Pasta con funghi e salvia

Pasta con funghi e salvia, een Menü, datt die einfasch an die reich italienisch Këchen weist, et ass eng Hommage aan die ländlich Traditiounen van Italien. Kombinatioun aus erdigen Kooschelen, aromatischem Salbei, gepaart mat der zarter Textur van der Pasta, mëcht aus dësem Menü een zécktlosen Klassiker. Fir na eng zousätzlich Textur an wégderen Aroma han ech na bëssen Chouxfleurs ënnergemëscht.

Historisch gesehen spéielt dësen Menü die saisonal Zutaten, déi an den Bëscher an op den Felder ze fannen sen, an et weist die italienisch Fähigkeet, mat winigen Zutaten deen maximalen Geschmaasch ze kreien.

fir dësen Menü ze kooschen brausch ech:

  • eent Dëppen
  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • eng Pann
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

Kooschelen han ech gebotzt, halbéiert an dann an dënn Scheiwen geschnidden.

D’Schalotten an den Knualéck han ech geschiällt an fein gehackt.

De Chouxfleurs han ech an kleng Ruusen zerdeelt an am kooschenden Salzwaasser ongefier 3-4 Min. blanchéiert. Deen han ech dann graff gehackt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden op mëttel Hëtzt d’Schalotten bis se aafänken Faaref ze kreien.

Dann mëschen ech den Knuawkléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Kooschelen dobäi an brooden alles bis et gar ass.

Iwerdeems setzen ech eent Dëppen goud gesalzent Waasser op an loossen datt opkooschen. Dann schëdden ech Nuddelen ant Waasser an kooschen se no Packaaweisung al dente.

Subal Kooschelen mëll sen an d’Waasser wat auszéiht all verkooscht ass, schëdden ech bëssen Zitrounensaaft dobäi an loossen deen ganz ankooschen.

Als nächst mëschen ech den Chouxfleurs drënner an brooden deen mat, datt Ganzt würzen ech mat Salz, Peffer an gedrëchtentem Salbei.

Schëdden dann den Schmand drop, loossen datt Ganzt kuurz opkooschen an driien Hëtzt dann raaf. Schmaaschen an würzen evtl. no.

Vam Nuddelwaasser hualen ech eng Tass Waasser raus.

Subal Nuddelen al dente sen schëdden ech se aaf an mëschen se ënnert Zooss. Sollt Zooss ze déckflëssig sen, schëdden ech bëssen vam Nuddelwaasser drop. Wanns du frëschen Salbei has, deen hei mat drënner mëschen.

Plaque driien ech aus, an mëschen dann den Parmesan drënner, Pann su lang schwenken oder goud dran réiren bis den Parmesan ganz geschmolz ass. Op Telleren verdeelen an direkt zervéiren.

Fir d’Au han ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Zutaten

  • Pasta (Machheroni, Penne, Fussili…)
  • Olivenualeg
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Kooschelen
  • Zitrounensaaft
  • Chouxfleurs
  • Schmand
  • frësch gerriwene Parmesan

Gewürzer

  • Salz
  • Peffer
  • Salbei

Tipps

  1. Wanns du frëschen Salbei hëlls, deen richt zum Schluss ënnermëschen, frëschen Salbei verléiert siier vill Aroma.
  2. Experminetéiert mat verschidden Zorten Kooschelen, wie z.B. Steinpilze oder eng Mëschung aus Bëschkooschelen.

Pasta con funghi e salvia

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 400 g Pasta

  • Olivenaleg

  • 1 Schalott, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck

  • 250 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 250 g Chouxfleurs, blanchéiert an graff gehackt

  • 250 ml Rahm

  • 150 g frësch gerriwene Parmesan

  • Gewürzer
  • Salz

  • Peffer

  • 5-6 Frësch Salbeibläder, an dënn Streifen geschnidden oder

  • 2 TL gedrëchenten Salbei

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenuale erhëtzen an op mëttel Hëtzt d’Schalott anbrooden bis se afänkt Faref ze kreien, dann den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Als nächst Kooschelen ënnermëschen an su lang brooden bis se gar sen.
  • Mam Zitrounensaaft aafläschen.
  • Iwerdeems eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opsetzen, opkooschen loossen an d’Nuddelen no Packaaweisung al dent kooschen.
  • Subal Zitrounensaaft ganz angekooscht ass, de Chouxfleurs ënnermëschen, kuurz mat brooden
  • Mat Salz, Peffer an deem gedrëchenten Salbei würzen.
  • Rahm drop schëdden, opkooschen loossen, Hëtzt raaf driien. Schmaaschen an würzen.
  • Eng Tass Nuddelwaasser aus dem Dëppen hualen, wann Nuddelen al dent sen, afschëdden an ënnert Zooss mëschen. Wanns du frëschen Salbei has, deen hei mat ënnermëschen.
  • Sollt Zooss ze déckflëssig sen, bëssen vam Nuddelwaasser dobäi schëdden an opkooschen loossen.
  • Pann van der Plaque zéien an den Parmesan ënnermëschen, Pann kräftig schwenken oder goud dran réiren, bis den Parmesan komplett geschmolz ass.
  • Op Telleren verdeelen an direkt zervéiren.
  • Fir d’Au han ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*