem Poulet emhëllt van enger crémiger Kiisszooss an knusperig iwerbaaschen mat gewürztem Panéiermiähl. Loss dech inspiréiren an zauber mat mir dëst leckert Ässen.

Zutaten

  • Nuddelen
  • Broccoli
  • Poulet
  • Sauerrahm
  • Kiiss
  • Salz & Peffer
  • Panéiermiähl
  • Olivenualeg
  • gedrëchenten Rosmarin

Zoubereedung

Als ischt kooschen ech den Poulet, du kanns en o würfelen an brooden, bei dësem Rezept kanns du kreativ sen, an austesten watt dir am besten schmëcht. Subal den Poulet mëll ass schnégden ech en an kleng Würfelen an stellen en op Ségt.

Dann schnégden ech den Broccoli an die eenzel Ruussen, mi deck Ruusen zerdeelen ech na eng kéiert. De Stronk verschaffen ech o mat, ech han deen kleng gewürfelt, dann alles wäschen an parat stellen.

Panéiermiähl mëschen ech mam Olivenualeg an dem Rosmarin, pass hei op, Panéiermiähl soll net am Ualeg schwammen, wanns du Panéiermiähl beineen drecks soll et pëchen bleiwen, mais subals du wibbels fällt et rëm auserneen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Als nächst setzen ech eent Dëppen Waasser op, schmäissen een gouden Grapp Salz dran, iwersalz Waasser dës kéier äwer net. Ech wees ech soen ëmmer Nuddelwaasser soll su salzig wie d’Miär sen, hei kënnt äwer na Kiiss dran deen o salzig as. Subal Waasser kooscht schëdden ech Nuddelen dran. Kuck om Pack wivill Minuten datts du se kooschen muss, ech han hei Rigatoni gehollt, déi brauschen 13 Min.

No 5 Min. kooschen leen ech den Broccoli dran. Evtl. bëssen Waasser afschëdden, Waasser soll net iwert den Nuddelen an dem Geméiss stoen.

No wégderen 5 Min. kooschen mëschen ech Sauerrahm drënner.

Driien Plaque dann aus an mëschen den Kiiss drënner, vermëschen alles goud bis den Kiiss ganz geschmolz ass.

Dann mëschen ech de Poulet drënner, pefferen alles an schëdden datt Ganzt an eng angefetten feierfest Form.

Panéiermiähl verdeelen ech driwer an baaschen den Gratin fir ongeféier 30 Min. bis Panéiermiähl sching goldbrong ass.

Den Gratin raus hualen mat engem Dousch zoudecken an ongeféier 10 Min. ruhen loossen.

Tipps

Hual frësch an hiiwärtig Zutaten, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.

Et ass ganz egal watt fir eng Nuddelen datts du hëlls, kuck just mam Broccoli deen soll ongeféier 5 Min. mat kooschen.

Beim Geméiss as et selwischt, du kanns dësen Gratin o mat Chouxfleurs, Muurten oder all annerem Geméiss kooschen, watt schmëscht kann drënner gemëscht jiänn. Du brauchs just op die verschidden Blanchéierzéckten vam Geméiss opzepassen. Has du eent Geméiss watt mi lang brausch wie d’Nuddelen dann fänk mam Geméiss aan an mësch dann Nuddelen drënner.

De Poulet kanns du durich Speckwürfelen ersetzen, pass dann just op mam Salzen.

Zooss bleift mi flëssig wie wanns du eng Béchamel koochs, ech perséinlich han datt léiwer well et einfasch net su pappig schmëcht.

Beim Kiiss steht dir o die ganz Welt op, ech han hei Raclette-Kiiss an Gruyère ënnergemëscht, 2 wirklich würzig Kiisszorten, beim salzen oppassen.

Wanns du jären mi eng knusperig Kuuscht has, kanns du o bëssen Kiiss ënnert Panéiermiähl mëschen.

Du kanns dësen Gratin ganz dengem Geschmaasch aanpassen, experimentéier mat deene verschidden Miilechkeeten.

Pasta-Broccoli-Gratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 600 g Nuddelen (Maccheroni, Rigatoni, Fusilli…)

  • 400 g Broccoli

  • 4 Pouletfilet

  • 250 g Sauerrahm

  • 200 g Kiiss (Gruyère, Emmenthaler, Raclette-Kiiss, Gorgonzola, Blauschimmelkäse….)

  • 200 g Panéiermiähl

  • 2-3 TL Olivenualeg

  • 2 TL gedrëchenten Rosmarin

Zoubereedung

  • De Pouletfielt han ech gekooscht an dann gewürfelt, du kanns en äwer firtischt würfelen an brooden. Op Ségt stellen
  • De Broccoli an die eenzel Ruusen zerdeelen, de Stronk kanns du iwrigens mat verschaffen, einfasch kleng Würfelen. Wäschen an parat Stellen.
  • Panéiermiähl mëschen ech mam Olivenualeg an Rosmarin.
  • Den Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Eent Dëppen mat Waasser opsetzen, salzen an opkooschen loossen. Nuddelen dran schëdden an no Packaaweisung al dent kooschen.
  • No 5 Min. kooschen den Broccoli dobäi leen. Evtl bëssen Waasser aafschëdden, Waasser soll net mi hii wie Nuddelen ant Geméiss stoen.
  • No wégderen 5 Min. Sauerrahm ënnermëschen.
  • Plaque ausdriien an den Kiiss ënnermëschen goud mëschen bis den Kiiss geschmolz ass.
  • Datt Ganzt an eng gebotter feierfest Form schëdden. Datt gewürztent Panéiermiähl driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 30 Min. goldbrong baaschen.
  • Noom baaschen den Gratin zougedeckt 10 Min. ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*