Pouletfilet an enger Ënnenrahmzooss

Hogt präsentéiren ech eent klassischt Rezept, datt an villen Këschen weltwégt jären gekooscht jëtt: Pouletfilet an enger Ënnenrahmzooss. Dës Kombinatioun aus zartem Pouletfleesch an aromatischen Ënnen ass einfasch zouzebereeden. Fir datt Ganzt ze toppen han ech na gréin Bungen ënnert Zooss gemëscht.

D’Verwendung van Ënnen an der Këchen reecht bis an d’Antik zeréck, wu si net nëmmen als Geschmaaschverstärker, mais o fir hir medizinisch Eegenschaften geschätzt jänn ass.

De Pouletfilet ass eent Stéck Fleesch, datt sech am Loof van der Zéckt zu engem beléiften Grondnahrungsmëttel entwéckelt hat. Allerdings werft Massenproduktioun een gruussen Schiädd op dëst Fleesch, net nëmmen datt Déiren ënner onmiilichen Zoustänn gehaalen an gemäst jänn, o die Léckt déi do schaffen maan datt ënner onmënchlichen Zoustänn. Dofir koof dengt Fleesch Regional, du wees van wu et kënnt an et schmëscht o na vill besser!

D’Kombinatioun van Pouletfilet an Ënnen fënnt een an deen verschiddenste Këchen, wie z.B. van der fransiisch Këchen mat hirem “Coq au vin” bis zur indischer mat hirem Curry. Fir deen richtigen Geschmaasch ant Zooss ze kreien ass et wichtig, datt d’Ënnen richtig gebrooden jänn. Karamelsiséiert sollen se sen, datt brengt suvill mi Aroma an dein Menü an jëtt der Zooss hiren Ënnenartigen, séissen Geschmaasch. Probéier et aus, an looss deng Ënnen sching goldbrong brooden.

Fir dësen Menü ze kooschen brausch ech:

  • eng Pann oder Gossenpann
  • een Holzeläffel
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett

Zoubereedung

De Pouletfilet salzen ech, an loossen en ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur stoen, am besten ass natiirlech ëmmer iwert Nait am Frigo.

Iwerdeems Fleesch Raumtemperatur aanhëllt, schiälen ech d’Ënnen, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen.

De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

Bungen han ech gebotzt an am kooschenden Salzwaasser ongeféier 7-10 Min. blanchéiert. Déi schëdden ech aaf an schrecken se am Aiswaasser aaf, su behaalen sie die gréin Faaref besser.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran den Poulet all rondrëm goldbrong aan, deen hualen ech dann raus an stellen en op Ségt.

An der selwischter Pann schmëlzen ech bëssen Botter an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se sching goldbrong sen. D’Ënnen salzen ech liit. Datt hëlt bëssen Zéckt an aasproosch, an et et déint o näist wanns du Hëtzt rop drigs, rischt durich datt gemelligt karameliséiren entwecklen d’Ënnen hiren séissen Aroma.

Subal d’Ënnen karamelsiséiert sen mëschen ech den Knuawléck drënner, wann deen aafänkt mat rauschen stëppsen ech alles mat Miähl an, alles goud vermëschen.

Als nächst schëdden ech Bréit drop, an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Dann schëdden ech den Schmand drop, schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Ech mëschen Bungen ënnert Zooss an leen Fleesch rëm dran, datt Ganzt loossen ech dann 5-7 Min. op niddriger Hëtzt durichzéien an wiärmen.

Met frësch gehackten Krégder garnéiert zervéiren.

Ech han eng einfasch Salzgromper dobäi gekooscht, et passt äwer o Reis oder Genudels dobäi.

Zutaten

  • Pouletfilet
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Olivenualeg oder een neutralen Ualeg
  • Botter
  • Miähl
  • Houhnerbréit
  • Schmand
  • Salz an Peffer
  • gréin Bungen
  • frëschen Péitersilich oder Bratzelen.

Tipps

  1. Pass do drop op, datt’s du d’Fleesch net iwergaars, et soll zart an saaftig bleiwen.
  2. Wann Zooss ze deckflëssig jëtt, kanns du na bëssen Bréit dobäi schëdden an su Konsitenz aanpassen.
  3. Experminetéier mat verschidden Zorten Krégder an Gewürzer, fir dein perséinlichen Geschmaasch raus ze fannen.
  4. Du kanns all Zort Geméiss ënnermëschen datt dir schmëscht.

Varianten

Fir eng fransiisch Variant, kanns du d’Ënnen mat bëssen wäissen Wéng läschen, deen dann ankooschen loossen an dann deng Zooss maan.

Fir eng indisch Variant kanns du am Platz van der Bréit, Kokosmëlich hualen an datt Ganzt mat Curry, Kurkuma, Cumin an Koriander würzen. Fir mi een intensiven aromatischen Geschmaasch kanns du Gewürzer kuurz mat aanbrooden.

Pouletfilet an enger Ënnenrahmzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 2 deck Ënnen, an dënn Halefronselen

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Olivenualeg oder neutralen Ualeg

  • 1 Schnatt Botter

  • 1 EL Miähl

  • 400 ml Houhnerbréit

  • 150 ml Schmand

  • Salz & Peffer

  • 350 g gréin Bungen, blanchéiert

  • gehackten Péitersilich oder Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fleesch salzen an ongeféier 30 min. durichzéien loossen.
  • Bungen am kooschenden Salzwaasser blanchéiren aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken.
  • An enger waarmer Pann den Olivenualeg erhëtzen an den Poulet all rondrëm goldbrong aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann den Botter schmëlzen an op mëttel Hëtzt d’Ënnen karameliséiren loossen. Liit salzen.
  • Den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Mam Miähl anstëpsen an alles goud vermëschen.
  • Bréit drop schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen.
  • Schmand ënnermëschen, schmaaschen an würzen.
  • Bungen an d’Fleesch ant Zooss leen, an op niddriger Hëtzt 5-7 Min. durichzéien loossen.
  • Mat gehackten Krégder garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*