Randfleesch mat Broccoli

Randlfeesch mat Broccoli ass eent siiert zoubereed Ässen mat engem liiten asiatischen Touch. D’Rezept ass einfasch an gelengt jidferengem Doheem. An et schmëscht graad su goud wie aus dem asiatischen Restaurant.

Wanns du Iddi op eent leckert asiatischt Ässen has, probéier dës Rezeptiddi aus. Du wärs iwerrascht sen, wie einfasch an siier dësen Menü zoubereed ass. Randfleesch mat Broccoli hat nëmmen winig Hauptzutaten an dofir ass et natiirlech van Virdeel, wann dës Zuaten van gouder Qualitéit sen.

Asiatisch Restaurant

Befir ech zum Rezept an der Zoubereedung kommen, beschreiwen ech dir wie’s du eent Steck Fleesch zart krëss, oder wie datt am asiatischen Restaurant gemaat jëtt.

Du has dech villäicht well gewonnert firwatt d’Fleesch am asiatischen Restaurant ëmmer zart ass? Fleesch jëtt an enger Mëschung aus Natron, Salz, Glutamat an Sojazoss angeleit, dobäi spillt Qualitéit vam Fleesch absolut keng Roll, mat dëser Mëschung krëss du all Fleesch zaart, et muss allerdings dënn genou geschnidden sen. Fir datt Fleesch während dem brooden net ze drëchen jëtt, jëtt et dann na mat Maizena vermëscht, den Maizena bild eng Schicht rondrëm Fleesch an verhënnert datt et ausdrëchent.

Fleesch

Fir Randfleesch mat Broccoli kanns du eent Steck aus der Hëft oder Rumpsteak hualen, all Steck datt sech fir kuurzt brooden eegent ass goud fir dësen Menü ze kooschen. Fleesch jëtt dann an dënn Streifen geschnidden, pass hei op, datts du et geent Faser schnégds.

fir dësen Menü ze kooschen brauschst du:

  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Wok oder eng Pann
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

Randfleesch han ech an dënn Streifen geschnidden. Ech han fir dësen Menü Randsgulasch gehollt, well datt äwer Fleesch ass, datt lang geschmoort soll jänn, han ech et an enger Mëschung aus Sojazooss, Mirin an Maizena angeleit. Well Natron net graad goud ass fir Gesondheet verzichten ech léiwer do drop, mat dëser Mëschung krëss du Fleesch o zart wann o net graad su wie mam Natron.

Mirin ass een asiatischen séissen Reiswéng fir ze kooschen.

Fleesch vermëschen ech mat dëser Marinade, an mëschen dann na bëssen frësch gehackten Chilischot, geriwenen Ingwer, geriwenen Knuawléck, Salz an schwarze Peffer drënner. Su loossen ech Fleesch eng goud halef Stonn bei Raumtemperatur durich zéien.

Iwerdeems zerdeelen ech den Broccoli an mondgerecht Ruusen, ech han en 3-4 Min. am kooschenden Salzwaasser blanchéiert, aafgeschott an fir datt en Faaref behällt am Äiswaasser aafgeschreckt. Du kanns en o rii mat brooden, en brausch dann bëssen mi lang.

D’Ënnen schiälen ech, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen.

Van den Frühlingszwibbelen, zéien ech die bausegt wiällig Bläder raaf, wäschen en grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser an schnégden en an dënn Ronselen.

Am Wok erhëtzen ech bëssen neutralen Ualeg an brooden Fleesch kräftig aan. Ech maan datt an Etappen, Fleesch soll brooden an net am eegene Saaft kooschen. Datt hualen ech dann raus an stellen et op Ségt.

An deem selwischten Wok brooden ech d’Ënnen kräftig aan, bis se afänken Faaref ze kreien.

Subal déi bëssen Faaref han läschen ech se mat der Bréit aaf, an mëschen Fleesch an den Broccoli drënner. Datt vermëschen ech alles goud, an loossen et fir paar Min. am Wok op mëttel Hëtzt durichzéien, bis alles waarem ass. Schmaaschen an würzen evtl. na no.

Wann alles waarem ass, zéien ech den Wok van der Plaque an mëschen Frühlingszwibbelen drënner.

Meng Beilaag wor gar net asiatisch, ech han Gromperen zerdréckt an am waarmen Schiäffchen knusperig gebaasch.

Zutaten

  • Randfleesch
  • Sojazooss
  • Mirin
  • Maizena
  • Chilischot
  • Ingwer
  • Knuawléck
  • Salz & schwarze Peffer
  • neutralen Ualeg fir ze brooden
  • Broccoli
  • Ënnen
  • Randsbréit
  • Frühlingszwibbelen

Tipps

  1. Pass do drop op, datt Fleesch dënn geschnidden ass, fir datt et glächmässig gart.
  2. Sämtlich Zutaten, sollen bei hiier Hëtzt kuurz gebrooden jänn.
  3. Stell secher, datt’s du den Broccoli net iwergars, en soll na Biss han.

Variant

Amerikanisch: Dachs mëschen d’Amerikaner Knuawléckszoss oder Oysterzooss drënner.

Asiatisch: die asiatisch Variant ass je no Regioun ënnerscheedlich an dësen Menü jëtt dachs mi Ingwer an manner Sojazooss gekooscht.

Randfleesch mat Broccoli

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 500 g Randfleesch, an dënn Streifen geschnidden

  • 4 EL Sojazooss

  • 4 EL Mirin

  • 4 EL Maizena

  • 1 Chilischot, gehackt

  • 1 Steck Ingwer, zerriwen(+/- suvill wie Knuawléck)

  • 2 Ziiwen Knuawléck, zerriwen

  • Salz & schwarze Peffer

  • neutralen Ualeg fir ze brooden

  • 500 g Broccoli, an Ruusen zerdeelt

  • 2 Ënnen

  • 250 ml Randsbréit

  • 2-3 Frühlingszwibbelen, an dënn Ronselen geschnidden

Zoubereedung

  • Sojazooss, Mirin an Maizena mëschen, Fleesch dran leen an alles goud mateneen vermëschen.
  • Den Chilischot, Ingwer, Knuawléck, Salz an Peffer ënner Fleesch mëschen an alles eng goud halef Stonn durich zéien loossen.
  • Den Broccoli kann am kooschenden Salzwaasser 3-4 Min. blanchéiert jänn, aafschëdden an fir datt en Faaref behällt am Äiswaasser aafschrecken.
  • Am waarmen Wok bëssen neutralen Ualeg erhëtzen an d’Fleesch an Etappen brooden, et soll brooden an net am eegene Saaft kooschen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Wok, d’Ënnen brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Bréit drop schëdden, Fleesch an den Broccoli ënnermëschen. Schmaaschen an evtl. na no würzen.
  • Paar Min. alles op mëttel Hëtzt wiärmen.
  • Van der Plaque zéien an d’Frühlingszwibbelen drënner mëschen.
  • Dobäi passt Reis oder wie bei mir knusperig gebaaschen Gromperen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*