Bandiera

An mengem Artikel van Hogt beschreiwen ech dir watt Bandiera ass? Bandiera bedeit iwersatt “Fiändel” datt heescht an dësem Menü sen die italiensich Faarwen vertrodden. Bandiera kanne verschidden Rezepter sen hei ass et een Geméissragout, deen alleng als vegetarischen Menü, mat Fleesch oder mat Pasta gäss kann jänn.

Dësen einfasch an köstlichen Geméissragout besteht aus gréinem Paprika, wäiss Ënnen an rugd Tomaten, domatt sen sämtlich Faarwen vam Fiändel vertrodden.

Fir dëst Rezept ze kooschen brausch ech:

  • eent Dëppen oder eng Pann
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett

Zoubereedung

De Paprika wäschen ech grëndlich, dann entkären ech en an schnégden en an graff Stécker.

D’Ënnen schiälen ech an déi schnégden ech o an graff Würfelen.

An mengem waarmen Dëppen erhëtzen ech een goude Schotz Olivenualeg an brooden do dran den Paprika kräftig aan.

Noodem den Paprika paar Minuten aangebrooden ass, mëschen ech d’Ënnen drënner an brooden déi o kräftig aan.

No 5 Min. brooden, schëdden ech Geméissbréit drop, loossen alles kuurz opkooschen, würzen mat Salz, Peffer an Oregano. Dann driien ech Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 30 Min. schmoren.

Iwerdeems iwerbréihen ech Tomaten, schiälen se an schnégden déi an graff Stécker.

No der halwer Stonn hualen ech den Deckel raaf an schëdden Tomaten dobäi, driien Hëtzt rëm rop, an loossen den Ragout fir paar Min. kräftig kooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na no.

Ech han mir Pouletfilet dobäi gebrooden.

Zutaten

  • gréine Paprika
  • Ënnen
  • Tomaten
  • Geméissbréit
  • Salz & Peffer
  • Oregano

Tipps

  1. Hual frësch an hiiwärtig Zutaten, fir deen besten Geschmaasch.
  2. Experminetéier mat verschidden Gewürzer, fir su dein perséinlichen Geschmaasch ze fannen.

Varianten

Datt hei ass een ganz variable Menü, su fannen ech z.B. am Internet Versiounen déi am Platz vam gréine Paprika mat Spinat gekooscht jëtt, deen kënnt dann zum Schluss mat den Tomaten ënnert Ënnen.

Oder am platz van frësch Tomaten kanns du gedrëchenter hualen oder die 2 Zorten mëschen.

Bandiera

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 2 gréin Paprika, entkärt an a Stécker geschnidden

  • 4 Ënnen, graff gewürfelt

  • 4 Tomaten, geschiält an graff gewürfelt

  • Olivenualeg

  • 125 ml Geméissbréit

  • 1 TL Oregano, gedrëchent

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen den Olivenualeg erhëtzen an den Paprika während paar Min. kräftig brooden.
  • D’Ënnen ënnermëschen an déi während paar Min. kräftig mat brooden.
  • Geméissbréit drop schëdden, kuurz opkooschen loossen an mat Salz, Peffer an Oregano würzen.
  • Op niddriger Hëtzt mat Deckel ongeféier 30 Min. schmoren loossen.
  • Hëtzt rëm rop driien an Tomaten ënnermëschen, fir paar Min. kräftig kooschen loossen. Schmaaschen an evtl. nowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*