Kiischtercherzopp

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir van “Kiischtercherzopp”. Eng Zopp déi et bei eis doheem ganz dachs jänn ass, an wu sech ëmmer drëm gestridden jänn ass, ween die meest Kiischtercher an Zopp duraef maan. Kiischtercherzopp ass eng püréiert Ënnenzopp mat Kiischtercher (Croûtons) an Kiiss. Dës rustikal Zopp ass einfasch zouzebreeden, voller Aroma an schmëscht grad su goud wie “Soupe à l’Oignon“.

Fir dës Zopp ze kooschen brausch ech:

  • eent gruust Dëppen
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Holzeläffel
  • een Püréierstaaf

Zoubereedung

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Ronselen.

An engem gruussen waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, falls du deen botterigen Geschmaasch net jären has, kanns du eent neutralen oder Olivenualeg hualen.

Subal den Botterschmalz waarm ass, brooden ech d’Ënnen mat paar Thymainäst op mëttel Hëtzt bis se mëll sen an aafänken ze karamelsiséiren. Datt hëllt bëssen Zéckt an aansprosch an kann eng goud Stonn dauren.

Iwerdeems d’Ënnen brooden schiälen ech Gromperen an würfelen se graff.

Subal d’Ënnen aafänken faaref ze kreien, driien ech Hëtzt bëssen rop an schëdden deen wäisse Wéng drop, deen loossen ech ganz ankooschen. Ëmmer rëm dran réiren net datt d’Ënnen aanbrennen.

Wann den Wéng verkooscht ass, schëdden ech Bréit drop, hei béid sech natiirlech eng kräftig Randsbréit aan, just domat krëss du deen typischen Geschmaasch deen eng Ënnenzopp han soll. Du kanns se äwer o mat enger Geméiss- oder Houhnerbréit kooschen.

Dann mëschen ech d’Gromperen drënner an lossen Zopp opkooschen, driien Hëtzt raaf an loossen Zopp su lang kooschen bis Gromperen mëll sen. Schmaaschen an würzen mat Salz, Peffer.

Während Zopp kooscht, schnégden ech Croûtons, ech han hei Laugenbrezel gehollt, déi ech mat Knauwléckualeg vermëscht han. An enger waarmer Pann han ech se knusperig gebrooden.

De Schiäffchen op 200°C Grillfunktioun virwiärmen.

Wann Gromperen mëll sen hualen ech Thymianäst raus an püréiren Zopp bis se crémig ass. Schmaaschan an würzen evtl. na no.

Vam Raclettekiiss schnégden ech Schaal raaf an schnégden an ongeféier 2 cm breet Streifen.

Subal Zopp färdeg ass, fëllen ech se an feierfest Telleren, verdeelen Kiischtercher driwer an leen Raclettekiiss op Kiischtercher, am waarmen Schiäffchen an op enger van deen iäwischten Schinnen, iwerbaaschen ech Zopp bis den Kiiss geschmolz ass.

Zutaten

  • Botterschmalz
  • Ënnen
  • frëschen Thymian
  • wäisse Wéng
  • Gromperen
  • Randsbréit
  • Salz & Peffer
  • Raclettekiiss
  • Laugenbrezel

Tipps

  1. D’Ënnen sollen su dënn wi miilech geschnidden sen.
  2. Bréit soll van gouder Qualitéit sen, fir deen besten Geschmaasch ze kreien, am besten natiirlech ëmmer eng selwer gekooschten.

Kiischtercherzopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • Botterschmalz

  • 500 g Ënnen, an dënn Ronselen geschnidden

  • 3 Thymiansäst

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 2,5 L Randsbréit

  • 2-3 miählig kooschend Gromperen, graff gewürfelt

  • Salz & Peffer

  • 4-6 Scheiwen Raclettekiiss, an Streifen van ongeféier 2 cm geschnidden.

  • 1 Laugenbrezel, gewürfelt

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen den Botterschmalz erhëtze an d’Ënnen an d’Thymianäst do dran op mëttel Hëtzt brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Hëtzt bëssen rop driien an den Wéng drop schëdden, komplett ankooschen loossen.
  • Wann den Wéng verkooscht ass, Bréit drop schëdden an Gromperen ënnermëschen, opkooschen loossen. Mat Salz an Peffer würzen.
  • Zopp su lang kooschen bis Gromperen mëll sen.
  • De Schiäffchen op 200°C Grillfunktioun virwiärmen.
  • Iwerdeems Zopp kooscht, Laugenbrezel mat mat Knuawlécksualeg mëschen an enger waarmer Pann knusperig brooden.
  • Thymianäst raus hualen an Zopp mam Püréierstaaf crémig püréiren, schmaaschen an würzen.
  • Zopp an feirfest Schosselen fëllen, Kiischtercher driwer verdeelen an den Kiiss drop leen. Op enger van deen iäwischten Schinnen am Schiäffchen iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*