Rustikalen Poulet

An mengem Artikel van Hogt, beschreiwen ech dir wie ech rustikalen Poulet zoubereeden, eent Menü deen o als “One Pot” durichgeht. Bei dësem Menü ass et egal, obs du een ganzen zerdeelten Poulet, Pouletstrempelen oder just den Pouletfilet hëlls. Allerdings denken ech, datt dësen Menü mat Poulet mat Hogt besser jëtt.

Rustikal Rezepter han hiren Ursprong meestens an deen ländlichen Regiounen, wu einfasch Zutaten op raffinéiert Weis mateneen kombinéiert jänn, fir su eent nahrhaft an geschmaaschvollt Ässen ze kreien. Dësen rustikalen Menü spéielt die traditionell Kooschkonst, déi ségt Joerhonnerten iwerliwert jänn, an bis Hogt d’Herzer van all Feinschmecker mi hii schloen lisst.

Fir dësen Menü ze kooschen brausch ech:

  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • eent Gossendëppen oder een Bräter
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

Wanns du een ganzen Poulet hëlls, deen zerdeelen. Ech han Pouletstrempelen gehollt. Déi han ech gesalz an iwert Nait an den Frigo geleit. Wanns du net die Zéckt has, Salz dengt Fleesch an loss et eng Stonn bei Raumtemperatur durichzéien.

D’Ënnen schiälen ech, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen. Den Knauwléck schiälen ech an hacken en fein.

Zelleristangen wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser an schnégden se an kleng Würfelen.

Tomaten iwerbréien ech, schälen se an schnégden se an graff Würfelen.

Gromperen schiälen ech, wann et décker sen, halbéiren ech se an schnégden se an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm.

De Poulet jëtt gepeffert an ech driien en am Miähl.

An enger waarmer Gossenpann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden den Poulet all rondrëm aan, deen hualen ech raus an stellen en op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen op mëttel Hëtzt bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Als nächst mëschen ech den Zellerie drënner an loossen alles ongeféier 10 Min. dënsten.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Dann driien ech Hëtzt rop an schëdden Bréit drop, déi loossen ech bis op Halschent reduzéiren, schmaaschen an würzen mat Salz, Peffer an italienisch Krégdermëschung. Bréit kanns du hualen watts du wëlls, et béid sech natiirlech eng Houhnerbréit aan, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.

An dann mëschen ech Tomaten drënner an loossen Zooss opkooschen. Schmaaschen, evtl, nowürzen.

De Poulet leen ech, mat der Hogt no Uawen, op Zooss an verdeelen Gromperen rondrëm. Mat Deckel setzen ech datt Ganzt dann fir eng goud Stonn an den Schiäffchen.

No der Stonn hualen ech den Deckel raaf an lossen den Rustikalen Poulet na eng goud halef Stonn am Schiäffchen stoen. Hogt vam Poulet déi aus der Zooss kuckt jëtt dann knusperig.

Zutaten

  • ech han Pouletstrempelen gehollt fir dësen Menü ze kooschen
  • Salz
  • Peffer
  • Miähl
  • Olivenualeg
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Zelleriestangen
  • Bréit
  • Tomaten
  • italienisch Krégdermëschung
  • Gromperen
  • bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur

Tipps

  1. Du kanns na mi Geméisszorten ënnermëschen, ganz no dengem Geschmaasch.

Varianten

Fir der Zoss na mi Geschmaasch ze jänn, kanns du Geméiss mat Wéng aafläschen.

Fir deem ganzen mi een salzigen Touch ze jänn, kanns du Kaperen an Oliven ënnermëschen.

Rustikalen Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletstrempelen, iwert Nait liit gesalzen

  • Salz

  • Peffer

  • Miähl

  • bëssen Olivenualeg fir ze brooden

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 4 Stangen Zellerie, kleng gewürfelt

  • 500 ml Bréit

  • 1 TL italienisch Krégdermëschung

  • 4 deck Tomaten, geschiält an gewürfelt

  • 4 deck Gromperen, geschiält an an Scheiwen van 0,5 cm gechnidden

  • 2 EL gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Poulet pefferen an am Miähl driien.
  • An enger waarmer Gossenpann bëssen Olivenualeg erhëtzten an de Poulet rondrëm aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Den Knauwléck ennermëschen an kuurz mat brooden.
  • Den Zellerie ënnermëschen an ongeféier 10 Min. dënsten.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Hëtzt rop driien an d’Brèit drop schëdden, bis op Halschent ankooschen loossen, mat Salz, Peffer an italiensisch Krégdermëschung würzen.
  • Tomaten ënnermëschen, opkooschen loossen. Schmaaschen evtl na nowürzen.
  • De Poulet mat der Hogt no Uawen dran leen, an Gromperen rondrëm verdeelen.
  • Mat Deckel eng Stonn an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • No der Stonn den Deckel raaf hualen an na fir eng deck halef Stonn am Schiäffchen stoen loossen.
  • Mat Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*