Würzigt Putengeschnetzeltes

Putengeschnetzeltes ass eent villségtigt an köstlicht Ässen, datt sech perfekt fir die ganz Familjen eegent. Et ass einfasch zouzebreeden an eng wonnerbar Kombinatioun aus zartem Fleesch, crémiger Zoss an aromatischen Gewürzer.

An dësem Rezept han ech Putengeschnetzeltes gehollt an aus eigentlich Currygeschnetzeltes meng eegen Kreatioun zoubereed. Fir dëst Rezept ze kooschen kanns du äwer o Poulet, annert Gefligel oder Schwéngefleesch hualen.

D’Mëschung aus deene verschiddene Gewürzer jänn deem Ganzen een angenehm würzigen Aroma, zervéiert mat Gromperen, Nuddelen, Reis oder Brugs es et een Genoss fir Gruuss an Kleng!

Currygeschnetzeltes hat sein Ursprong an der indischer Këchen, wu Gewürzer wie Kurkuma, Koriander an Cumin eng wichtig Roll spillen. Am Loof van der Zéckt hat sech dësen Menü aan die lokal Këchen aangepasst. Hogt jëtt et d’Currygeschnetzeltes an vill verschidden Varianten, van mëll bis scharef, van asiatisch inspiréiert bis europäisch interpretéiert.

Ech beschreiwen dir Hogt wie ech mengt würzigt Geschnetzeltes zoubereeden, Currygeschnetzeltes kann ech et net nennen, well den Curry net alleng Hauptroll an dësem Rezept hat.

fir dëst Rezept ze kooschen brausch ech:

  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • eent Gossendëppen
  • een Mörser

Zoubereedung

Datt ischt watt ech maan, ass eng Gewürzmëschung aus gleichen Deeler Piment, Kurkma, Cumin, Peffer an mëllt Currypolwer. De Piment zerreiwen ech am Mörser. Leider kann ech den Geroosch net durich den Computer schécken, mais et as eng Mëschung déi richtig goud an angenehm rëcht. Ënnert dës Gewürzmëschung jëtt keen Salz gemëscht.

Putenfleesch schnégden ech an dënn Streifen, pass do bëssen op, fir geent Faser ze schnégden. Leen et an eng Schossel, salzen et an mëschen 1-2 TL avn menger Gewürzmëschung drënner. Dann loossen ech et eng goud halef Stonn durich zéien.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen oder Schalotten, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen.

Muurten schiälen ech, dann schnégden ech se längs an véirel an dann an dënn Scheiwen.

De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

An mengem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden Fleesch do dran aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt. Wann et vill Fleesch ass an Etappen aanbrooden, et soll brooden an net am eegen Saaft dënsten.

An deem selwischten Dëppen brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan. Fir deen besten Geschmaasch ze kreien as et am besten d’Ënnen karamleiséiren ze loossen.

Subal d’Ënnen brong sen, mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat.

Subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech d’Muurten drënner, an loossen datt Ganzt ogeféier 5 Min. op mëttel Hëtzt brooden.

Dann mëschen ech 2-3 TL van der Gewürzmëschung drënner, an brooden datt mat aan. Pass hei op, Gewüzer verbrennen ganz siier.

Datt Ganzt läschen ech mat Houhnerbréit aaf, driien Hëtzt rop an loossen Bréit bis op Halschent ankooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.

Als nächst schëdden ech den Pelati drop loossen alles opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an mëschen Fleesch rëm drënner.

Dann mëschen ech Zitrounesaaft drënner, an op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt, mat Deckel ongeféier eng halef Stonn kooschen.

No der halwer Stonn mëschen ech dann na bëssen sauer Rahm drënner. Geschnetzeltes soll dann äwer net mi kooschen.

Du kanns d’Geschnetzeltes viraam zervéiren na mat frësch gehacktem Koriander oder Péitersilich garnéiren.

Zutaten

  • Putenfleesch
  • Botterschmalz
  • Ënnen oder Schalotten
  • Knuawléck
  • Muurten
  • Houhnerbréit
  • Pelati
  • Zitrounensaaft
  • Sauerrahm
  • gehackten Koriander oder Péitersilich

Gewürzer

  • Salz
  • Piment
  • Kurkuma
  • Cumin
  • schwarze Peffer
  • mëllt Currypolwer

Tipps

  1. Pass do drop op sämtlich Zutaten goud aanzebrooden, datt jëtt deen besten Geschmaasch.
  2. Beim aanbrooden van den Gewürzmëschung oppassen datt se net aanbrennt.

Würzigt Putengeschnetzeltes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 800 g Poutenfleesch, an dënn Streifen geschnidden

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 2 Ënnen oder Schalotten, an dënn Streifen geschnidden

  • 4 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 2 mëttelgruus Muurten, kleng gewürfelt

  • 250 ml Houhnerbréit

  • 400 g Pelati ( 1 Béchs)

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 150 ml sauer Rahm

  • frësch gehackten Koriander oder Péitersilich

  • Gewürzer
  • Salz

  • 2 EL Piment

  • 2 EL Kurkuma

  • 2 EL Cumin

  • 2 EL schwarze Peffer

  • 2 EL mëllt Currypolwer

Zoubereedung

  • De Piment zerreiwen ech am Mörser, an mëschen deen mam Kurkuma, Cumin, schwarze Peffer an Currypolwer.
  • Fleesch salzen, 1-2 TL van der Gewürzmëschung ënnermëschen an eng goud halef Stonn durich zéien loossen.
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, an brooden Fleesch goud aan, datt hualen ech raus an loossen stellen et op Ségt.
  • An deem selwischten Dëppen op mëttel Hëtzt d’Ënnen aanbrooden an karmeliséiren loossen.
  • Subal déi brong sen, den Knuawléck drënner mëschen an kuurz mat brooden. Dann Muurten ënnermëschen an fir 5 Min. brooden.
  • Dann 2-3 TL van der Gewüzrmëschung drënner mëschen an mat aanbrooden.
  • Hëtzt rop driien an mat der Bréit aafläschen an déi bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Den Pelati drop schëdden, opkooschen loossen, schmaaschen an evtl nowürzen.
  • Hëtzt raaf driien an d’Fleesh drënner mëschen. Zitrounensaaft ënnermëschen an mat Deckel ongeféier 30 Min. kooschen loossen.
  • Zum Schluss Sauerrahm ënnermëschen, dann äwer net mi kooschen loossen.
  • Mat gehacktem Péitersilich oder Koriander bestreien an zervéiren

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*