Chili-Knuawléck-Ualeg

Hogt geht et ëm Aroma an Feier an mengem Artikel, eent einfascht an wirklich leckert Rezept fir Chili-Knuawléck-Ualeg. Dës würzig an aromatisch Kreatioun ass perfekt fir dengem Ässen een “Kick” ze jänn. Entweder op der Pizza, Pasta, Zoossen, Zoppen oder sugar an der Zaloot.

Knuawléck-Chili-Ualeg, o bekannt als “Lu You” ass an der asiatischer Këchen eent onverzichtbart Element an jëtt all Ässen eng angenehm Schiäreft an Aroma, äwer net nëmmen an der asiatischer Këchen jëtt dësen Ualeg genotzt, o an Italien wu en bekannt ass als “Aglio et Oilo”.

Würzualeg hat eng lang Traditioun an verschiddene Kulturen weltwégt. Verwendung van Knuawléck an Chili, ass ségt Joerhonnerten eent bewährt Verfahren fir de Geschmaasch van Menüer ze verbesseren an hinnen eng angenehm Schiäreft ze jänn.

Su wie ech dësen Chiliualeg maan, brauchs du en net Wooschenlang durichzéien ze loossen, en kann direkt verschafft jänn. Ausserdeem jänn et na paar Virdeeler:

  1. Du has een vill besseren Aroma wie bei engem gekooften Chiliualeg.
  2. Du wees genau watt dran ass.

Fir dësen Ualeg ze maan brausch ech:

  • eent Dëppen
  • Mörser oder Mixer
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • eng fein Passette oder een Kaffifilter
  • proper Gläser oder Fläschen

Zoubereedung

Dësen Ualeg brausch vill Knuawléck an frëschen Chili. Vam Chili schnégden ech den Stronk raaf, dann hacken ech en graff, Kären bleiwen dran, datt brengt na zousätzlich Schiäreft. De Knuawléck schiälen ech an hacken deen o graff. Den Chili an den Knauwléck leen ech dann an den Mörser an mam Salz zerreiwen ech deen fein. Su krëss du deen besten Geschmaasch an dein Ualeg. Du kanns äwer o alles op der Hand oder am Mixer fein hacken.

Datt mëschen ech dann an engem Dëppen oder an enger Schossel, hual eng déi Hëtzt verdrigt. Dann mëschen ech na gedrëchent Chiliflocken an Sojazooss drënner.

Als nächst erhëtzen ech een neutralen Ualeg, bis op 170°C bis 180°C, hual dofir den Thermometer. Subal deen waarmer ass, schëdden ech deen op meng Mëschung, pass hei op datt Sprudelt zimlech.

Su loossen ech den Ualeg stoen, bis en komplett ausgekéielt ass. Ech han en iwert Nait stoen gelooss. Den Daag drop durich eng Passette schëdden an den färdeg Ualeg an eent propert Glas oder Fläsch fëllen.

Zutaten

  • frësch rugd Chilischoten
  • Knuawléck
  • Salz
  • Chiliflocken
  • Sojazoss
  • neutralen Ualeg

Tipps

  1. Pass do drop op den Ualeg net iwer 180°C ze erhëtzen, den Knuawléck an Chilischoten kannen dir soss verbrennen.
  2. Deen selwergemaatene Ualeg hält sech paar Wooschen.

Varianten:

  • Experimentéier mat verschidden Chilizorten, fir die gewënschten Schiäreft ze kreien. Ech stung am Buttik o bei den Habanero-Chili 😉 , han mëch äwer fir déi manner scharef entscheed.
  • Genausu kanns du niäwent dem Chili o na anner Zorten Pefferkären mat ënnermëschen.
  • Fir mi een erfrëschenden Aroma, kanns du frëschen Kroiander ënnermëschen.
  • Du kanns Sojazooss o fort loossen, an fir mi eng mediterran Variant gedrëchent italienisch Krégder ënnermëschen.

Chili-Knuawléck-Ualeg

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Zubereitungszeit

30

Minuten

Zutaten

  • 15 frësch rugd Chilischoten, fein gehackt

  • 2 Knollen Knuawléck, fein gehackt

  • 2 TL Salz

  • 250 g gedrëchent Chiliflocken

  • 2 TL Sojazooss

  • 400 ml neutralen Ualeg

Zoubereedung

  • Chilischoten, den Knuawléck, Salz, gedrëchent Chiliflocken an Sojazooss an engem Dëppen oder Schossel mateneen vermëschen.
  • Den Ualeg op 170°C bis 180°C erhëtzen. Huale dofir een Thermometer, den Ualeg soll net iwert 180°C erhëtzt jänn.
  • Deen waarmen Ualeg op d’Mëschung schëdden, oppassen datt sprudelt zimlech.
  • Komplett auskéilen loossen an a proper Gläser oder Fläschen fëllen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*